Also nee gell. Se ass obschaarf, du hues bestemmt matt AF geschoss an deen huet daat naasst Glas erwëscht. An dann nach d'Philharmonie am Hannergrond, déi schonn 1000 mol fotograféiert ginn ass. /dommt Gesabbels
Am Eescht: Deng Foto ass schlichtweg e Konschtwierk. Misteriös, spontan an ästhetesch extrem uspriechend. 1
Merci fir däi flotte Kommentar an däi Fav.!
Heiansdo gelengt engem jo och eng schéi Foto aus purem Zoufall, awer hei hat ech dach d'Iddi am Kapp a war frou wéi se och gelongen ass. Datt déi mystériéis Fra och nach eng rout Blumm am Grapp hat war dann awer just Chance.
Merci fir däi léiwe Kommentar an däi Fav.!
Am Fong maachen ech gäre Fotoen am Reen, fannen d'Stëmmung da méi flott wéi an der décker Sonn. Et gëtt e just naass!
Freeë mech vill iwwert däi Kommentar an däi Fav.!
D'Foto ass vum leschte Samsteg, net vun 2015, ech muss d'Joreszuel bei de Kameraastellungen änneren. Dofir och net beim Concours derbäi.
Esou eppes vu gutt Georges!
Du weess, datt 'street' mer läit, a wann d'Elementer matspillen an de Fotograf déi richtég Astellung huet, da kann et nëmmen gutt gin.
Ech wees datt s du dech vill mat Street beschäftegst an dofir freeën ech mech besonnesch iwwert deng positiv Appréciatioun vum Bild an däi Fav.! Merci!