Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Ee Groréiher mat Wëlls

Ee Groréiher mat Wëlls
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.07.2015
  • Gekuckt:
    34646
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    160 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    388 KB
  • Originaldatum:
    2015:05:05 16:38:34
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83727]
Kommentar vum Fotograf:
Ee Groréiher mat Wëlls

Den Moment wou festgehaalen gouf, d'Foto, Kadrage, Beliichtung, etc.,d'BEA ©Schluck
Den Hide ©Mate Bence
Den Groréiher an den Wëlls ©God? souwéi och d'Luucht an d'Pflanzen. An den 7 Dag hätt en besser gepennt.

Wen nach weider Détailler intresséieren ... einfach nofroen.

Abacab 20.07.2015 - 19:37
d'Foto ass méih ewéi "super"!

Däi Kommentar ass schonns bal zevill korrekt smile
Schluck 20.07.2015 - 19:41
Machen dach alles fir dass meng "Kollegen" sech nët schlecht fillen smile
Abacab 20.07.2015 - 19:54
Dat ass schéin, heiansto ass e "Kolleg" och méi wichteg ewéi eng Foto closed_eye
Schluck 20.07.2015 - 20:24
Gell jo, mais lo ... dat ass "das war einmal" smile
Abacab 20.07.2015 - 20:44
war jo och net fir mech gemengt, hunn alt gehofft du häss nach aner "Kollegen" closed_eye
Schluck 20.07.2015 - 20:55
Jo, souguer vill an richteg gudder ... mais déi hunn keng ""
Pit 20.07.2015 - 19:41
Schärft leit wirklech méi wéi optmal.
Mee get et dann do keng Problemer, wann een duerch dat Spigelglas fotograféiert, oder ass dat emmer esou proper an ouni Reflexiounen ?
Schluck 20.07.2015 - 19:45
Jo, den verloscht ass praktesch Null, ausser 1 Blend un Luucht ... d'Glass ass dat sëlwescht wéi bei engem gespiggelten Sonnenbrëll... oder bei der Police an den Filmer. Ech konnt keen wierklechen Qualitéitsverloscht feststellen. Hunn och een Echantillon dovunn.
Pit 20.07.2015 - 20:05
Op allefall eng interessant Sach, wann een Resultater esou gesait...
Schluck 20.07.2015 - 20:23
Jo, ass wierklech dowert .. du hues effektiv immens Méiglechkeeten, mais ëmsetzen muss de se selwer
ornitho 20.07.2015 - 19:56
Wisou nees dat gleicht ewei Ech....Sorry mee sot da schon wat ech doriwer denken, brauchs Desch net ze Wonnern wann Leit obemol neus voll hun...

kuck och mol hei:

!Dës Foto ass net méi am System!

wgl, da steiger deng Bildqualiteit och, hei setzt weder Schärft korrekt um Ae (2,8 ze Knapp) nach ass den Hannergrond Proper... wann schon, dann
schon...wann en sech schon als gudden Fotograf get...

du wells io keen Geschleims, hei meng eierlech Meenung zum Bild !

Hei dreiwt Dir keen Flemm an, mee mach Du och net dat was Du selwer net wells ugedoen kreien !

Schluck 20.07.2015 - 20:15
Déi ass schon laang virun denger am Drock aus der Austellung ... also kréich lo nët héi du armem, armen do
ornitho 20.07.2015 - 20:19
dei ass virun Denger Opgehol gin Du armen do.....an virun Dir hei gewiesen gin, an deng Expo wor no da veröffentlechung vun menger Photo hei, also..
ech kréichen just Deurch laachen, soss vergeissen ech secher keng Trein weinst Dir closed_eye P.S. du schelles ma nach emmer eppes !
Schluck 20.07.2015 - 20:21
By-line = Del Bianco Gianni
Date Created = 2015/05/19


