Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kiischteknäpper beim Bueden

 
Kiischteknäpper beim Bueden
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.07.2015
  • Gekuckt:
    49839
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    1000
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    729 KB
  • Originaldatum:
    2015:05:04 16:54:15
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83705]
Kommentar vum Fotograf:
Een ungarëschen Kiischteknäpper an der Schwämm ... dem war ët och ze warm
Paul-H 17.07.2015 - 18:04
Deen dooten huet mech schon an Denger Expo an den Bann gezun. Einfach TOP!
Schluck 17.07.2015 - 22:36
Merci Paul, ass och eng vun mengen Favoriten gewiercht. merci iwwregens dass de laanscht komm bass huet mech gefreet. Just schued dass mer nët dozou komm sinn fir méi mateenen ze schwätzen
Paul-H 17.07.2015 - 23:35
Also, maach der do lo awer wirklech keen Kapp. Ech wees selwer wéi daat ass wann een net derzou kennt mat jidferengem ze schnessen. Dast ass zu sou engem Ulass och guer net méiglech. Deng Ausstellung ass super an ech war frou dass ech se gesin hun.
Pit 17.07.2015 - 23:33
Gutt erwescht, wéi en sech reselt. Flott Farwen.
Schluck 19.07.2015 - 00:22
Merci Pit, jo ass einfach cool wéi se sech verhaalen .. Fir d'BEA hat ech am LAB d' Faarwen ee bëssen gepusht.
Pit 19.07.2015 - 01:00
Jo ok, mee dat mecht een jo bal emmer...dat mat den Farwen
gunman 18.07.2015 - 12:10
Ech kann just eppes soen: Du hues daat do einfach drop !!
Schluck 19.07.2015 - 00:23
Merci gesoot .. ginn mer méi closed_eye Gefällt halt nët jidderengem wann een gudd Biller mëscht
Zora 18.07.2015 - 13:08
Dem Scott hat déi och gud gefall an mär ochclosed_eye
Schluck 19.07.2015 - 00:24
Merci Zora, dat freet mech
Abacab 18.07.2015 - 22:37
d'Foto ass natierlech genial!!! Du hues et och drop, ganz bestëmmt!

De Problem ass just dass wann'ste bis weess wéi se enstann ass, dass der d'Loscht der un der Naturfotografie vergeet...

en normalen Naturfotograf deen sech vill Méih gëtt kennt einfach net un géint eng gestallten Maté Bence Foto...

Facebook ass ewell voll mat Maté Bence Fotoen... ass e bësschen esou wéi wannste en Tour de France gewënns mat engem Elektrobike..

PS. e huet näischt mat Jalousie ze dinn, well am Fong all Mënsch deen e bësschen Geld huet sech esou Fotoen bei Bence Maté kann leeschten..

hoffen du leschss d'Foto net nees, duerch mäin éierlech gemengten Kommentar...
Schluck 19.07.2015 - 00:15
Marc, wars du schon do ? Wees du wéi dat do ass ? Ët ass näischt annerscht wéi een Hide den an engem Bësch ass an wou eben un Niveau vum Wasser ass an wou duerch een gespiegelt Glass geknippst ... pardon fotographéiert gët.

Wou ass dann lo déin Problem ? An dem héi Fall ass mol keen Fudder do wou's de en unlackels sou wéi zum Beispill bei dir doheem am Gaart ob dengem Ascht wou's de jo och dohinn gesaat hues fir deng Porträitën.

Den Villchen muss nach ëmmer vum sëlwen kommen, d'Belichtungzäit ass nach ëmmer selwer gewielt an den Knätonguepchen ass nach ëmmer zum richtegen Moment ofgedréckt.

An dann wat's du lo mol sëcher nët wees ... Hannedrunn hunn ech mer meng Luucht dirigéiert mat engem Spigel fir d'Sprëttzer vum Waaser erauszekréien.

Du schwätz egal wat, wëll du wees guer net wat beim Bence Saach ass. Du hues méi Méiglechkeeten wëll's de méi Sujet hues ? Jo .. stëmmt. Mais en Sujet muss awer nach ëmmer vum sëlwen kommen, du muss awer nach ëmmer
sëlwer d'Kompositioun machen.

Een Naturfotograph, den sech vill méi gët, huet beim Bence eben exceptionnel Méiglechkeeten, mais ëmsetzen muss sen se awer nach ëmmer selwer!

Also Gianni .. pardon Marc, schläimmt ierch roueg weider Géigensäiteg ... an klappt iech Géigensäiteg ob d'Schëllerer.

Ech hoffen dass ech dann lo vun ierch zwee keen like méi an keen "Genial" Comment méi béi denen anneren hieren Biller vun do ob FB méi gesinn.


Abacab 19.07.2015 - 01:20
Merci fir deng Opklärung Schluck, hu mäi Kommentar op Video'en baséiert di um Internet zirkuléieren wéi dësen zb.

https://www.youtube.com/watch?v=p-zYT3fdX_M

Wann een dësen Video kuckt, da kommen engem esou Biller wirklech onheemlech kommerziell fier....

Wéi schonns gesot fannen ech di Biller "genial", de Problem léit villäicht dorunner, dass een a leschter Zäit einfach ze vill deier Biller "hors norme" op den sozialen Netzwierker geséit....

Hunn och kee Problem, dass een mat esou Biller mat der normaler Fotografie konkurréiert, mee an deem Fall soll een seng Quell einfach uginn, dass d'Léit wëssen wou se dru sinn, an hinne esou net d'Loscht vergeet hier "normal Biller" hei um Site ze weisen.

