Kommentar vum Fotograf:
E Bläuling op enger Blumm an der Wiss: E Klassiker!
Ech wollt awer hei d'Bild e bësse méi perséinlech interprétéieren. Dofir hunn ech d'Bild mat zwou verschiddene Faarftemperaturen entwéckelt an mat Masken am PS annenee gesat. De Päiperlek selwer ass nach liicht betount. Méi ass net geschitt. D'Faarwe sinn also nëmmen Originalfaarftéin. De Cadrage ass net gecropt an näischt ass retouchéiert.
Lo froen ech mech op dat eng valabel Iddi war oder op et dach zevill ass.