Schluck:
Date Created = 2015/05/05
Time Created = 16:38:34 00:00

Mais du hass déi jo bestëmmt dotëschent gelächt bigsmile



ornitho 20.07.2015 - 20:23
bigsmile als hätt dat eppes ze soen, hun zugeur Biller mam Datum vum 2012.01.01 dei Ech dest Joer opgehol hun bigsmile Den Datum passt secher net mat da Auerzeit souvill kann ech da soen !
Schluck 20.07.2015 - 20:25
Frënd,du mëss dech lächerlech ... ech war vum 03.05.2015-08.05.2015 an Ungarn
ornitho 20.07.2015 - 20:30
an Ech do virdrun an da Camargue sou an lo pack Desch mol !

ech sen secher net hei Witzfigur, dain Tamtam hei um Site dat ass dat wat lächerlech ass am Moment, all deng Hypokritech Äntwerten, Texter etc... an Du heus mech neees animmt an enger Diskoussioun wou Ech naischt domader ze din hat... irgendwou ass dat Mobbing, an dat dommt geschwetz lenks a riets ass Verleugnung !

bas mol net Kaapabel Mir op dei lescht PN ze äntweren, hätt en alles och kennten annecht leisen, mee dei Eer heuste net, hei mat dengem Geschreiws den Macho ze markeieren ass einfach gedu, awa leist naicht drun ewei Sach eskaleiert !

an Ech stiechen och net nemmen mei an !

An daste Desch hei als Opfer deurstells ass och schon lächerlech mettlerweil gin !
Johny 20.07.2015 - 22:39
Egal wat de Grond ass fir är Diskussiounen hei, hu mer ee Punkt an eise Konditiounen & Bedingungen dee sech op géigesäitege Respekt bezitt, mir wieren also frou wann dat och kéint agehale ginn.
ornitho 20.07.2015 - 23:13
Merci vir de Verweis Johny den Ech och gären Respekteieren, mee irgendwou kann en sech och net just hei ustepplen lossen..

Kiischteknäpper beim Bueden


Et ass da Egal de Grond, mee deskeier heuten nees ugefangen, an et geht ma och einfach elo deur domaden !

Wisou asset net meigleg dass User net kennen anner User blockeieren, schon alleng vir Kommentarer ofze gin, mengen dann gief keen lenks a riets iwerhapt nach kennen bei enger Foto streiden, oder Karement dass en Kommentarer vun anneren User einfach kann läschen bei senger Egener Foto ?

Deelt Sanktiounen aus, Sperrungen etc.. Mee hei gedet och em de Schutz am Internet, et kann net sin dass en sech esou Diskrimineieren lossen muss vun Persounen mat deenen en 0 ze din well hun !
Johny 21.07.2015 - 00:04
Wisou et net méiglech ass aner User ze blockéieren etc: Well dëst e verhältnisméisseg klenge Site ass, mat wéineg aktive User an ënnert deene wéinege sollt et problemlos méiglech sinn respektvoll mateneen ëmzegoen.

A wann ee mengt ugestëtonguepelt ze ginn, muss ee sech och net ustëtonguepele loossen.
ornitho 21.07.2015 - 20:04
.
Schluck 21.07.2015 - 12:10
Merci Johny, ech géif dem Här Del Bianco Gianni Claudio seng Ausso als öffentlech Beleidegung qualifizéieren.
Schluck 20.07.2015 - 20:29
Souvill zum Kannerprogramm ... war mer eng freet iech ee bëssen ze ënnerhaalen .. Nët den Kapp an den Sand stierchen. Ech hunn mäint héi gesoot .. also Nuecht
BigVood 22.07.2015 - 11:40
Super Bild.
Schluck 22.07.2015 - 21:23
Villmols Merci Laurent smile
theom 22.07.2015 - 19:58
Vie esou e Bild, do fehlen mir d'Wieder.
Schluck 22.07.2015 - 21:24
Villmols Merci Theom .. freet mech smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 372 Gäscht online