Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Äis um Strand

 
Äis um Strand
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.09.2015
  • Gekuckt:
    22501
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x818
  • Späicherplaz:
    966 KB
  • Originaldatum:
    2015:08:09 13:33:31
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=84331]
Kommentar vum Fotograf:
Nach eng Foto vum Strand beim Jökulsárlón.
Dës Kéier mol keng Laangzäitbeliichtung.
mischii 09.09.2015 - 00:16
Ass daat elo e CK oder eng richteg Faarwopnaaam?
Iergendwéi kënnt mir d¨Ais do e bessi ze greng eriwwer
jorsch 09.09.2015 - 08:17
Merci mischii fir deng Bemierkungen.
Dat ass keen Colourkey! Dat Gréngt an der Well ass original, just liicht obgehellt. Den Himmel an de Strand waren esou gro. Wann d'Äisstéck liicht gréng schimmert, dann ass et de Reflet vun der Well.
mischii 09.09.2015 - 13:25
ok,impressionant,
ech hunn déi plaatz ëmmer bei straalend bloem Himmel erlieft,
do gesäit een, dass schlecht Wieder och seng Viirdeeler huet
jorsch 10.09.2015 - 11:03
Leider war ech nëmme kuerz do, an d'Wieder war wéi et war.
Am léifste wier ech 2 Deeg do bleiwen! smile
2crazy 09.09.2015 - 11:55
Schéin Liichtstëmmung !
jorsch 10.09.2015 - 11:04
Merci 2crazy.
Et war zwar net vill Liicht do, awer hei ans do gëtt dat awer eng flott Stëmmung.
jorsch 15.09.2015 - 20:56
Merci och fir de Fav.!
gemu 09.09.2015 - 23:04
Ganz surréalistesch, wéi vum Himmel gefall, (aus enger aanerer Welt wéinst den Faarwënnerscheed) excellent a wéi gewinnt vun dir, aussergewéinlech.
jorsch 10.09.2015 - 11:06
Merci gemu, fir dee postive Kommentar an de Fav.!
D'Äisstécker um Strand wierke wierklech wéi vum Himmel gefall.
Conley 13.09.2015 - 23:56
Een Bild wat mech Beandrockt, an gläichzäiteg stellen ech mir Froen! d'Eis schwieft iwwert dem Buedem duerch de Schied, eigentlech ass et awer keen. Mee just eng dreschen Platz ënnert dem Eis. Wat et duerch den fiichten Sand ronderëm et esou wierken léist. Einfach schonn een bëssen Surrealistesch (Sot de gemu zwar schonn) an mat der Déift (oder och an 3D) di duerch Wellen dat Stéck Eis do wëllen zeréck eroberet nach verstäerkt. Fir erëm een Gläichgewiicht hir ze stellen! Faarflech mat der Bea och nach ganz schéin gewisen!
jorsch 14.09.2015 - 17:55
Merci Conley, fir däi laange Kommentar an däi Fav.!
Kristallkloer Äisstécker um schwaarze Strand ass scho surrealistesch. Ech wees och net op et dat soss entzwousch op der Welt gëtt.
Ech hunn hei just d'Well an d'Äisstéck liicht opgehellt, soos ass näischt mam Bild geschitt.
D'Realitéit kann heiansdo irreal sinn. smile
galileo 14.09.2015 - 20:10
Super !
an ouni richteg Upaak waat d'Gréisstenuerdnung huet d'Bild effektiv eng surreal Wierkung
jorsch 15.09.2015 - 20:47
Merci galileo!
Et ass eng Plaz déist du och op d'Ress-Agenda schreiwe muss!
Maimonides 14.09.2015 - 21:11
Comme une huître de cristal
devant une vague émeraude.
jorsch 15.09.2015 - 20:54
Merci Maimonides, fir dee schéine Kommentar an och de Fav.!
Deng Wieder ergänzen ganz treffend d'Bild, an dat mecht mer Freed.

Jean-Marie 09.10.2015 - 16:15
immens
jorsch 11.10.2015 - 09:05
Merci Jean-Marie!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 423 Gäscht online