Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aurora Split

 
Aurora Split
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (12.02.2016). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.02.2016
  • Gekuckt:
    17981
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    20 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1000
  • Späicherplaz:
    781 KB
  • Originaldatum:
    2016:02:09 03:42:21
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon 16-35 f/2.8
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Stativ, gutt Gezei, eng nuit blanche, vill Nerven.

Fir anzesetzen: [pg_img=85552]
Kommentar vum Fotograf:
Déi éischt Foto vun Nordliichter déi ech erop lueden :)
Metalbambi 12.02.2016 - 18:49
seriously? SERIOUSLY???!!!!!

Déi Reflexioun um Strand ass genial.
Johny 12.02.2016 - 19:43
Thx smile Hun do och wierklech probéiert mech op Reflexiounen ze fokusséieren, ass just relativ schwéier mat 30s Beliichtung.
Sutebe 12.02.2016 - 19:22
Flot.. Och mei ob de Photo gesin wei an real?
Johny 12.02.2016 - 19:44
Jo natierlech, d'Aa kann net 30s beliichten smile Och déi gréng Faarf kënnt iwwerhaapt réischt richteg eraus wa se bis eng gewësse Stäerkt erreecht hunn.
Sutebe 12.02.2016 - 20:55
jo haat en ganzen reportage gesin iwert photoen an waat een wierklech geseit ... Ass schon en krassen ennerscheed ...
Infinity-Photo 12.02.2016 - 21:39
Nee en krassen Ennerscheed ass et net. Kloer kann d'Kamera méi luucht anfenken wei d'Aaen. Mee wann d'Polarliicht Aktivitéit staark ass(waad se eben net emmer ass...), dann gesait een enorm vill mam bloussen Aaen. Greng an Rosa erkennt een ganz gudd, ech wees nach wéi ech di éischten kéier d'Aurora gesinn hun, ech war iwwerwältegt dass een souvill kann gesinn an iwwerhaapt wéi Schnell se sech beweegt bigsmile
By the way: Schéin Foto, firun allem mat da Spiggelung um Strand!
Sutebe 12.02.2016 - 22:23
Also an de reportage wuar et en krassen ennersched ... Fleit net emmer mee eben am bereisch foto schon öfters .. Et wuar haapsechlech em dei nordlichter vum lechten joer an nordamerika "USA" gaangen dei een mam bloussen aan praktesch net erkannt huert awer 1000 enden vun leit se photographeiert hun
Johny 12.02.2016 - 23:52
Den Ënnerscheed ass och staark - bei deser op der Foto zB huet een déi greng Faarf nëmme wierklech gutt an der Mëtt erkannt, wou se am stäerksten ass. Also jo, wa se staark ginn gesäit een et gutt, mee dat ass oft eben guer net de Fall. A fir se ze entdecke scho guer net well dann ass d'Luucht nach ganz schwaach. Ech kä gär muer eng Versioun heivunner maache wéi se a Wierklechkeet ausgesinn huet smile mee dann nach gesi verschidde Leit déi gring Faarf éischter wéi anerer, déi dräi déi mat mer do waren hunn zB allen 3 relativ spéit réischt iwwerhaapt gring gesinn.
Infinity-Photo 13.02.2016 - 01:14
Jo mee daat ganzt huet eben mat bessen Chance ze dinn. Ech hun och Fotoen vun Nordliichter gemaad, di ech mam bloussen Aaen baal guer net erkannt hun oder nemmen ganz schwéier, an daat op da Foto awer ganz aanescht ausgesait, daat gin ech och zou dass daat ganz ganz ganz oft firkennt. (well di "schéin" Nordliichter seelen laang dauern) An eben dann och Fotoen vun Nordlliichter wou ech nemmen nach Sprachlos wuar. Den Beweis och, meng éischt Nuescht do uewen, all di Leit di ronderem mir stoungen, (ouni fotoapparat) hun all geblärt wi abemool d'Nordliicht aktiv gin ass an richteg ugefaangen huet mat Danzen.

Et kann een 10 deeg laang Pech hun, Nordliichter ze gesinn, di mam bloussen Aaen nemmen ze erahnen sinn oder schwéier ze erkennen sinn, awer op den Fotoen dann mega geil ausgesinn wins da Laangzeitbelichtung.
Mee ze soen dass se nemmen sou Schéin sinn wéins da Fotografie, daat ass Falsch. An genau daat ass den Probleem, well dann jidfereen deen eben nemmen Nordliichter haat déi ze erahnen sinn erzielt dass een se baal guer net gesait an daat meescht nemmen vum Foto Apparat kennt. An daat hellt den Leit dann verständlecherweis d'Loscht fort. :/
An bei gudder Aktivitéit gin dann och 1-5 sekonnen Beliichtung vollkommen duer, och domad d'Struktur erhaalen bleift an net verwescht gett wann se sech schnell beweegt.

