Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Metamorphose vun de Farwen

 
Metamorphose vun de Farwen
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (09.08.2016). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.08.2016
  • Gekuckt:
    17704
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1702x1000
  • Späicherplaz:
    739 KB
  • Originaldatum:
    2016:05:20 19:51:11
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 6D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    16-35mm f4 IS
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86738]
Kommentar vum Fotograf:
Loues a loues get et donkel bis keng Farwen sin mei do.
D'Nuecht hellt se all mat, als eischt dei vum Himmel, dei blo.
Eric_1989 05.08.2016 - 15:26
Mega
Raypics 05.08.2016 - 19:07
Merciclosed_eye
Conley 06.08.2016 - 23:14
Ech well Foto net schlecht reiden, se gefält mir och iergendwéi! Faarwen (zwar net Natierlech gefalen) de Schäerftenverlaf an't Perspektiv sinn och ganz schéin. Liichter sinn just liicht ausgebrannt an ënnert de Beem an an den Hecken ass schwaarz ofgesot.
Mega. WF an net mol e Fav. ?
Raypics 07.08.2016 - 09:40
Hun se lo mol nach eng keier bearbescht mee wees net ob ech se lo "verschlimmbessert" hun. Jo d'Faarwen sin net natierlech an daat sollen se och guer net...merci Lightroomclosed_eye Mat de Beem an Hecken fannen ech net weider dramatesch well et eben just e klengen Deel ausmecht a fier mech net relevant as...mat de Lichter ok do gin ech der Recht. Secher as se vun deem Standpunkt aus net perfekt an awer gefällt se mer. Mee merci fier dein Kommentar...hei get awer och ganz genau gekuckt!closed_eye
Conley 08.08.2016 - 22:19
Se gefält mir och iergendwéi! Faarwen (zwar net Natierlech gefalen) De Schäerftenverlaf an't Perspektiv sinn och ganz schéin. Also do gefält mir jo awer schonn ganz vill! Leider ass deng al Versioun net méi ze gesinn fir Foto ze vergläichen.
Liichter sinn just liicht ausgebrannt. Ass och net schlëmm. Iwwert dem Histogramm am LR di zwee Dräiecker un klicken. An dann gesäis de wat ze hell oder ze donkel ass. Du schreifs bei de Liichter gëss de mir Recht dann einfach de Liichterregeler e bëssen no lénks zéien. Esou gesäit et aus wéi wann's de mam Pinsel hantéiert häss. Jo "verschlimmbessert"
Dat Schwaart Passt fir mech besser bei e SW. Ass dann awer och erëm mäin Perséinlechen Goût.
Raypics 09.08.2016 - 00:33
Ech hun keen Problem mat Kritik...dofier sin ech hei um Site. An ech freen mech emmer wann een seng Meenung seet. Jo ech haat effektiv mam Pinsel hanteiertclosed_eye...hun dein Tip befollegt an se nach eng keier ropgelueden. Alt erem eppes beigeleiert. Merci
Pit 07.08.2016 - 14:53
Mir gefällt se. Wat soll een dann am weissen nach erkennen ? Do ass souwisou absolut naischt an dat schwarzt, nun je, do ass et eben daischter. Géing gären een kennen léieren, deen an der Sonn mat sengen Aan nach eppes gesait an bei starken Kontraster am Schied nach eppes erkennen kann. Bei desem Bild stéieren weder déi hell Punkten, nach den schwarzen Schied ennert den Beem.
Raypics 08.08.2016 - 16:14
Merci Pitclosed_eye
Conley 08.08.2016 - 22:55
Do steet Liichter sinn just liicht ausgebrannt. An net dass Strukturen fehlen. Dofir steet Sonn nach ze héich. Sonn ass ëmmer gläich hell. Mir gesinn se awer net ëmmer an der selwechter Intensitéit. D'Atmosphär Filter Liicht. Wann de Wénkel méi déif ass, ass Atmosphär jo och vill méi dicht. An dann konnt een an der Zäit e souguer dräi Sonnenflecken mam Aen gesinn. An et steet jo och net do dass Foto mir iwwerhaapt net gefält.
Pit 09.08.2016 - 00:08
Dat hun ech jo ech net behapt, dat se der net gefällt. Ech hun se am PS opgemach an dun schwarz opgehellt (Mat Camera RAW). Do ass nach ganz vill Zeechnung dran, kaum komplett schwarz Platzen, och am weissen sinn just Ränner komplett weiss. Sou Biller sin souwisou emmer AdG. Sou en Bild 'natirlech' gelooss, an et ass wahrscheinlech komplett langweilech.
Conley 09.08.2016 - 21:03
Wann nach vill Zeechnung am Schwaarzen dran ass, dann ass jo alles an der Rei. Ech hun Bild nëmmen esou beuertelen, wéi ech et hei gesinn. An jo, Foto wier sécher ouni Faarwen langweileg!
PS.
Faarwen(zwar net Natierlech gefalen awer) hat hei awer vergiess ze schreiwen. unhappy
Gophoto 27.08.2016 - 11:07
Cool angle !
Raypics 12.09.2016 - 23:31
Merciclosed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 497 Gäscht online