Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Cité Judiciare

 
All Fotoen an dëser Serie:
43898 Thumbnail
43899 Thumbnail
43901 Thumbnail
43908 Thumbnail
43909 Thumbnail
Cité Judiciare
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.08.2015
  • Gekuckt:
    23132
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    38
  • Originaldatum:
    07.08.2015
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Objektiv:
    Canon 24-105mm f4/L
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=83933]
Kommentar vum Fotograf:
Hei e pur Biller vun der Cité Judiciaire. Biller sin DRI'en, jeweils aus 3 Biller zesummengesat.
Paul-H 08.08.2015 - 17:07
Super Faarwen mee irgendwéi gin ech hei net mat Dengem Cadrage eens....
Pit 08.08.2015 - 17:17
Jo Farwen sin do duerch déi Belichtung schons an 'natura' flott. Wou ges de dann net eens ? Bei en all oder wou ..?
Bei der 1ter wollt ech den Wee laanscht Gebai am 'Naischt' verlafen loossen
Bei der 2ter d'Vasen am Wenkel
Bei der 3ter hunn ech vill missten drun 'béien' well ech nemmen stierzend Linnen hat
Bei der 4ter wollt ech den Haf 'grouss' weisen
Paul-H 08.08.2015 - 18:30
Ech hätt mech vleit sollen direkt besser erklären. Ausser bei der éischter feelen mir Linen déi aus engem Eck vun der Foto raus- oder an den Eck ran laafen. Daat wollt ech am Fong soen.
Bei Architektur versichen ech sou gudd et geet dorobber opzepassen. Meeschtens mecht daat d'Fotoen méi "stemmeg".

Oder ech versichen sou vill wéi méiglech Symetrie dran ze brengen waat hei och net de Fall ass.
Pit 08.08.2015 - 18:47
A OK, dorobber hun ech lo wirklech net gekukt...hun mech dohin gestalt, wou ech grad Platz hat an hun dun fotograféiert. Merci fir Kritik, passen nächst Kéier dan mol besser dorobber op.
gunman 08.08.2015 - 18:34
Gefalen mir och super. Onheemlech stemmeg, an wéi schons gesoot top Faarwen. Em wivill Auer hues Du déi gemaach ?
Pit 08.08.2015 - 18:45
Merci Gunni,
dat war geschter Owend tescht 23.00 an 24.00 Auer. (An et ass keen Donnerwieder gin smile )
Maimonides 08.08.2015 - 19:02
D' Cité Judiciaire ass gebaut
vun engem Architekt, Pit.
Dat Mindest wär gewierscht
dass deem sein Numm
genannt gi wär !

Unni deen
häss och du
dës Foto
net könne
maachen.

