Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Des Plaatzen gin et ..

Des Plaatzen gin et ..
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.11.2015
  • Gekuckt:
    48789
  • Favoriten:
    7 (Wen?)
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    360 sec
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    16mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x1024
  • Späicherplaz:
    771 KB
  • Originaldatum:
    07/2015
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MK3
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    16-35
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=85087]
Kommentar vum Fotograf:
Trollen trellen do...
icylady 27.11.2015 - 08:55
mystesch genuch fir Trollen ass et do smile
schéin wéi de Blëck erangezunn gët,
mir ass den S/W ze daischter, mee daat ass well ech keen Frenn sinn vun S/W, deng Opnahm brëngt schons daat Mystescht gudd riwer , daat gesinn ech wuel smile
gtaddei1 28.11.2015 - 01:12
Am Farweschen ass et ganz aneschters... hun se och am Kromateschen ... me sie seet mir neischt ... Daat Mystescht ass an dem Land Intrinsesch... an d'freet mech , opschons du net en SW Frenn bass, dass de stoen bliwen bass ... an dass du e bessi daat erausspuert hues waat ech wollt weisen ... daat freet mech besonnesch
gemu 27.11.2015 - 09:24
Déi Perspektive vun ganz ënnen no owen get dem ganzen eng immens flott dramatsch Stëmmung, d'Naturgewalt imposéiert Respekt, Versicht, esou guer Angscht virun deem waat alles vun do uewen kann erfokommen. Excellent Arbecht.
gtaddei1 28.11.2015 - 01:09
D'Kraft ass do... mee och traszendenz e bessi
gemu 30.11.2015 - 09:27
Gratulatioun fir d'WF
Sutebe 27.11.2015 - 13:52
Herlech Landschafts obnaam an enger super SW Teinung .. och den Grain passt herlech .. Groussen Kino
gtaddei1 28.11.2015 - 01:09
Merci villmols ...
Miau 27.11.2015 - 19:57
wann ech do kee fav drop setzen, setzen ech nie méi een
gtaddei1 28.11.2015 - 01:08
Daat ass fir mech eng Eier ...
BlackLizzard 27.11.2015 - 21:17
Super flott am SW
gtaddei1 28.11.2015 - 01:08
merci ... fir den superflotten SW...
Maimonides 27.11.2015 - 21:25
Gennaro,
ech war da mol
dem Ansel Adams
seng Fotoë kucken.

Keng eng vun deenen
weist fléissend Waasser
wi Mellich,
well Waasser dat fléisst

anischt ausgeseit.
(D'Watt am Himmel
passt awer, well se
net esou séier fléisst.)

Ech weess och
dass do 360 Sekonnen
eng ganz grouss
Roll spillen.

A wéinst desen delikaten
Antipathien entwéckelt deng Foto
subtil an onerwart sympathisch
Empathien.

PANTA RHEI.
Dat engt mi séier,
an dat aanert
mi lues.

closed_eye
gtaddei1 28.11.2015 - 01:07
Charel, ewei emmer deng Kommentaren gin all Bild dei du beschreiwst en valeur ajoutée...
All Wuert deen du sees ass net banal... iwerlued mat mol haiando sous-entendu'en dei mech iwertreffen... awer dei mech unspornen eng minirecherche ze maachen an gelichzäitesch mech Kulturel ze stärken, oder ze verfeineren... ewei de Miau seet ... d'Diskussioun , oder Kommunikatioun ass wertvoll...
Dem Ansel oder och hai an do den Selgado...awewr ouini irgendwei en Parallelismus ze zeien... Jo den Ansel waar besuercht seng 8 Tein dran ze kreien, an daat alles an progressiv werter vum Groen...
Den Selgado dreckt seng Dramatesch SW an esou enger magistralescher Art an Weis ... dass keng vun sengen Fotoen am Kapp hun... just nemmen daat waat dei Biller an mech evokeiret hun ... also beanflosst hun...
Jo d'Antipathie leit am faite dass mir net gewinnt sin d'Zäit , 4 dimensiounen an 2 ze reduzeiren... an d'Zait muss goen , muss bewegung duerstellen... hai sin 360 sek an engem Bild enthaalen... distributioun vun der Luucht , Wolleken vun der 1schter bis zur laeschter Sekonn... an esou och d'Waasser... an do an dem Fleissen get et eppes waat Immuabel ass... de Steen.. an d'essenz... Gesäiste net dass d'Empathie dech au delà vum Bild brengt... an deems se dech dran hällt...
... kai oden meini egal wei schnell... esouguer daat waat sech net beweegt... smile
Maimonides 28.11.2015 - 16:49
"dass mir net gewinnt sin d'Zäit,
4 Dimensionen an 2 ze reduzéieren" .

Souwisou denke mir ze kuerz, Gennaro.

