Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fraen déi liesen ...

 
Fraen déi liesen ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.05.2016
  • Gekuckt:
    18065
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    1300x931
  • Späicherplaz:
    862 KB
  • Originaldatum:
    2016:05:15 15:15:23
  • Fotoapparat:
    X-T1
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86314]
Kommentar vum Fotograf:
... solle geféierlech sinn.

thx Bianca
Conley 22.05.2016 - 01:47
Sorry suraki, ech fannen deng Foto Respektlos! Besonnesch duerch den Titel. Eng Fra liest kenn Buch duerch hir Vagina. Wat och nach duerch Scharmhoer am Dräieck däitlech ze gesinn ass. Ech Respektéieren dech an deng Fotoen schonn eng gewëssen Zäit! Ass Foto elo Provokativ oder och net? Esou misst een se eigentlech läichen!
suraki 22.05.2016 - 09:16
... ups Zweemol, sorry
pixelman 22.05.2016 - 16:04
Loos dech net vun e puer selwer ernannten Moralisten ennerkréien Ed an weiss eis deng Biller weider.

Fotokonscht hällt jo net graad bei Libellen an Villecher, déi mer ganz gären all Joer ze schätze wessen, op !
gtaddei1 22.05.2016 - 18:46
Jidderen soll seng meenung soen!!! De Conley waar extrem manneierlech!!!
suraki 22.05.2016 - 09:20
Wat et fir mech interessant mëscht Conley, ass dass Du dech op enger Photosäit, an der Haaptsaach vun engem Titel gestéiert fills an doduerch och nach Saachen, déi einfach net do sinn, siche gees.

Et kann en an Alles eppes, esouguer Hoer wou keng sinn (ech kann der et ënnerschreiwen wëll ech och Nue gemach hunn), eraninterpretéiere goen. Wann mat dem Bild hei deng Fantasie eng Grëtz ze vill ugerecht ginn ass, ech selwer gesinn wann iwwerhaapt eppes, e Slip !, ... dann entschëllegen ech mech awer an aller Form dofir.


Hätts du, oder wier elo en aneren do gewiescht dee mer eng PN, dat d'Bild ze provokativ oder unstéissech fir deejéinege wier, gemaach hätt, (ech selwer empfannen et net esou) dann hätt ech des Photo ouni ze diskutéieren direkt geläscht. Leider, nodeems de mech un de Pranger gestallt hues, muss ech mech elo jo "rechtfertegen" an iwwerloossen et eisem Administrator an den aneren Useren driwwer ze uerteelen ob et heihinner gehéiert oder net.

Sollten sech elo awer nach aner Persounen vun dem Bild hei gesteiert oder ugestouss fillen, wär ech frou wann et géif gesot ginn ... esou dat ech et hei op der Säit läschen kann.

Fir oder iwwert de Léit hier Fantasien déi se a Photoen, Biller iwwerhaapt an d'Konscht interpretéieren ginn ... sinn ech awer Gottseidank net zoustänneg a verantwortlech closed_eye

