Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lions of Namibia

 
All Fotoen an dëser Serie:
44881 Thumbnail
44882 Thumbnail
44883 Thumbnail
44885 Thumbnail
44886 Thumbnail
Lions of Namibia
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.04.2016
  • Gekuckt:
    18618
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
    mars 2016
  • Fotoapparat:
    Canon 1DX
  • Objektiv:
    Canon 600mm
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:
Fräihand mat 840mm aus enger Jeep eraus.

Fir anzesetzen: [pg_img=86063]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Serie vun Léiwen aus Namibia

di eischt 3 sinn Mueres fréih bei Sonnenopgang gemat ginn,
an di 2 lescht bei Sonnenënnergang

(2 verschidden Deeg, 2 verschidde Plaazen)
Jacques 22.04.2016 - 14:33
Flott,mee bei all dengen Biller géif eng Tonwertkorrektur Wonner wierken. (Luminanz an Kontrast)
Abacab 22.04.2016 - 14:42
Merci Jacques,

Hunn dat och schonns probéiert, mee dann krisste erem di ellen Tounwaertofress, op déi'ste allergesch bass closed_eye

oder wees du eng besser Methode?
Jacques 22.04.2016 - 14:54
smile Kuck net no mär op wat ech allergesch sinclosed_eye
Hun mol mat enger Foto probéiert an gesin mol keng Ofress. Wann Ofress dran kommen kanns du et versichen den Hannergrond e bessen ze entrauschen an dann eng liicht Körnung dran machen. (Klappt net emmer mee meechtens)
Ech hun eng Korektur gemeet an den Tounwerter an den Blostach erausgehol:
http://www.bilder-upload.eu/show.php?file=88ee3c-1461330816.jpg
Abacab 22.04.2016 - 15:31
Villmools merci Jacques fir deng Beméihungen!

Dach ech kucke no daer, well Du bass deen Eenzechen de mer bis elo eng konstruktiv Kritik gemat huet smile

Hunn se elo an dengem Sënn geännert, d.h.
1) Tounwaertkorrektur
2) Gradatiounskurven liicht ugehuewen
3) Faarftounkorrektur de Blowaert erofgesot

Mer gefält se op alle Fall elo besser.
Wat denks du?

Ech änneren di aner och nach an deem Sënn em.


Jacques 22.04.2016 - 15:41
Jep, fannen se vill besser! Elo sin schéin Kontraster dran an d'Faarwen kommen besser eraussmile
Fotoen mat esou engem Hannergrond kriss de selten Ofress, déi enstoen éichter bei enger uniformer Faarw mat Hellechkeetsennerscheeder.
Abacab 22.04.2016 - 15:48
Yes! merci nach emol smile
ornitho 22.04.2016 - 21:48
Ma dann heuste io lo mol eppes dobei geleiert closed_eye
pixelman 22.04.2016 - 15:31
jo do ass nach vill Potential an dem Bild an ohni ze iwwerdreiwen:

Tonwertkorrektur, Weisspunkt sichen, Gradatiounswert eropp setzen, da kënnt och méi Kontrast an den Metteltéin !
sooss ass et aawer eng superSerie !
Abacab 22.04.2016 - 15:51
Merci villmools pixelman!
Wollt se am Ufank esou natiirlech wéi méiglech loosen, mee effektiv, et fehlt hei de Peffer an d'Salz smile

sinn am gaangen di aner och nach an deem Sënn emzeänneren smile

mischii 22.04.2016 - 23:01
De Jacques huet recht, mee Du kriss daat schon hinn,
op allefall flott Biller, Dir haat jo Chance och weiblech Déieren ze gesinn,
bei eis waren déi ëmmer fort op d'Juegd fir hier Männer z'ernähren smile
Abacab 26.04.2016 - 21:20
Merci mischii, jo dat war schonn Chance smile
mee si waren relativ wäit ewech, do waren op mannst 840 mm noutwendeg, deelweis esouguer 1200mm. an dat ouni Stativ ze manövréieren...
Scyv76 03.05.2016 - 16:14
Waat mir hei gudd gefällt ass dass Namibia och emool vun senger "grénger" Seit gewisen get - daat ass jo just kuez am Joer an ech hun et bis ewell och nach nie esou erliewt. Flott Faarwtupfer mat den gielen Bléien op den Fotoen 2 an 3.
Abacab 04.05.2016 - 15:05
Merci Yves,
di naechsten Kéier ginn ech eng aner Zäit, da waert ech di greng Säit dann vermëssen smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 453 Gäscht online