Daat soll lo net béis ukommen, au contraire, ech well just domad matdeelen, dass daat onvergiesslech Nueschten kenne gin, wann een chance huet. An dass daat eben net nemmen vum Fotoapparat/ Laangzeitbeliichtung / bearbeschtung kennt, wéi vill erzielt gett..


https://www.youtube.com/watch?v=w18EkKRMBzA
Hei dann nach en Realtime video, wéi daat an Wiaklechkeet ausgesait, also mam BLOUSSEN AAEN: (daat war een vun den staerksten Nordliichter an da letzter Zait, dofir gett se och munchmool Waiss., Waiss gesait een baal nie, eben just bei sou staarken Sonnen eruptiounen.) Mee och bei normal-staarker Aktivitéit beweegen d'Nordliichter sech sou schnell wi an deem Video. An statt sou donkel lila, dann méi an deem Hell Rosaen toun.
Voila, ech hoffen dass ech puer Leit kunnt iwwerzeegen, dass Nordliichter net nemmen mam Fotoapparat ze gesinn sin, mee dass et se wiaklech fir eis Aaen gin smile

Merci fir d liesen smile An sorry falls ech engem ze no un d'Schlapp soll getrieden hun, daat war dann net absicht! smile
Sutebe 13.02.2016 - 07:55
Ok also zesummengefaast wuar mein eichten Post net Aussagekräfteg genuch zu de realiteit. Et ass me awer duerchaus Bewost dass se ennerscheedlech Staerkten hun an och gut mam bloussen aan sichtbaar kennnen sin ..Also et kann een sech duerschaus drop eenegen dass leit dei Photoen machen mei oft Schein Nordlichter gesin " duersch d'Kamera" wei d'leit dei se reng mam bloussen aan kucken smile ..

Och net direkt zur diskussioun an awer den Video vun engem profi Paraglider deen an resp. Ennert den Nordlichter ronderem flitt : http://youtu.be/BleafJeh5L0
PS: Freet mech awer dass mool erem Diskuteiert get smile
Johny 13.02.2016 - 11:13
Hehe, wéis de sees, gutt dass mol rem diskutéiert gëtt closed_eye

Infinity-Photo: Ech denke mer hunn eis vläicht bësse falsch verstan um Ufank, well ech wollt op kee Fall soen dass ee mam Aen sou wéineg gesäit dass et net derwärt ass se ze kucken smile op kee Fall. an op d'Schlapp triede mëss de heimat sécher och net, ech sinn happy wann endlech Leit sech mol rëm bëssen Zäit huele fir ze diskutéieren.

Wa se ufänken, da si se nach ganz schwaach fir gewéinlech, sou schwaach dass ee mam bloussen Aa se vläicht sujust gring erkennt. Wann een dann d'Chance huet a se gi méi staark erkennt een et besser an dann kann een och ufänken d'Beweegungen ze gesinn. Mer haten der och fotograféiert déi sou schwaach waren dass ee keng Formen kont ausmaachen dran an och keng Beweegung, mee dann awer och der wéi déi heiten wou een d'Beweegunge ganz kloer gesinn huet - A méi spéit an der Nuecht si se nach vill méi staark ginn, déi Fotoe kommen nach no closed_eye

Eppes wat s de awer nach vergiess hues ass dass, wéi staark ee se gesäit eben och un der Plaz läit! 2015 war op St patricks day jo eng ganz staark, eng déi ënner anerem och hei zu Lëtzebuerg konnt fotograféiert ginn. Do kann een awer vergiessen fir vill Beweegung oder sou ze erkennen, wann een dat gären hätt an och eng gutt Chance der iwwerhaapt ze gesinn, muss ee scho wäit nördlech goen.

Et ass definitiv derwärt fir sech unzekucken wuer ee kéint higoen wann een der wëll gesinn! Mir sinn eben fir e puer Deeg op d'Lofoten an Norweegen geflunn well dat verhältnisméisseg belleg war. Flug ënner 250€ vu Bréissel aus, Auto eng 150€ op de Kapp, an Haus hate mer gelount fir nëmmen 25€ op de Kapp pro Nuecht.

PS: Ech war ëmmer faszinéiert vun Aurora-fotoen wou een d'Mëllechstrooss och drop erkannt huet. Elo hunn ech esou Fotoen, an zwar nach eng drop gesat: d'ISS hunn ech nämlech och konnte mat afänken :P Och déi Foto kënnt dann nach no.
rosch2014 13.02.2016 - 11:08
Herrlech. Dat muss jo immens sin esou eppes direkt ze erliewen.
Johny 13.02.2016 - 11:22
Ass et smile
ornitho 17.02.2016 - 22:44
Flott mat da Spiglung um Eis !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 406 Gäscht online