Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Een Owend Aurora

 
All Fotoen an dëser Serie:
44765 Thumbnail
44766 Thumbnail
44767 Thumbnail
Een Owend Aurora
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.03.2016
  • Gekuckt:
    22447
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Mark III
  • Objektiv:
    Canon 16-35 f/2.8
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=85888]
Kommentar vum Fotograf:
Dës Fotoe sinn all op engem Owend gemaach.
Sutebe 30.03.2016 - 09:11
Fierwaat 20 sek an net 25 -30 - fier den iso mei deif ze haalen wei 1600 do dierft jo nach keng erdrotatioun ze gesin sin oder? .Weider froh: Deizweet Photo vun Iso 800 rauscht och extreem fier eng 5dmk3 .. Huers de se nach um Computer obgehaelt?

Sos fleit beim naechsten versuch 2 beliechtungen: eng fier den Himmel an eng fier Landschaft .. manner rauschen an den deichteren bereicher oder just Luchten obhaelen an schwarz an schiert deif haalen ..


Vun den Photoen ass dei 3 wierklech flott.
Johny 30.03.2016 - 09:24
Ech hunn mam ISO / Beliichtung e bësse musse probéieren - et war jo och meng éischte Kéier datt ech der iwwerhaapt fotograféiert hunn smile Ech wollt probéieren d'Beliichtung heiansdo méi kuerz ze maache fir méi Detailer aus der Aurora eraus ze huelen, also dass se net sou vill verwëscht. Bei souvill WW spillt d'Erdrotatioun awer och bei 30s effektiv nach keng grouss Roll, dat gesäit een jo och op genuch aner Fotoen déi ech nach gemaach hat.

An jo ech hunn do zimlech vill am LR gepusht well se relativ däischter war. Wéi gesot, um "Terrain" hunn ech vill rëmprobéiert fir herno einegermoosse gutt Resultater ze kréien.

Ech muss och leider zouginn dass ech esou begeeschtert war vum Naturschauspill datt ech dertëscht e bësse "vergiess" hu wéi ee gutt Fotoemécht respektiv oft ass den Opbau kack asw, an dofir sinn ech och fir d'Vrecken net op d'Iddi komm 2 Beliichtungen ze maache fir de Virgrond. Kléngt blöd mee ass leider sou smile
Sutebe 30.03.2016 - 15:57
Merci fier erklärung.. mengen gif me mat de begeschterung net anescht goen smile.

Jo mat de Rotatioun denken ech me daat och dofier d'froh mee du huers me et jo erklaert mat den detailer an de Aurora. Jo am lLr mat nuertsobnahmen huert een schnell iwersteiert...

ornitho 30.03.2016 - 09:26
Isorauschen beim 5D mk III ass bei dem Iso an Kombinatioun mat deier Belichtungszait normal, an wannste do licht Hellegkeet nach e bessen eropzits heuste keen Spillraum mei...Mee dat ass bei allen Kameraen esou... Dofir bei Langzeitbelichtungen schaffen ech Emmer mat ISO 100, an och do wannste iwert eng Zait X belichchst oder peur mol hannertdeneen dann Rauscht de Sensor schon an de Low-Isoanstellungen...
Sutebe 30.03.2016 - 16:04
Bei de 5D MKIII ass et awer och just esou schlem wann een et nach am Lightroom erop zitt.. Orginal beliechtung ass net sou schlemm dofier haat ech heen jo gefroht smile

Zitat: Mee dat ass bei allen Kameraen esou

Bei verschidenen awer schons en guden strap manner wann een A7 RII kuckt mat enger dynamescher range vun 14 Fstop .. kloer bei sou enger langer beliechtung sin dei 14 net mei drann mee hun videon gesin wou se 3-4 Stuffen erop zeihen ouni Rauschen .. Zb. BENJAMIN JAWORSKYJ
ornitho 30.03.2016 - 16:24
Jo de Lightroom ass och net meng 1 Wahl, mee dat heut och nach X anner Grënn..., mee och 1 Grond ass dat mat da Belichtung...

Jo Du heus Recht, wolt virdrun net an Thematik hei zevill eran goen mat Kameraen, dofir hat Ech dat esou Formuleiert....

Die Enzeg Kamera dei dat bei Canon wieklech gud kann, d.h, mei ewei 3.5 Blenden Belichtung erop zeihen ouni dass Banding an zousätzläsch Luminanz/Farwrauschen entsteht ass bis Dato just den 5Ds an 5Dsr bei Canon, keng anner Kamera kann dat soss bei Canon....Bei Nikon ass den D750 / D810 /D4s genau esou gud doranner, an kloer dei Lecht Sonysensoren dei och Excellent sin, dei dofir awa vill anner Schwachpunkten hun dei mech dann awa leiwer giefen Nikon oder Canon wiehlen lossen...
Dat mat da DR ass nach eng ganz anner Diskoussioun, dei meecht Ecran kennen mol net de ganzen Dynamikemfang uweisen...froen mech dovunhir wisou Leit dei ganz Diskoussiounen feieren...Emplus ass den Max. Dynamikemfang just an den klengen Isostufen enthaalen, ab iso xxx heuste schon net mei de ganzen DR... vun dohier asset net esou wichteg... An siehe Da obemol sin verschieden Canonsensoren besser eewei verschieden nei Sonysensoren an DR am heigen Iso.. smile
Sutebe 30.03.2016 - 16:29
Gin de Absolut recht an sachen Sony mat den schwachpunkten .. Ok Schleissen me et heimat dann oof an setzen dann och 1DX MKII nach mat ob dl'echt bei deenen vun Canon closed_eye Ass souwiesou en Thema ouni enn smile
ornitho 30.03.2016 - 16:54
1Dx Mkii do kann Ech Dir geschwenn mei soen, obse esou gud ass am Sensor ewei den 5dsr mat de Lichter eropzeihen ass nach the Big Question smile
Den D5 vun Nikon ass io nom DR am Low Iso mei schlecht gin anscheinend esou wat en liest an heiert bigsmile
ornitho 30.03.2016 - 09:27
Mir gefällt des Serie hei immens gud ! Die 3t ass mein Favorit !
KufferMichel 30.03.2016 - 11:00
Ech fannen dei zweet super schein wou een och nach bessen Landschaft geseit an een klengen Kontrast zum Himmel huet! Super smile
gtaddei1 30.03.2016 - 11:12
Ganz flott arbescht... D'Natur ass genereiss un flotte sachen!
Infinity-Photo 31.03.2016 - 14:40
Super Fotoen! Firun allem di 3t kucken ech mir gaeren un bigsmile
JCS 31.03.2016 - 15:09
Flott Fotoen, dei mer dud gefallen. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 333 Gäscht online