Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Save the rhino !!!

 
All Fotoen an dëser Serie:
42328 Thumbnail
42329 Thumbnail
42330 Thumbnail
Save the rhino !!!
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.11.2014
  • Gekuckt:
    32090
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Originaldatum:
    2014:09:26 / 10:03 / 10:04
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III / 7D
  • Objektiv:
    Canon 70-200 F2,8 L II / 200-400mm F4,0 L 1.4 TC
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=81139]
Kommentar vum Fotograf:
Leider sin och Nashörner vum Ausstiewen bedroht well am Asiateschen Raum gegléewt get dass den Keratin aus deem dem Nashorn sein Horn besteht gudd wiir géint Potenzproblemer. Wessentschaftléech widderluecht mee bon,...eng traureg Geschicht.

Allen dréi Fotoen wéisen Breitmaulnashörner / White rhinos.
Foto 1 ass am Hluhluwe National park enstaanen, Fotoen 2 an 3 am Sabi sand game reserve / Südafrika
ornitho 12.11.2014 - 22:35
Herrlech Opnahmen Yves !!! Well nach mei gesin bigsmile
Scyv76 13.11.2014 - 09:06
Doublen Merci Gianni smile.
Ma ech hun nach e puer flott Opnahmen um Harddisk déi just drop waarden verschafft ze gin vir se ze wéisen, et kennt also nach no smile
ornitho 13.11.2014 - 18:40
Sen drop Gespannt bigsmile
gtaddei1 13.11.2014 - 00:12
gaeren ... awer mir missten soen ... Save Afrika ...
Scyv76 13.11.2014 - 09:08
Merci. Jo daat stemmt schon dass den Slogan misst esou héeschen...mee dann stellt sech d'Fro op déi westlech (an nach aaner) Welt dorunner Interesse huet. Leider nee well vir dass et deenen engen gudd geet muss et deenen aaneren jo anscheinend schlecht goen. Domadder kann eech den Konsum jo héich haalen an Liewensmettel wéi Zocker(oofbau...) etc. zu Dumping Preisser verkaafen an déi wou et ugeplanzt get kréien nemmen en Brochdéel dovunner...daat ass leider een Beispill vun villen.
JohnJ 13.11.2014 - 19:41
ech sin net secher ob een save Afrika kann soen, et soll en eischter soen leave it alone.
An all den Länner an Afrika wou ech bis elo wuar huet entwerden dei westlech awer nach vill mei dei östlech Welt Afrika ausgebeut
Scyv76 13.11.2014 - 19:44
Jo, daat ass wuel méi richteg..eigentlech welle mir emmer hellefen goen nodeems mir eppes ugeriicht hun...wéi wiir et gewiiecht et einfach esou ze lossen wéi et waar. Mee daat ass den grousse Problem vum weissen Mann : Iwwerall wou en hin komm ass wollt en d'Welt "verbesseren" an seng Ideologien opdrécken obwuel daat net gewénscht woor....
JohnJ 13.11.2014 - 19:48
Du schwätz mer aus der Seeil.

