Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Orchideeën aus dem Ländchen

 
All Fotoen an dëser Serie:
43481 Thumbnail
43482 Thumbnail
43483 Thumbnail
43557 Thumbnail
Orchideeën aus dem Ländchen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.06.2015
  • Gekuckt:
    19126
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Originaldatum:
    10.06.15
  • Fotoapparat:
    Canon Eos 5D MK III
  • Objektiv:
    Canon Macro 100mm
Kategorie: Natur »» Blummen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83331]
Kommentar vum Fotograf:
-Hummelragwurz
-Pyramiden Hundswurz
-Purpur Knabenkraut
Maimonides 11.06.2015 - 20:11
Kuck och hei vum MR:

*On the top*


Schéin Série, Michèle.
mischii 12.06.2015 - 22:23
Freet mech dass et gefällt, Merci Charel
Jeanny 12.06.2015 - 06:41
a wei se heeschen weess de och, di 1 hunn ech net gesinn unhappy war och mäi op Insekte fixéiert, ganz flott Serie Michèle
mischii 12.06.2015 - 22:22

Merci Jeanny,
jo, di "Bommelen" sinn zimlech kleng, an Du wars scho lenks den Hiwwel eroof, wou se riets zimlech no um Wee stoungen closed_eye,
ech mengen ech si geschwënn nach eemol do, et ass en immens interessanten Natursite
gtaddei1 13.06.2015 - 11:23
flott serie ... mat enger Flotter Luucht
mischii 13.06.2015 - 12:43
Merci boku Gennaro
Conley 14.06.2015 - 00:59
Schéin dass awer nach Orchidee gewisen ginn! Hei fannen ech Biller een bëssen ze enk Cadréiert. Biller wierken oder hunn eng Postkaart Wierkung op mech! Den Hannergrond mat abezéien géingen de Fotoen och nach eng besser Schäerft op den Orchidee erméiglechen duerch eng méi wäit Distanz zum Sujet. Ass awer just Mäin Echten Perséinlechen Gedanken zu dengen Orchidee Biller!
mischii 17.06.2015 - 23:32

Merci Conley
Du hues vollkomme Recht, ech haat lo missten e besssi iwwerleen virwaat ech alles sou eng gemaach haat, mee d'Solutioun koum schnell.Et war immens vill Wand an d'Gras rondëm koum ëmmer rëm an d'Bild geflunn an huet wierklech elle Strecher duerch d'Biller gemaach gemaach, obwuel ech mir méi ginn haat e bessi ze botzen. Mir haaten do net dee beschten Daag erwescht a ware scho frou, wann d'Blumm bei enger 800stel net gewackelt huet. Ech hunn lo nach e Bild bäigesaat mat ebessi méi Hannergrond
Conley 18.06.2015 - 22:49
Leider ass dëst Joer schrecklecht Wieder ze vill Loft bei mengen Dageszäiten wou ech normalerweis Fotoen maachen. An dofir hu ech et einfach sinn gelooss. Zu denger Neier Foto do wier een Héichformat an een klenge schwenk no ritz esou dass wéinstens di eicht net mat deenen hënneschten verbonnen wieren. Stiler géingen an der Onschärf am Gras verschwannen an doduerch net ofgeschnidden wierken. An eng gewëssen Buedemhaftung oder Äerdung wier se gesinn, wou se wiisst dann géing Bild méi Natierlech wierken. Ech weess dass et ganz schwéier ass mischii, awer um richtege Wee gesinn ech dech schonn! Fir een bessert Verständnis wat ech mengen falls de meng Orchidee net gesinn hues Wäiss Waldhyazinthe
an déi ass sécher och nach net ganz gelongen!
mischii 19.06.2015 - 22:48
ech kucken mol, d'Bild ass gecroppt, waat ech do nach iwwreg hunn.
Meng Iwwerleeung war et eng Diagonal mat ëmmer méi Onschärft ze kréien, mee ech gesinn lo waats Du mengs, et feelt ënnen e Stéck.
Villmools Merci fir dee gudden konstruktiven a léirräiche Kommentar, sou mecht et erëm richteg Spaass hei Fotoen eropzelueden
Conley 23.06.2015 - 21:41
Deng Iwwerleeung an der Diagonal ass am Läischten Bild mat der Fräistellung och ganz gutt, nach wier eng Idee. Et ze probéieren déi an der Mëtt, an och déi läscht eng kéier Fräi ze Stellen. An dann ze kucken wat dir dann am beschten gefält! Ech vergiessen leider och ëmmer erëm , den selwechten Sujet op verschidden Manéieren an Zeen ze setzen oder op de Sensor ze kréien mischii. unhappy
mischii 27.06.2015 - 23:04
Merci villmools, kucken waat ech nach sou hunn, mee ech zweifelen, dass daat richtegt derbäi ass,
ech haat eng Idi am Kapp a war weider gaang wéi ech zefridde war
Conclusioun: et soll een ni zefridde sinn an alles ausprobéiren bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 481 Gäscht online