Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Château Balleroy

 
Château Balleroy
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.08.2016
  • Gekuckt:
    24233
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    210 sek
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    10mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1869x1000
  • Späicherplaz:
    879 KB
  • Originaldatum:
    2016.07.07
  • Fotoapparat:
    Nikon D7000
  • Programm:
  • Objektiv:
    Nikon 10-24mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86799]
Kommentar vum Fotograf:
e wierk vum Architekt François Mansart. Erbaut an der Normandie vun 1631 bis 1637. De Pressemagnat Malcolm Forbes huet et 1970 kaf an restauréiert. Am lenken deel huet hien een klengen Ballon-Museum ageriicht.

https://de.wikipedia.org/wiki/Schloss_Balleroy

Foto ass eng Infrarout Langzäitbeliichtung.
Maimonides 14.08.2016 - 23:21
Gefällt mir, Conley,
wéinst dengem Kommentar.
Awer och wéinst denger Foto !
closed_eye
Conley 15.08.2016 - 19:57
Ech weess jo dass du gären Informatiounen iwwert den Architekt an't Geschicht well's liesen! An dat ass och gutt esou! Foto un sech, freet mech dass se dir och nach gefält! closed_eye
gtaddei1 14.08.2016 - 23:25
Gudd gin! Perseinlech meenung!
Conley 15.08.2016 - 19:58
Merci gesot!
jorsch 15.08.2016 - 08:48
Infrarout a Laangszäitbeliichtung, dat war eng Erausfuederung. An d'Bild ass der ganz gutt gelongen!
De Gaart an d'Niewegebaier leeden de Bléck op dat zentralt Gabai, esou wéi den Architekt dat geplangt hat. D'Wolleken ënnersträichen dee Mouvement.
Den Infrarouteffekt gëtt dem Bild eppes Magesches, e verfriemt d'Realitéit natierlech och zimlech staark. Doduerch datt de Gréngkanal net méi existéiert ass d'Vegetatioun wäiss, wéi veräist. Dat muss ee gären hunn oder net, ech doe mech do e bësse schwéier. smile
Conley 15.08.2016 - 21:02
Merci fir deng detailléiert Analys vum Bild, hunn mech gefreet déi ze liesen jorsch!
Et ass bea méisech vill méi schwéier e gudde S.W. aus enger rouder Foto ze maachen. Hot Pixelen sinn och nach duerch den IR-Filter bei Laangszäitbeliichtung extrem am Bild.
De Chlorophyll am Gréngs reflektéiert Infraroutliicht, an de Filter mécht dat béi Sonneliicht fir eis An eréischt siichtbar. E verfriemt zwar d'Realitéit. Gett eis awer Méiglechkeet eppes Real-existéerendes ze gesinn. Dass een sech e bëssen schwéier deet mat der IR-Fotografie, verstinn ech schonn an respektéieren dat och gären! smile
jorsch 15.08.2016 - 21:56
Merci fir deng weider Informatiounen zu dëserTechnik, ass jo net sou einfach!
Metalbambi 15.08.2016 - 11:24
Ech weess net wéi den Site opgebaut ass, mee wann en et erlaabt hätt ech d'Foto mat méi enger laanger Brennwäit gemaach. Den Ausschnëtt an d'Linnienféierung ass super, mee den Rapport vun dem Haaptgebai an den Niewengebaier ass menger Meenung no ze kleng. Alternativ kanns de nach mat Perspective Stacking d'Haaptgebai méi an den Fokus bréngen.
Conley 15.08.2016 - 22:12
Stativ stoung bal wiedert der Entre. http://www.chateau-balleroy.fr/ Méi eng laang Brennwäit war leider net méiglech. Du hues mech awer virwelzeg gemaach mat dengem Tipp Perspectivechen Stacking. Focus Stacking ass mir e Begrëff. Perspectiv Stacking kennen ech leider net. Tatta Google fënnt och nicks Brauchbares. unhappyHunn mech iwwert deng Konstruktiv Kritik gefreet!
PS.An géing mech och iwwert e Link freeën wat Perspectiv Stacking bedeit. Ass et villäicht eng Bea. di een mam Cs6 kann maachen?
Metalbambi 22.08.2016 - 14:27
https://fstoppers.com/education/landscape-photography-design-part-2-advanced-composition-135108

Gucks du ënner Perspective. Hunn et eierlech gesoot och nach net probéiert, mee direkt un drun geduecht wéi ech däin Bild gesinn hunn.
Conley 22.08.2016 - 19:51
Ech verstinn leider keen Englesch. Géing mol denken dass. Gebai ausschneiden am Tiff an et dann als Smartobjekt dran setzen an op eng Passend gréisst Skaléieren. Ass mol meng Interpretatioun vun dem wat ech do gesinn.

Villmools Merci fir deng Méi!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 295 Gäscht online