Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aurora Borealis

 
Aurora Borealis
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.03.2015
  • Gekuckt:
    27482
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    113/1 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    10 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    524 KB
  • Originaldatum:
    2015:03:18 00:04:14
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    bulb
  • Objektiv:
    sigma 10-20mm
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:
-kaal Féiss
-Stativ
-1 Stärschnupp
-1 IR-remote
-um Laptop verschafft...

Fir anzesetzen: [pg_img=82418]
Kommentar vum Fotograf:

eng (fir mech) aussergewéinlech Foto: se ass virun menger Dier gemaach (Kiischpelt, Richtung Norden gekuckt) - een Motiv at een sou wuel eischter rare virun der Lens huet.

Mam bloussen Aan war allerdings net vill ze gesinn, ganz liicht vertikal "hell" Straifen wann een ganz gudd gekuckt huet...op der Foto kent et besser raus, sinn awer och 113s Beliichtung...

Propper verschaffen kann ech se am Moment leider net (PC=futti), kucken awer secherlech nach enka nom Rauschen etc. soubaal den System nees leeft....
ornitho 18.03.2015 - 16:50
Eng ausergeweinlech Opnahm ass Dir do gelongen, ech sen begeechtert Oli !!!
OK-Photography 19.03.2015 - 10:11
stemmt - ass net all Dag wou een soueppes knipst - schon guernet virun der eegener Hausdier! xD

muss d'Foto allerdings nach eng Kéier grendlech verschaffen wann ech main PC nees um Laafen hunn - se ass um Laptop agestallt an wuel net "ganz propper" verschafft....
Jean-Jos 18.03.2015 - 22:29
Staark Oli, gutt datt's de d'Kapell mat agebonnen hues. Ech hat guer näischt dovunner matkritt, datt e sou e Phänomen hei ze gesi wär.
OK-Photography 19.03.2015 - 10:14
war bei mir och eischter spontan, eng Frendin huet mer Bescheed gesoot an glaichzaiteg hat ech et op Facebook gesinn, hunn awer reicht um Metternuecht decideiert main Material zesummenzekraatzen an raus ze goen - dMeteo war einfach ZE IDEAL vir an d'Bett ze goen! (Keen Niwwel, keen Mound)

freet mech dass se der gefällt! (wann ech gewosst hätt dass se sou een Success hätt, hätt ech dTäschenluucht matgeholl an bessi lightpainting vun der Landschaft gemaach.......)
Sutebe 19.03.2015 - 08:27
An haut am l'essentiel ze gesin smile
OK-Photography 19.03.2015 - 10:15
hehe stemmt! smile
an...evntl och am Wort nee?
mol kucken weivill Konkurrenz mer dSonnenfinsterniss nach mecht (dei kucken ech op allefall och nach ze rocken, dann kreien se dei Fotoen och - eng Wochenfoto am Telecran wier natierlech den TOP) smile
Sutebe 19.03.2015 - 11:22
Bon Chance smile
deCla 19.03.2015 - 18:39
Fantastesch Foto. Gefällt mir gudd!
OK-Photography 20.03.2015 - 13:05
freet mech! closed_eye
jorsch 19.03.2015 - 19:24
Polarliicht zu Lëtzbuerg, dat hätt ech net fir méiglech gehal!

An allen Hinsichten eng aussergewéinlech Foto!
OK-Photography 20.03.2015 - 13:06
zumindest hunn net vill Leit se op Foto (bis lo wees ech vun 3 Fotografen) - sinn schon bessi frou sou eng "exklusiv" Foto ze hunn!
Miau 22.03.2015 - 13:08
wow
OK-Photography 22.03.2015 - 13:33
: )

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 431 Gäscht online