Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Snowy Owl

All Fotoen an dëser Serie:
42770 Thumbnail
42771 Thumbnail
Snowy Owl
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.02.2015
  • Gekuckt:
    21348
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: DĂ©ieren »» Zoo / Fräigehege  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=82169]
Kommentar vum Fotograf:
am Ranua Wildlife Park (Lappland)
Bob76 20.02.2015 - 20:30
Wow, waat ee schéint Déier! Flott fotograféiert!
mischii 21.02.2015 - 13:07
Merci Bob76, freet mech , dass et Dir gefällt
Jeanny 21.02.2015 - 07:12
Schéin Michèle, du bass erëm gutt doheem ukomm, bestëmmt hues de erëm vill neies erlieft, wat dech begeeschtert huet, lo waarden ech op deng Biller, hei weis de eis wonnerbar Biller vun der Schnéieil.
mischii 21.02.2015 - 13:06
Merci Jeanny, jo et war ganz flott, besonnesch dee Parc hei , mat allen nordeschen Déiren am Schnéi.Ech schécken Dir e puer Biller closed_eye
Maimonides 21.02.2015 - 15:40
Un clin d'oeil d'or
sur des plumes
presque noires
et blanches.

Cet hibou confirme
qu'il n'est pas un zèbre,
humoureusement vôtre.
A chacun son monde, Michèle.
mischii 21.02.2015 - 15:57
2x Merci Charel
Mir hunn déi Déiercher super gefall, an ech stong ganz laang bei hinnen.
An de Männchen hannen,huet net bougéiert a gutt op säi Weibchen opgepasst closed_eye
Maimonides 21.02.2015 - 16:11
-> a gemengt en hätt Alles am Grëff, Michèle.

closed_eye
jorsch 21.02.2015 - 20:26
Wat e schéint Déier!
Di éischt ass besonnesch flott wéinst der immenser Luucht.
mischii 21.02.2015 - 22:26
Merci jorsch,
wéint deem Déierchen sinn ech eigentlech an dee Park gaang, an du stoung et och nach fir e kuerze Moment just op där Plaatz, wou d'Sonn et gesträift huet, ( an der Géigend vum Polarkrees beweegt d'Sonn sech jo am Moment nach relativ schnell, a steet nii ganz héich)
meng Begeeschterung war grouss
Conley 21.02.2015 - 23:40
Schwéier, soen ech emol einfach esou eng Kontrastreich Foto esou gutt hinn ze kréien. Respekt!
mischii 22.02.2015 - 00:41
Merci Conley, freet mech ganz vill, ech soutz och ganz laang do,an hu mech erënnert, dass ech bei engem Stage mat Natinal Geographic gesoot kriit haat wa vill Wäiss do wier soll enn iwwerbeliichten, et ass zwar komesch, mee et stëmmt!mir haaten natiirlech och erklärt kritt wéisou.
ech hunn et lo mol ugewannt, vu , dass hei alles wäiss war
1plus war hei wierklech net zevill
duerno war et nach just duergaang fir eppes waarmes an de Bauch ze kréien
Conley 22.02.2015 - 00:54
Op een gudden Schmakofatz géing ech och net verzichten! closed_eye
marker 22.02.2015 - 13:08
..de Maimonides huet ët well schéi beschriwen Michèle.
..fir mech di éischt, wéinst dem ''clin d'oeil '' an dem schéine Liicht..!
mischii 28.02.2015 - 12:13
en décke Merci Marc
He-Lx 22.02.2015 - 20:55
Wonnerbar wéi d'Zeechnung bei der 1. erauskënnt. D^Liicht ass dobäi och ideal.
BG Henri
mischii 28.02.2015 - 12:14
2x villmools Merci gesoot Heng

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 389 Gäscht online