Deng Foto fléisst
wéi en Diwi:
zart an heemelich.
Tëschent de Sténg.
gtaddei1 29.11.2015 - 10:52
smile
jorsch 28.11.2015 - 09:25
E Bild wou d'natierlech Elementer mat enger enormer Stäerkt optrieden an d'mënschlech Mauer wéi eng Bagatelle wierkt ( wat se jo och ass! ). Den dominante Steen mat senge primitive Strukture vir gefält mer besonnesch gutt. Eventuell bemierken ech ronderem de Steen e klengen Halo, mee dat ass fotografesch Ierbessenzielerei an deet der Stëmmung am Bild keen Ofbroch.
Gefält mir exzellent.
gtaddei1 28.11.2015 - 10:37
Och e super Komment ... an daat sin Wieder dei mei ewei eng Kritik ass... Des Wieder gin , net nemmen menger Foto, me all KonschtArt, op Populär oder och net, hieren effektiven Wert. Sech iwert eng Foto freen, oder och net ... bei enger Vase oder eng Peinture stoen bleiwen dei d'Nopesch faconneiert huet ass creativiteit en sech respekteiren (och wann et net gefaellt an daat och soen an justifizeiren) ... D'Konscht ass en Deel vun der Freiheet ... an se deet geint dei pathologesch Gewalt kaempfen dei mir de Moement mussen erliewen (vun allen Säiten)... Gleichgülteschkeet, iwerflächlechkeet, oneirlechkeet, hypokrisie, egozentrismus an egoismus... habgiereschkeet, fanatismus, ass eng resultante bei denen Menschen dei komplett de Kontakt mat dem "schéinen" verluer hun...
gtaddei1 28.11.2015 - 10:38
Ah jo... den Halo... ech mengen deen ass entstaanen well do mei Luucht ass duerch d'accelerazioun vum Waasser ... an daat mengen ech well en net reegelmeissesch verdeelt ass...
jorsch 30.11.2015 - 15:41
Gratulatioun fir d'WF, dat war verdéngt!
A Merci och fir deng philosofesch Iwwerleeungen an dengem Kommentar.
D'Angscht, déi d'Gewalt an de Fanatismus ervirrifft, kann ee bekämpfe mat der Sich no Schéinheet, z. Bsp an der Konscht. Da kann d'Fotografie och Kraft ginn.
Zora 29.11.2015 - 16:52
schéin!!!
gtaddei1 30.11.2015 - 00:22
merci pierette smile
Zora 30.11.2015 - 00:59
GENNARO, weini léierste mol mein Numm richteg schreiwen, PIERRETTE tongue
gtaddei1 30.11.2015 - 07:52
Et klengt besser mat engem Rrrr
Zora 30.11.2015 - 10:50
Hoffnungsloser Fall.......
gtaddei1 30.11.2015 - 00:24
Ech wollt Merci soen fir den Interess dass des Foto Susciteiert huet
Jeanny 30.11.2015 - 05:59
herrlech schéin fotograféiert a verschafft Gennaro, Gratulatioun fir verdéngte Wochefoto.
gtaddei1 30.11.2015 - 07:52
Be wees net op et deen Honneur do verdengt huet...
Nicon07 30.11.2015 - 08:30
Déi Carte de tendre hei vir op dem Steen, dat Andreaskräiz vu Steng mat Hëllef vum Wasser an de Steen geschriwwen, dat as wéi ee Message vun den Illuminati dell' acqua, déi wéi ee Schwarm Spanneseeler dat Fléissend transzendéieren.

Nee, Farf wier hei falsch am Spill. Et gët Motiver, déi sin einfach grafesch vun Natur aus, do ka just Graphit hëllefen, fier dat dem Aa vum Betruechter ze vermëttelen. D'Grostufen hei droen alleguerten d'Farfinformatiounen a séch, mais si blenden se aus, fir datt just d'Textur betout gëtt, well dat ass d'Sprooch vun der Mystik.

A wann ee laang kuckt, da gesäit een d'Gesiicht vum Satyr, deen dem Wasser nokuckt, wéi et lénks aus dem Bild fléisst. Faszinant, well et géint eis gewinnt Liesrichtung geet, an deemno eis Zukunft an der Vergaangenheet ze sichen an ze fannen ass.
gtaddei1 30.11.2015 - 17:38
Ech soen dir villmols merci dass de mir mein Bild esouguer aneschters entdecken dees!
Zora 30.11.2015 - 11:16
Erem eng fir and Sammlung, GRATULATIOUN!!!
gtaddei1 30.11.2015 - 17:38
Jo ech wees .. ech schummen mech e bessi!
Zora 30.11.2015 - 18:58
Firwaat, wanns de net wells dass se and Wochenofstemmung kennt, do get et esou een Knätonguepchen.....free dech dach, se get jo net vir näischt gewielt, gut ass gut, basta
gtaddei1 01.12.2015 - 21:22
Ah jo... wosst net dass et geif gin esou en Knaeppchen anti Schummen get...
Zora 01.12.2015 - 21:35
Lol, wär heinsdo awer gud wann esou een do wärclosed_eye
Sutebe 30.11.2015 - 11:29
Wuar och meng Waal smile Gratulatioun smile
gtaddei1 30.11.2015 - 17:39
Ech soen dir MErci ... ech probeieren awer den Ego ze hypertrofiseieren
suraki 14.10.2016 - 23:12
Dat doten ass Musek fir d'Aen smile
gtaddei1 16.10.2016 - 23:48
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 410 Gäscht online