Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Der Mond ist aufgegangen

 
Der Mond ist aufgegangen
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (22.07.2016). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.07.2016
  • Gekuckt:
    30799
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    393 KB
  • Originaldatum:
    2016:07:19 21:33:02
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86666]
Kommentar vum Fotograf:
Déi Liichtquell am Hannergrond ass de Vollmound vu gëschter Owend.
Et war awer nach hell genuch fir eng korrekt Beliichtung vum Schachbriet-Päiperlek am Virdergrond.
ornitho 20.07.2016 - 14:32
Se ass wiekleg flott mat denen doucen Tein, mee gief se perseinlech besser am Carré gesin... riets ass zevill iwreg woumader ech net vill mei am Bild unfänken, kann mesch awa och total irren smile
jorsch 20.07.2016 - 17:08
Merci fir däi Kommentar an deng Iwwerleeungen zum Cadrage. Ech hunn se elo am Carré probéiert. Mee da fällt deen däischteren Deel riets ewech an dee fannen ech als Géigegewiicht zum Päiperlek net onwichteg, och wann do soss näischt lass ass. Mee ... ka mech awer och total ieren! smile
Maimonides 20.07.2016 - 20:52
Eng aaner Méiglichkeet wär éventuell eng Präsentation am Portraits-modus gewiescht, jorsch, éventuell.
jorsch 21.07.2016 - 08:51
Merci fir däi Virschlag.
Ech kréie mech net décidéiert eppes ewechzeschneiden. smile
Maimonides 21.07.2016 - 21:14
Du mechs genau esou wéi's du wëlls ! (Ech hat jo och meng Remark am Konditionnell geschriwen.)
mischii 21.07.2016 - 22:25
Fir mech perséinlech passt se esou,
ganz schéin
jorsch 22.07.2016 - 19:19
Merci mischi, et freet mech wa se dir esou gefält!
Conley 21.07.2016 - 22:56
Bild wierkt op mech mat de Faarwen bei dem Liicht ganz natierlech, an gefält mir ganz gutt! De Cadrage steiert mech perséinlech net.
Kéint mir dat Bild och nach ganz gutt gespigelt virstellen, et hätt fir't Aa eng méi ästhetesch Wierkung. Wat awer fir de Fotograf den Foto gemaach huet an se och esou Beaarbecht huet, schwéier no se vollzéien ass. Foto ass dann praktesch op der Interner Mënschlecher Festplack. An dann Quasi net méi ze läichen. (meng eegen Erfarung)Op en dat däerf (fir en authentescht Bild ze weisen) oder soll maachen ass op PG fir mech net onbedéngt wichteg, well mir keng reng Natur Säit sinn!
jorsch 22.07.2016 - 19:29
Merci Conley. Si frou wann se dir esou gefält!

Dat mat dem Spigelen ass richteg, et huet een den Original am Kapp an dee léist sech ganz schwéier ëmdréinen. Wann ech zweifelen froen ech een am Haus dee keng Ahnung vum Originalbild huet em seng Meenung. Déi ass dann normalerweis eendaiteg.
Muss dat lo mol direkt hei ausprobéieren.

P.S.: Verdikt vu menger Fra: Ëmdréinen! Ass lo geschitt. smile
Conley 23.07.2016 - 14:49
An't Liicht huet, Dank denger Fra elo och nach eng besser Presence! smile
jorsch 24.07.2016 - 07:20
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 427 Gäscht online