Meng mehnung an et seht neicht iwert photo aus dei fannen ech cool...
Bei Natuerphotoen fannen deen Spachtel Effekt jo vun zeit zu zeit oder besser vun motiv zu motiv ganz flot, mee ech din mech schweier mat photoen wou leit drop sin .. och wann en me ob him reduzeiert ze sin scheint.. iergentwei steiert et mech ..
Merci fir deng Meenung, an d'Méi fir iwwerhaapt emol ze schreiwen.
Ech si mer bewosst dat dat heiten ganz speziell ass. Ouni drop ze klicken ass et guer net ze kucken ... an wann dann en sech durchrëngt ze klicken, dem muss et dann och emol gefalen . 99% déi meng Biller esou verschafft kucken fannen se schrecklech, genau ewéi d'Fotoen mat de Schréipsen, déi ech an der Zäit gewisen hunn.
Des Säit, also Photogen ass jo awer geduecht fir ze experimentéieren, ze diskutéieren an esouguer ze provozéieren ? Fir mech op Allefall net fir aneren Leit ze gefalen An enger Jury giff ech meng Biller selwer relativ schlecht bewäerten, et geet jo hei net em eng Medaille ze gewannen .... huelen ech emol un
Fotografie rëtscht duerch Photoshop, Painter a Co ëmmer méi no und d'Molerei erun wat ech selwer super fannen. Natierlech kommen dann och, wat e net gewinnt ass , ëmmer méi Diskussiounen op iwwert d' Art a Weis vun der Verschaffung an dem Support op dem se gewise gëtt .... wat ech, den 1% hei, gut fannen
Jo ech hun jo och extra geschriwen dass et net menges ass mee ech sin net Photogen an schon guernet Welt an stemmen de och zou dass eet hei jo un sech ass fier mehnungen zu verschiden sachen ze kreien...
Ech mengen meng ofneigung kennt vun den Hochzeitsfotoen ob Toile mat engem Vernis iwerzun dass se wei gemohlt ausgesin.. daht hun ech schonn emmer fierschterlech font )
Mooler-tripp ass nach e bessi, de Schréipsentripp hu mer gepackt , an ass passé .... den Téitschen-tripp deen nach kennt, virun dem hun ech awe e bessen Angscht.
merci Jean-Paul