Näischt fir ongutt Schluck! ass wierklech net perséinlech gemengt!



Schluck 19.07.2015 - 01:47
Keen Problem Marc, mir huelen dat guer net perséinlech. Mä wann's de den "Kommentar vum Fotograf" lies steet ganz däitlech dran : En UNGARESCHEN......." a soe mer mol sou, wann's de op de Vernissage komm wiers wou mir och nach do waren no denger Schicht, häss de vun all Bild eng ganz genau Erklärung kritt, wéi d'Foto entstannen ass a wou se gemeet ginn ass. A wanns de als "normalen" Fotograph Problemer hues deng Foto ze wéisen, dofir kennen déi Läit net déi sech esou eppes wonnerbares ukucken ginn wat deen Bence sech opgebaut huet fir eppes fir Déierewelt ze machen. dat heescht t'ass en Déieren nees hiert normalt Verhalen an hierem Liewenraum weisen ... an dat an just dat hues de d'Gelegenheet do festzehaalen.

Dass du déi Gelegenheet eben net hues .. dofir kann ech och nët.

Ech wert mir demnäechst och sou eppes bei mir héi am Gaart bauen. Wann ët faerdeg ass ginn ech och ganz natiirlech meng Inspiratiounsquell un.

Iwwregens .. ech ginn schon laang nët méi un wou ech meng Biller machen, wann der dat nach nët obgefall ass

ornitho 19.07.2015 - 01:23
.
Schluck 19.07.2015 - 01:28
Fréck ... schloft dir zwee ëm dëss Zäit schon an dem selweschten Bett ??
ornitho 19.07.2015 - 01:36
.
Paul-H 20.07.2015 - 00:24
Gratuléieren herzlechst zur WF. Egaal wéi se zoustaan komm ass, et muss een deen Kärel mol sou geroden ! An dann d'BEA: Super !
Schluck 20.07.2015 - 14:00
Merci gesot Paul, bei sou vill onnéideger an bëlleger Polemik iwwert eng gutt Foto, huet mech dat och besonnesch gefreet.
Abacab 20.07.2015 - 17:25
Schluck, du hues nach ëmmer net verstan em wat et geet!

Et geet net em dess (wéiste selwer sees) "gutt Foto". Ech misst léien, wann ech de Géigendeel misst behaapten.

Et geet och net drëms der d'Flemm anzedreiwen, wéiste dat elo an dengen Kommentaren duerstells.

Et geet ganz einfach drëms, dass Du verschiddenen gudden Fotografen (dobäi schléissen ech mech aus !) hei um Site d'Flemm andreiws, andeems de Foto'en posts di zu engem ganz groussen Deel dem "Bence Maté" ( http://hidephotography.com/ ) säi Verdingscht sinn,

an dann d'Léit gleewen dees, dass esou Biller alleng duerch deng Genialitéit entstane wieren.

Wann dat net esou wier, wisou hueste dat dann net bei dëser Foto "Moies fréi bei den Réiheren" & eng Aner déi'ste anschliessend geläscht hues, dobäi geschriwwen wou se entstan ass?

Sinn selwer schonns 2 x gefrot ginn fir matt an Ungarn ze goen fir e Frëndschaftspräis vun 250 Euro pro Dag, mee dat seet mer guer guer näischt, ech stellen léiwer mäin eegenen Aascht a mengem Gaart op a maachen do meng bescheiden Knipsbiller, och wann se kee Mënsch interesséieren...

Wéi soen se "jidderengem säint" a näischt fir Ongutt.... ahjo, elo hat ech bal vergies

Häerzlech Gratulatioun zu denger wuelverdéngter Wochefoto(en)!

Moies fréi bei den Réiheren



Schluck 20.07.2015 - 20:01
Do kann effektiv jiddereen denken wéi ee Wëll, mais ech hunn nie ee Geheimniss drauss gemach dass ech béi den Bence an Ungarn war ... dat wees du jo genau sou gudd wéi den "veschiddenen armen gudden Fotograph", den souwisou ëmmer d'Flëmm huet, wann ech eng gudd Foto hunn. Wahtever ... ët ass mir souwisou egal.

Ech kréien weinstens nët d'Flëmm wann een anneren eng schein Foto huet, bien au contraire. Ech kréien héi d'Flëmm wëll dann alt just ërem ob mir eremmgeridden gëtt .. wees de wann der ierch dann besser fillt .. vun mir aus.

Wéi schons gesoot, ech posten schon laang nët méi wou ech eng Foto gemach hunn an déi mescht Léit intresséiert dat och nët wëll ët ëm den Moment geet, den gewissen gët, an dat Gefill wat dobéi erriwwer kënnt, dat Sie als Betruechter hunn -- an nët wéi se enstannen ass.

An iwwerhaapt ... ech sinn dach kengem Rechenschaft schëlleg.

An nach eng Kéier ... och um Vernissage, déi gefroot hunn kruuten all Détail erklärt,


Kuck, lo hunn ech grad mol 4 Biller gepost ... wat gëtt dat dann erréicht wann ech déi anner 14000 vun do posten.

Mais bon ... huet souwisou keen Sënn. Denk wat's de wëlls. Ech erfréeen mech weider un engem flotten Hobby an lossen mer dat och vun dir oder dem anneren "armen" gudden Fotograph nët huelen.



Abacab 20.07.2015 - 21:06
Alles nur halb so wild, no enger langer starker Hëtzt kann et och emol kräfteg donneren, d'Liewe geet weider...
Zora 20.07.2015 - 16:42
Gratulation!!!
Schluck 20.07.2015 - 17:42
Villmols Merci Zora smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 297 Gäscht online