Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

le fleuve

 
le fleuve
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.09.2014
  • Gekuckt:
    19030
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    HDR 7x
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    24mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x1191
  • Späicherplaz:
    440 KB
  • Originaldatum:
    10.09.2014
  • Fotoapparat:
    D700
  • Programm:
  • Objektiv:
    24-70 2.8 Nikkor
Kategorie: Architektur / Stiedt »» MĂ©i al Bauwierker
2. Kategorie: Natur »» WaasserausblĂ©ck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80302]
Kommentar vum Fotograf:
Ce n'est pas le fleuve qui coule, mais l'eau.
Ce ne sont pas les années qui passent, mais nous.


Ech hun dem MM an TC versprach emol erem mei Fotoen ze machen, fier dat ech mer och emol erem epes soen ka loossen.
Wat ech och ganz gären machen... mais et muss och epes kommen ...

Sin frou iwer all Remarque, all Kritik, all Fehler deen een fënnt an iwer all Réflexioun, sierf et iwert t'Foto, dat schéinnt Zitat, oder iwer t'Welt u sech ... schreift hei iergendepes drënner, hei soll eng Plaatz vum Austausch sin, eng Plaatz wou jiddereen dat ka soen wat e wëll, net wat e soll.

Zora 10.09.2014 - 22:30
Vun lauter ROSA schwätzen, bass de elo erem een Mann, an weist hei een knallhuart SW-Bild, gesin elo ob den eischten Blèck näischt wouriewer ech meckeren kéint, mee sin och um Händy, kucken daat muar ganz genau um Laptop un, an huelen all eenzelen Pixel auserneen, hoffen kenns lo schon ant Schwessen, AN GENUCH GESCHRIEWENclosed_eye
Gaga 10.09.2014 - 22:35
wei et der geht geng mech interesseieren Zora ?
A merci dats de der dei Zeit wells huelen. Ech wees weivill Zeit et hëllt Kritiken ze schreiwen, och wann et net emmer aprécieiert get wat ech schreiwen. Ech gesin ech hun erem een onglécklech gemach, an wees elo net ob ech soll probeieren him ze erklären dat en net soll onglécklech sin, oder ob ech besser hun naischt ze soen... dat as och esou eng Fraenkränkt vun mir ECH KANN DE BACK NET HAALEN ! Mais bon, ech denken einfach nach e bessen driwer no... an knallhuert as e jo net, en as sepia... as och eng tuntech Farf nee ? mir gefällt sepia !

sou ech gin elo Ennerwäsch vun menger Fra uprobeieren. bis muer dann ciao ciao
mischii 10.09.2014 - 22:42
Fir mech e bessi zevill gro, méi Kontrast kéint menger Meenung no net schueden,
d'Bildcompositioun ass impec, am Viirdergrond en Unhaltspunkt duerch d'Steng, e flotte bléck op d'Uelzecht an d'Fielsen mat der Staad am Hannergrond
vläit 1mm méi Bild riets, datt de Steen net ugeschnidden ass, awer dat ass eng minimal Klengegkeet
Gaga 10.09.2014 - 22:46
merci mischii, schein erem vun dier ze liesen. du hues recht mam Steen, leider as se out of the box vum Kadrage hier, wollt daat souwisou bei geleegenheet mam 14-24 probeieren fier deen decken Steen lenks ganz drop ze hun, as en zimlechen akrobateschen akt gewiercht dobigsmile
hues du se och am groussen gekuckt ? mir as et wei wann se dann anescht an der Teinung wierkt, nee ? Mei Kontrast... ech hätt elo geduecht et wier schon zevill...
merci fier deng mehnung
mischii 10.09.2014 - 22:57
jo am groussen ass se e bessi méi hell, an huet vläicht schon zevill Struktur an de Fielsen , mee de Kontrast am Himmel kéint besser sinn
an da sinn ech perséinlech kee sepia Fan, mee dat ass afdg,
an lo ginn ech mech mol schnell tesselen, fir den Jet Lag vun 10 Stonnen an d'Rei ze kréien
Maimonides 11.09.2014 - 20:33
Dat ass där präzis ausgerechenter Fotoën eng, Gaga,
zumols wat de Cadrage betrëfft.
Fir mech ass se awer ze laang beliicht
well wi ëmmer an deem Fall
Waasser well bal Mëllig gët.

Ech hun se och grouss gekuckt.
Si gefällt mir
well se ganz interessant ass !
Gaga 11.09.2014 - 21:31
Merci maimonides. Genau dat mellechegt gefällt mir, adg...
Maimonides 12.09.2014 - 20:22
" adg ", Gaga,
effektiv
a mat all Respekt.
jorsch 11.09.2014 - 20:57
Flott Vue, esou vun ënnen erop. Duerch dëse Cadrage gëtt de Bléck op d'Steng gezunn an de klassesche Sujet kritt eng nei Nues.
Allerdéngs fannen ech datt et dem Bild u Liicht feelt, et ass fir mäi Goût ze dominant gro an domat triste. Villäicht kann een d'Hi-Lights e bëssen eropsetzen.
Ass awer just meng Meenung ... an du wolls se jo wëssen... smile
Gaga 11.09.2014 - 21:34
Merci jorsch.
Eng foto verschidden ze interpreteieren hescht jo net se besser oder mei schlecht fannen.
Ech hat den sepia layer op 70-80 prozent transparenz gesaat, iergendwou muss eng schief gang sin well ech gesin keng farwen mei duerchkommen. Wert nach eng versioun probeieren.
micky-maus 11.09.2014 - 21:55
Doo, haat ech dei baal verpasst.... closed_eye


Mier gefällt dei Sephia, schwartz-Groo Teihnung net. Ass A.d.G, awer fannen Landschften fäerwech besser, Welt ass schon schwartz ann gro genuch. Anescht awer bei Arschitektur oder Porträen.