edit: Nodréiglech hunn ech elo, ier en Hoer an der Zopp fonnt gëtt, a well um Bild vill gemoolt ginn ass, d'Kategorie op "Digital Art" geännet.
Raypics 22.05.2016 - 09:43
Loos se drop!closed_eye
suraki 22.05.2016 - 10:48
Merci Ray smile
Conley 22.05.2016 - 18:38
Un de Pranger gestallt fannen ech e bëssen iwwerdriwwen. An dat war och bestëmmt net meng Absicht. Wann's de dat esou gesäis, entschëllegen ech mech dann hei gären!
suraki 22.05.2016 - 20:49
Natierlech sinn ech e bëssen erstaunt oder méi erféiert, iwwert déi Kommentar. Wann riets geet vun respektlos, iwwert liesen duerch eng Vag... bis läschen, muss en erwaarden dat eng Reaktioun vum Auteur dorobber kennt.
Entschëllegen, dat brauchs de net, , an rosen sinn ech och net driwwer , mäer Zwee sinn schliisslech erwuesse Léit ... och wa mer zwee anerer Meenung sinn hu mer eis net verstoppt an se gesot.
MsJarryman 22.05.2016 - 10:16
Och mat ganz vill Fantasie, kann ech näischt ustéisseches oder respektloses un dëser Foto fannen. Respektlos géigeniwwer weem soll se sin, deen de se kuckt, oder d'Madame um Bild closed_eye
suraki 22.05.2016 - 11:00
Et freet mech dësen Kommentar ze liesen, zemools en vun enger Fra geschriwwen gouf, ... déi ënner anerem ganz bestëmmt kee Blat virun de Mond géif huelen, a kengem eppes brauch schéinzeschreiwen. Merci dofir smile
Jacques 22.05.2016 - 11:04
Perséinlech gesin ech neischt Provokantes oder eppes Respektloses an deser Foto!
suraki 22.05.2016 - 11:27
Wat ech gutt kéint verstoen wat hei een als Provokant empfonnt kéint ginn, ass de Stil vu verschiddene vu menge Biller, dat zerkniwwelt, gemooltend an gekritzelt ass jo net jiddereen senges ... an dat ass och gutt esou.
Merci Jaques smile
Zora 22.05.2016 - 15:13
emmer nach daat selwescht Gedeessems hei closed_eye, ech fannen se super mat oder ouni Schamhoer closed_eye
pixelman 22.05.2016 - 16:11
hehe, et gin der déi fannen iwwerall en Hoer zweschen de Been bigsmile bigsmile
Zora 22.05.2016 - 18:10
closed_eye
gtaddei1 22.05.2016 - 18:45
Och wann keng mei do sin
Zora 22.05.2016 - 20:04
waat? Been smile
suraki 22.05.2016 - 20:51
Der All kuckt meng Photoe méi genau ewéi ech selwer bigsmile bigsmile
MsJarryman 22.05.2016 - 23:09
bigsmile
gtaddei1 22.05.2016 - 18:44
Ed... esou eppes ass schon langs hai net mei geschitt!!! Du hues der e puer aus enger kultureller letargie erwäscht... ech wees dass du net dee bass deen fraefeindlech oder misogen oder och fallokrat ass... Du bass den Ed deen fotoe mecht! De rescht ass pur langweil
smile
suraki 22.05.2016 - 20:34
Merci fir deng Wieder Gennaro,
et war jo net gemënzt dat den Conley, ech respektéieren seng flott Biller an Fotografie, an ech sollen unenaner geroden.

Meng Fotografie déi "sous garantie" 90 Prozent vun de Léit hei net gefält, dat ass mer bewosst , ass nun eben eng aner. Ech sinn aus dem Alter eraus oder besser ech sinn am Alter dran wou ech just dat ka maachen a weisen wat mer selwer gefëllt. Ech brauch mech net méi virun enger Jury ze verbéien, nach muss ech Biller maachen déi anere Leit gefalen. Geséit awer een aneren sech elo hei dran erëm a gefalen meng Saachen, ass dat em sou besser.

De Conley huet mär seng Approche zu dësem Bild matgedeelt, an ech hunn mech verteidegt andeems ech him meng Meenung driwwer geschriwwe hunn, net méi a net Manner. Bis elo huet jo och nach keen aneren sech vum Bild ugegraff gefillt , a respektlos huet och nach keen et fonnt. ... wat ech och net ugeholl hat.
Conley 23.05.2016 - 00:52
Merci gtaadei1 de Komentar war schonn respektvoll gemengt! Et huet villäicht un der Formuléierung gehappert!
Och Merci suraki dass de Meng Biller respektéiers, genau esou ewéi ech deng respektéieren!
Ech gesinn deng Biller net esou dass 90 Prozent vun de Leit se net gutt fannen! Just dass et schwéier ass se fir vill Leit ze verstoen (wat BEA ubelaangt) an dann och ze Kommentéieren. Et ass jo nach net mol esou dass Bild mir net gefält! An bei mengen Titel doen ech mech och oft schwéier. La femme sur le Sofa. Oder esou ähnlech. Wier eng Idee! Déi mir besser géing gefalen, an wou ech dann sécher net däin Bild esou Kommentéierten hätt! Den Titel soll een fir mech eigentlech fir't d'éischt liesen an dann sech mat deem Gedanken op Foto Konzentréieren an sech domadder ausenanersetz. Ass dat elo falsch? Ech Mengen net! Kleng Kanner sinn mir net méi, an Streiden wäerten mir sécherlech net!
L.G.
Roger
Pit 22.05.2016 - 22:11
Foto ass gudd, net provokativ, an dat dommt hei ass just engem sain Kommentar.
suraki 23.05.2016 - 09:19
thx Pit,
ech si frou dat elo keen aneren hei empfonnt huet dat d'Bild provokativ oder fir ze läsche wär. A nach méi frou sinn ech driwwer dat keng Fra sech hei ugegraff gefillt huet. En decke Merci dofir un iech @ll .

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 288 Gäscht online