An desem Bild ass e flott Konzept duergestallt.
Ech haett des Foto aneschters duergestallt ... well ech net du sin...! Mé ech kucken awer elo deng Foto... an net meng ... dofir ass mäin Gefill wichtesch ze verstoen waat mir des Foto oder Bild suggereiert ... an esou ze soen susciteiert ... An do ass de Maimonides vill besser ewei ech ... Biller an Wieder ze vewandelen ouni d'Bild vun deem aneren ze denatureiren...
jo, och wann en Konzept ze erkennen ass, ass et awer fier mech en "long year" Suergenkand, en Lieblings- an en Haassbild. Schon e puer mol probeiert an nie zefridden. Dofier wollt ech et mol hei Ierch Spezialisten weisen fier eventuel een oder den aaneren Rot ze kreien.
Probéier mol d'Foto uewen ze schneiden, sou dat deen een Stréch vum lénken Eck ob d'Schrauw geet. An déi 2 Dräiecken fort Sinn. Ech fannen déi irritéieren nëmmen. Ob alle Fall eng interessant Foto.
merci fier den Äntwert 2crazy, wann ech dei 2 Ecken uewen ewech schneiden ass dei riets Seit ganz schwarz, dann feehlt et mer un Deift an deem Ganzen...