Riets fehlt mier bessi eppes, alles bessi oofgeschnidden, fannen datt kannst Du besser, Gell?

Den Bildopbau usech fannen ech awer gudd. Genuch gemeckrt, esou wei Bestallt tongue
Gaga 12.09.2014 - 08:15
Merci MM,
Ech wosst net ob ech mei no riets sollt kadreieren an t'Ënn vun der Schleiss mat op t'Bild huelen, oder mei no lenks an mei vum Tuutesall soll drop setzen. Am Endeffekt as et en entre les deux gin, du hues awer recht dat t'Bréck dei elo eichter als Haaptsujet wierkt, zevill zentreiert as, gesin ech elo och esou.
Wei gesoot, ech hätt gären deen decken Steen ennen lenks mei am Bild, mam 14-24 wier dat meiglech mais do hun ech keen ND Filter fir drop, an mei no hannen get naass Féiss unhappy
suraki 14.09.2014 - 19:52
Sinn elo zoufälleg iwwert d'Bild gefall, ... ups.
Ech kucken elo schonn méi laang drop, an et gefält mer och gutt. Et ass awer, op allefall gesinn ech selwer et esou, alles zevill an engem Toun gehalen ... bon ech schwätzen virun allem vum Hannergrond iwwert dem Waasser. Mä genau dat mëscht dat flott ! Bild fir mech erëm eng Grëtz uniform a langweileg.
Gaga 15.09.2014 - 08:53
Merci Ed !
Mam Toun, wei gesoot, kucken ech ... dat do as zevill eefarweg, genau weis du sees. merci...
PS: wei geht et ? smile
Miau 14.09.2014 - 20:23
ech mengen hei spillt och d'Astellung vum Ecran eng Roll, bei mir gesäit et am beschten aus mat 20 Brightness a - 20 Contrast, fir de Rescht, keng Kritik um Bildopbau
Gaga 15.09.2014 - 08:53
Merci Miau.
Ech kucken wei gesoot, well ech woltl och mei Farf dran hun, den SW wollt / hat ech op 70-80% transparenz gesaat, huelen un dat duerno do eng schief gang as. Verbesseren dat soubal ech erem Zeit hun doheem den Mac unzemachen.... iergendwannbigsmile
kokopelli 15.09.2014 - 15:54
Wisou mechs de fir esou eng Foto en HDR? Ech sin der meenung dass de mat engem ND Pol Filter(als éischt de Pol filter astellen an duerno den ND filter op den agestaltenen Pol filter dréinen) en nach méi schéint resultat kritt häss. An ech hätt och nach eng fro, wat huet méi lang gedauert, d'Foto ze machen (wat usech d'freet beim Fotograféieren as) oder d'bearbechtung um PC?

Ech hoffen du hälls däin verspriechen, well deng Biller kucken ech emmer gär.
Gaga 15.09.2014 - 16:05
merci kokopeli fier deng eierlech wierder, ech heieren dat gär. deng Propose as en Versuch wert, hun dei 2 nach nie mateneen kombineiert.
t'Bea gefällt mer selwer emmer manner, leider hat ech nach emmer keng Zeit dat nozekucken, den Owend probeieren ech dat nach eng keier.

den hdr, also ech hun och en moment probeiert gehaat nemmen dei làngsten beliichtung ze huelen, mais tescht Himmel an Steng as den ennerscheet dann awer ze grouss, den Himmel as do komplet ausgebrannt, an bei besserem Himmel as t'Waasser mer zevill scharf.
och am RAW kreien ech do naischt mei eraus. et as och keen tonemapping mais en exposure fusion, also keen richtegen hdr... dri.... wei och emmer een et well nennen.

muss gestoen, no e puer meint paus, muss ech mech mol selwer erem e bessen drop konzentreieren mei ze iwerleen wat ech well machen iert ech den ausleiser drecken. gewunecht bei mir as, ememr 7-9 Beliichtungen ze machen, sou huet een ememr all meiglechkeet op.

PS: t'Foto huet awer mei laang gedauert wei t'Bea smile
No_Saint 17.09.2014 - 21:32
Vun denen drai gefällt mär déi hei nach am Beschten.
Waat Ech awer nët verstinn ass virwaat dass'te probéiers iwert den HDR sämtlech Détailler am Himmel ze kréien an ob der aaner Sait deng Schietter (bei de Steng, am Bou ënnert der Bréck, an den Daachlucken) am schwaarz ofsaufe léiss.
Gaga 18.09.2014 - 08:40
merci No_Saint,
gut gesin, ech hun mech gewonnert dat nach keen et bemängelt huet smile
Am Original sin do awer nach licht Strukturen dran, den SW huet zwar vill Kontrast erem mat eranbruecht, mais duerch t'Verklängeren an komprimeieren as do vill verluer gaang.
Zevill Onrealistech wollt ech et och net hun, dat et hannert dem Steen daischter as, as jo och richteg.
Et kann awer och sin dat dein Schierm besser as wei mein, mein as net calibreiert... als Ausgebrannt weisst en se bei mier awer net un am PS ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 551 Gäscht online