Mir mussen awer mol een drenken goen :o=
Scyv76 14.11.2014 - 11:18
Sou ass et John smile
Genau, daat musse mer maan, mengen mir hun ähnlech Usiichten smile
gtaddei1 15.11.2014 - 21:38
save Afrika ... ass woul och leave Afrika to the Africans... mé mé mé..
D'Oestlecht Welt et en particulier d'Chinesen... hun Afrika erobert ... well mir do en risesche Vide geloos hun... Ech inviteieren iech den Arno Grün ze liesen ... hien erklärt iech op enger super art an weis de firwaat dass d'Meschheet sech esou behellt ... net nemmen mir weisser... well sie schwarzer machen sech de Krich zenter Jorzengten ...
Scyv76 16.11.2014 - 18:17
Daat klengt interessant Gennaro, op alle Fall eng Lektür déi mech géing interesséieren. Iwwert allem steht vir mech aawer emmer rem d'Fro : Waat wiir gewiiecht wann den weissen Mann sech net esou obsessiv iwweral abruecht hätt...géiffen dann nach vill Völker "op den Beem" liewen !? Jo an...et wiir wahrscheinlech gudd esou... !!
gtaddei1 17.11.2014 - 13:12
Mengste .. dass sie op de Beem liewen waerten? ... D'Analyse waer inrteressant , och wannse nemmen op engem Theoreteschem Niveau geif bleiwen... Ech mengen dass d'Mentaliteit sech aeneren misst ... Do ass den Arno Gruen eng flott Referenz... Wann dei Völker haetten weider an hierer Mentaliteit liewen , och mamm Fortschrett, mé mat der Idee vum PRIVATEN manner dei ais zersteiert huet... an dozou kennste och d'Muescht dobai maachen ewei se an aisen Laenner ausgeuebt get... Nu je ... daat ass eng Diskussioun dei flott wier ze machen awer dann op engem Ronnen Desch...
Scyv76 17.11.2014 - 18:53
Daat ass sécherléch richteg. Ech denken aawer dass een vun den Grondproblemer ass dass mir westlech Länner emmer mengen mir missten wessen wei z.b. afrikanescher Länner ze fonktionéieren hätten...mee vir déi Discussioun mé déifgrenneg kennen ze féieren bréicht een effektiv den ronnern Desch smile
gtaddei1 18.11.2014 - 17:39
Volonté de pouvoir ... cf Nietzsche
asw asw
en Ronnen Dësch ... Mir? ... daat geif ais plaiseier maachen mé nix aenneren (Leider)... Dei "Grouss" brengen net faerdesch en konstruktiven Fridden bei sech ze schafen ...
Na ja dei Mënschheet dei sech emmer mei zu eppes onerdroelech entweckelt...
Scyv76 20.11.2014 - 13:32
So true unhappy Mir scheppen eis eegent Graaf wéi een sou schéin seet...
gtaddei1 20.11.2014 - 15:26
an en plus sin mir daeres och nach bewosst...
JohnJ 13.11.2014 - 04:20
Super an erem ewei esou oft sin mir op der nämlechter Wellenlängt
dest Joer sin schon 800 Rhino embruecht gin fir dei Toopechkeeten
an dobei gett et Viagra
Scyv76 13.11.2014 - 09:10
Merci John. Et ass leider en eenzegen Aarmut. Kuck emool daat héiten : Link
Wann déi wou missten drun interesseiert sin dass hir Déierewelt erhaalen bléiwt och mat den Schmuggeler ennert enger Decken stiiechen dann get et leider richteg schwéier daat an de Gréff ze kréien.
Jeanny 13.11.2014 - 06:56
hu schonns dofunner heieren, unhappy
wonnerbar Biller
Scyv76 13.11.2014 - 09:10
Merci Jeanny, jo et ass leider eng traureg Geschicht.
icylady 13.11.2014 - 09:32
immens schéin Biller smile
jo et ass leider sou datt déi meeschten Menschen Konsum iwert alles stellen, an déi déi dohannen mattmaan mengen se hätten den Herrgott matt der decker Zéiw well se een zwar lächerlechen Betrag fir hir srupellos Arbecht kréien, mee fir si zielt en vill, leider
ech wees net ob do Opklärung wirklech hëlelft, Déieren, egal vun wéi enger Zort, hun net fir all Mënsch deen selwechten Stellenwert, een klengen Puzzelstëck vun engem groussen Ganzen, der Natur
Scyv76 13.11.2014 - 18:38
Merci villmols.
Jo du hues daat zimlech genau op de Punkt bruecht. Ech sin och selwer zimlech spektesch op sech Astellung vis à vis vun den Déieren wert bei verschiddenen Natiounen änneren, do steht d'Expansioun iwwert allem.
Zora 13.11.2014 - 11:14
dass traureg wann een sou Sachen héiert, an verschieden Léit sech domat profiléieren, wann se een erschoss hun, flott
Scyv76 13.11.2014 - 18:40
Merci.
Jo Zora leider. Profiéieren ass daat een, daat sin Trophäenjéer, daat ass schon schlemm genuch. Mee daat heiten ass d'Kreatin-Mafia (haaptsächlech aus China), ähnlech wei et em dei 80er Joer mat dem Elfenbein woor...
Sirius 13.11.2014 - 11:30
Ganz flott Serie.......dei 3. gefällt mer am beschten.

Gesait sou aus wei wann den do dech geng fixéiren (Attack) smile
Scyv76 13.11.2014 - 18:40
Merci Sirius fréet mech. Den Look täuscht aaawer, en haat esou eppes aawer net am Senn smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 370 Gäscht online