Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

façade plissée

 
façade plissée
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.04.2016
  • Gekuckt:
    23951
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.7 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    564 KB
  • Originaldatum:
    2016:04:05 14:01:49
  • Fotoapparat:
    DSC-R1
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86049]
Kommentar vum Fotograf:
Déi nei Unis-Bibliothéik zu Freiburg ( Architekt Heinrich Degelo ).
Dat resolut modernt Gebai steet am schaarfe Kontrast zu dem klassesch-traditionnellen Entourage.
Leider hat ech net geplangt den Dag Fotoen ze maachen an hat just meng al Kamera derbäi.
Zora 19.04.2016 - 17:26
du wees jo dass et net un der Kamera léit, fir gut Fotoen ze man closed_eye, ech fannen se immens closed_eye
jorsch 19.04.2016 - 21:04
Merci Zora, freet mech och immens!
smile
Pit 19.04.2016 - 18:07
Bild wär mat enger neier Kamera net besser smile
Top Perspektiv, an gudd am SW.
jorsch 19.04.2016 - 21:06
Merci Pit.
Ech hätt gär eng Laangzäitbeliichtung do probéiert. D'Plaz an d'Wieder waren optimal, dofir hunn ech mäi schwéiert Material vermësst .... mee d'Gebai leeft jo net fort!
mischii 19.04.2016 - 19:58
Du hues dee richtege Bléck, do spillt d'Kamera keng grouss Roll
jorsch 19.04.2016 - 21:08
Merci mischii fir däi léiwe Kommentar!
Konnt leider keng LZ-Pose probéieren, dat wier och interessant gewiescht.
Maimonides 19.04.2016 - 21:31
Top Foto, jorsch.

Tonnen Grotéin
an där massiver Eleganz
an d'Wolliken
machen d'Gebai mi heemlich.
jorsch 21.04.2016 - 14:51
Merci Maimonides, fir de Kommentar an de Fav., freet mech wa se dir gefält.
MsJarryman 19.04.2016 - 22:01
Du wees deng al Kamera nach ëmmer ze schätzen, soss géif se doheem leie bleiwen, ass jo och eng gutt Lëns. Deng Foto, MEGA.
jorsch 21.04.2016 - 14:54
Merci MsJarryman.
Dobäi ass déi Kamera och eréischt 10 Joer al. Wann ech bedenken, datt mäi Papp eng Kamera fir d'Liewen hat!
Abacab 20.04.2016 - 14:52
Di verschidden Grotéin déi gefalen, awer net nëmmen d'Grotéin smile
jorsch 21.04.2016 - 14:54
Villmools Merci Abacab!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 427 Gäscht online