Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

La Bunker

 
La Bunker
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (02.09.2015). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.08.2015
  • Gekuckt:
    30900
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    240 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    853x1280
  • Späicherplaz:
    901 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    BULB
  • Objektiv:
    EF 17-40 F/4L USM
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:
Grofilteren ...

Fir anzesetzen: [pg_img=84212]
Kommentar vum Fotograf:
En Bunker .... huet keng 1000 Joer gehaalen
Pit 30.08.2015 - 12:32
Dat sougenannten 'Reich' och net smile
Schéin an Bild gesat, flotten Laangzaiteffet. Den Cadrage an Faarwen gefalen mer och.
ZerberuZ 30.08.2015 - 22:27
Trotz dass den Bunker vun der clipp getrollt ass , huet wahrscheinlech mei laang gehaalen wei daat "Reich" , zum Gléck.
Merci dier och.
icylady 30.08.2015 - 12:58
hues de gudd an Szene gesaat,
eng uspriechend Opnahm smile
ZerberuZ 30.08.2015 - 22:26
Villmols merci Joffer smile
OK-Photography 30.08.2015 - 13:02
top beliichtung & faarwen smile
ZerberuZ 30.08.2015 - 22:26
Villmols merci , och fier den fav closed_eye
BigVood 30.08.2015 - 13:17
Surrealistesch..kéint aus engem SF Film sinn. Cool Ëmsetzung!
ZerberuZ 30.08.2015 - 22:26
surreal op allefall, science fiction leider net , mais ganz real .
ornitho 30.08.2015 - 20:04
Ah do ass menges, gefällt mir ausserordentlech gud !!!
ZerberuZ 30.08.2015 - 22:25
Villmols merci , och fier den fav closed_eye freet mech wann et der gefaellt.
Conley 30.08.2015 - 22:21
Waasser leeft mir zwar schonn an meng lenks Schlapp eran! Foto un sech wierk op mech e besënn Surrealistesch, awer grad dat gefält mir hei besonnesch gutt!
ZerberuZ 30.08.2015 - 22:25
Villmols merci , Et ass definitif surreal daat dengen ze gesin , esou grouss wei en Haus waat vun enger clipp gefall ass an sech esou an den buedem gebuet huet .
Conley 30.08.2015 - 22:35
Ech konnt mir et schonn zimlech grouss virstellen awer esou grouss dann awer net! Merci fir d'Erklärung! Géing Foto awer nach ausriichten!
ZerberuZ 31.08.2015 - 10:21
Merci , war me ropgefall nodeems ech se erop gelueden hun , ass schon ausgeriicht smile
Sutebe 01.09.2015 - 09:39
Top obnam den Haer smile .. gefaelt me wierklech ganz gut. An wuar daat moies owes oder matsen am dach ? dei 240 Sek. smile Flot teinung vum Blo zu Weis an dan vum Aqua zu Weis .. get et keen link zu engem Bild mat persoun dobei ? Muss och net vun dier sin smile einfach fiert greisst

An daat ass elo keng kritik just en vierschlach oder idee oder weis de et nennen wells dei zwee ecken uerwen fahlen ganz zum schlus extrem an donkelt daat keint een fleit behierwen .. ass awer just esou eng domeet dei ech no langem kucken empfannen an keen muss
ZerberuZ 02.09.2015 - 10:38
Ah , den Haer , villmols merci un ierch den Haer smile
Also fier d'greisst , Du , och matt denger gréisst keins duerch den spalt teschend dem quadrateschen steen , an dem Bunker eran treppelen ouhni dech ze bécken. Daat doen war em d'mettesstonn. d'sonn stung riets vun deem ganzen , zum gléck hannert enger Wollek.
Dei ecken dei an donkelt faalen , den Haer, nennt een Vignette , mais du kenns jo deen ausdrock bigsmile
Duerch den Ansaatz vun 2 Filteren dei jo dann och iwerstin , entsteet esoueppes , hun se natierlech nach erfier gehuewen , fier den sujet an der mett nach mei ze betounen closed_eye mier gefaellt et esou .
Sutebe 02.09.2015 - 21:09
Vignette seet me eppes smile ass och gut an benotzen se och selwer gaer smile wuar just um ecran elo um handy empfannen ech et net sou ... Wuar wierklech just dei allerlecht spetzen am eck wou ech gemengt haat awer gamz am eck eck eck smiledofier soht ech net vignette... vignette ass un sech top .. Haat och en puer sou gebunkers gekuckt wou am mier leit an do sin schein grous denger dobei
2crazy 01.09.2015 - 18:51
Déi Foto huet eppes magesches. Ganz surrealistesch ! Top ! Kannt et sinn dat se e bësschen no lenks hänkt ?
ZerberuZ 02.09.2015 - 10:39
Villmols merci.
An jo hun se elo mol ersaat dass se och hei riicht ass.
2crazy 02.09.2015 - 10:46
Lo hängt se ganz e bësschen no riets wann ech mëch nët täuschen closed_eye

Gefällt mir trotzdem Top.
gtaddei1 06.09.2015 - 10:34
flott Bildopbau, fott detailer, Flott Luucht , an flott Liicht ... also Flott an gudd...
Surreal... tjo geif ech och soen

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 423 Gäscht online