closed_eye
Pit 08.08.2015 - 19:18
Naja...
1. wees ech net ween dat war
2. ech hun vill dobannen geschafft, eng Katastoph héich 10 (dann ass et besser, et wees en net ween dat war)
3. machen ech jo keng Reklam hei fir en Architekenbüro
Merci awer fir deng Umierkungen.
smile
Maimonides 08.08.2015 - 19:25
1. misst du dann awer wëssen ween dat war, Pit.
2. wann dat dann eng Katastrophe wär, fir wat weis du se dann hei ?
3. Ouni den Architekt, Pit, kanns du hei iwerhaapt glaat a guer neischt weisen.
Pit 08.08.2015 - 19:33
1. schaffen net 'um Geriicht', firwat soll et mech interesséieren ween dat geplangt huet ? Wees och net wen dat Gebai gebaut huet, wou ech dran schaffen
2. ass bannen dran eng Katastroph, weisen ech jo hei net. Ass jo net fir naischt schon X-Mol emgebaut gin (hun missen gin)
3. Ouni Steenmetzer, Elektriker asw. hätt ech se och net kennen machen
An zu gudder Lescht:
4. Ouni meng Mam, hät ech des Foto och net kennen machen...smile
Mee schéint der jo awer vill drun ze leien, wen den Architekt war. Falls du den Num wees, dann deel mer en mat, dann schreiwen ech en dobai.
Paul-H 08.08.2015 - 21:19
Gudd gekontert closed_eye d'Architekten waren den Rob a Léon Krier, sou eppes huet een schnell gegoogelt. Ech fannen awer och net daas een se emmer muss nennen, schliesslech hun si secher genuch Goss mat deem Gebäi gemaach an wéis Du richteg schreiws hun nach vill aanerer matt drun geschafft.
Pit 08.08.2015 - 23:19
Ma dann mol merci fir d'Nimm smile
Maimonides 09.08.2015 - 22:20
Et muss een guer neischt, Paul-H. Et kann een awer deenen Aneren hir Arbichten respektéieren, grad esou wi d'Auteuren vun de Fotoën déi jo och net anonym wëlle sin.
Paul-H 10.08.2015 - 00:33
Respekt Maimonides
hun ech fir vill aaner Leit.
Och fir Architekten,
awer net fir se all.
Maimonides 10.08.2015 - 20:54
Et hätt villeicht guer net mi vill gefehlt, Paul-H,
dann hätt ee mol keng Panoramaën mi dierfen knipsen.
Paul-H 10.08.2015 - 22:03
Daat haat null Chance duerch ze kommen an souguer wann hätt keen sech drun gehaalen.
Maimonides 10.08.2015 - 20:55
Ech géif net
dat selwicht
vun de Fotografe soën, Paul-H.
gunman 08.08.2015 - 21:18
Wou ass den Problem ???
Zenter wéini muss een dann den Numm vun engem Architekt uginn, wann een eppes fotograféiert ??
Daat ass jo egal waat !!!
Paul-H 08.08.2015 - 21:25
Daat ass een vum Maimonides sengen Dadaen.
Maimonides 10.08.2015 - 21:06
Dat ass keen Dada vu mir, Paul-H,
dat ass just nëmmen Héiflichkeet a Respekt
virum auteur vum sujet vum Fotograf.
Beim Eiffeltuerm weess een den Numm.
Beim Mudam och. Mais vun der Gare vu Léck
kennen di wéinigst den Architekt.
An dat ass schued.
Paul-H 10.08.2015 - 22:07
Da misst een awer bei villem den Numm derbäi schreiwen. Ech maachen et wann et mir duerno ass.
An et ass schon e bessen en Dada vun Dir Maimonides, Du weis oft drop hin wann den Numm vum Architekt feelt. Daat ass Däin Recht, et ass awer och deenen aaneren hirt gudd Recht wann se et aanescht gesin.
Maimonides 11.08.2015 - 20:44
Haaptsaach, Paul-H,
den Numm vum Fotograf
steet derbei, oder net ?
Paul-H 11.08.2015 - 20:58
Du wells net verstoen, komm loos et sin.
Maimonides 11.08.2015 - 21:00
Du kanns net wëssen wat ech well, Paul-H.
Paul-H 12.08.2015 - 02:05
Ech well et och net wessen.
Pit 08.08.2015 - 23:21
Tjo...
Maimonides 10.08.2015 - 20:58
Och du misst wëssen, gunman,
peng-peng,
dass ee guer neischt muss.
Op een Haar häss de well bal keen Panorama mi dierfe knipsen.
gunman 10.08.2015 - 21:46
Mai moni de seet och oft esou Topegkeeten, dofier helt bei ons an der ganzer Famill keen méi deen fir sérieux...
Maimonides 11.08.2015 - 20:47
Wann däin Monni, gunman,
peng-peng,
Topigkeete seet,
dann muss deen bei den Dokter,
oder och net !

closed_eye
Pit 10.08.2015 - 22:20
smile
Zora 08.08.2015 - 19:13
Ob der 3ter fannen ech Luuten besschen ze hell, soss flott Serieclosed_eye
Pit 08.08.2015 - 19:19
Merci.
Jo, ass besschen ausgefriess, krut ech awer net méi regléiert.
FraSi 08.08.2015 - 20:00
Feine, elegante Päsentation/Serie!!
Pit 08.08.2015 - 20:00
Danke, freut mich wenn sie gefällt.
marker 09.08.2015 - 08:07
..eng schéi Serie Pit, an alles an engem herrleche Liicht, a wéinst der exzellenter Déift gëllt meng Preferenz dem Bild no4. TipTop esou..!!
Pit 09.08.2015 - 10:18
Merci gesot.
MR 09.08.2015 - 16:17
Schéin presentéiert Pit!
Mäin Fav. ass Nr4smile
Pit 09.08.2015 - 20:48
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 461 Gäscht online