Do muss ech och nach eng kéier zeréck. Fantastesch Landschaft. Déi emwerfend Wéit ass schon grandios. Ech huelen un du hues den Zuch geholl von Cusco bei den Titicaca-Séi ?
Merci Yves, wanns du schon mol do wars wees ech, dass sou Wäitblécker einfach fir ëmmer am Kapp festgehaale sinn,
et schnaapt een no Loft fir ze ootmen, a fir alles matzekréien, et ass einfach baal net gleewbar waat een vu Natur gesäit
nee ech war net mam Zuch ënnerwee, ech war an engem Grupp a mir haaten ëmmer perséinlech lokal Bussen a Guiden.
Bussen ok, männlech Guiden ok, weiblech Guiden schrecklech, hun all just aus hierem perséinleche Liewen erzielt an ëmmer gehetzt fir en Tour fréi färdeg ze maachen, daat huet dann munchmol geheescht: Japanfotostop ,Vamos, vamos!!! Do haas de kaum Zäit fir d'Camera auszepaaken, geschwäiss fir d'Objektiv ze wiesselen.
Et war ëmmer gutt wann Toiletten um Site waren, dann haat een e bessi Zäit wann een sech net an d'Rei gestallt huet.
Ah okay, interessant ze wessen. Mir haaten virun 2 Joer och lokal Guiden mée Streck teschent Cusco an dem Titticacca haaten mir mam Andenexpress gemaach. Ech hun mir deemols op alle fall gesoot dass et secher net déi läschten kéier do an der geigend wor, d'anden sin einfach onbeschreiwlech schéin mat deenen Wàitblecker wéis du och geschriwwen hues.