Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lundy

 
All Fotoen an dëser Serie:
41748 Thumbnail
41749 Thumbnail
41750 Thumbnail
41751 Thumbnail
41752 Thumbnail
Lundy
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.09.2014
  • Gekuckt:
    24328
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
    2014:06:23
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Objektiv:
    Canon EF 70-200mm F2,8 L II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80185]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Serie vun Papageientaucher (oder wéi den Islänner seet : Lundy'en) déi ech an den Westfjorden vun Island um Látrabjarg-Fiels fotograféiert hun. Leider sin des Villeger eng Spezialitéit op der Spéisekaart vun den Islänner an hiiren Bestand ass am gaangen oofzehuelen, och bedengt duech Geburtenproblemer. Héi ein interessanten Link dozou : National Geographic.

Zu den Fotoen selwer...leider woor d'Luucht zimlech haard (em d'Mettesston) sou dass ech Problemer haat erem Schiieder an d'Gefieder vun den Puffin'en dran ze kréien. Bon, op enger Rondrées muss en halt daat huelen waat en kritt. Hoffen sie gefaalen trotzdem, drop klicken vir méi Detail w.e.g.
sheandhercamera 01.09.2014 - 20:22
Mir gefällt 5 am beschten. Do kuckt en sou schéin raus op d'Mier.
1 fannen ech awer och ganz schéin smile
Scyv76 02.09.2014 - 13:33
Villmools merci. Ma mein Favorit ass am Fong och déi 5. Leider sin héi d'Schiieder aawer am méechten oofgesoff gewiiecht well se en plus och nach am Geigenlicht gemaach ass an d'Reflexioun vum Miier helleft och net wiirklech.
Conley 01.09.2014 - 23:30
Liicht war zwar haart ëm déi Zäit Yves, awer datt hues de menger Meenung no ganz gutt gemeeschtert! Portraiten mat där gutt plazéierter Schäerft an duerch eng kleng Blend ass een schéinen Hannergrond entstanen!
Allgemeng eng gelongen Serie!
Scyv76 02.09.2014 - 13:54
Merci Roger, fréet mech, ech hätt mer effektiv och léiwer en bessert Liicht gewénscht mée an désem Fall hun ech missen huelen waat een kritt smile
Jacques 02.09.2014 - 05:06
Obschons d'Lucht haart war sin déi awer weisenswert.
Déi 2. an déi 5. gefaale mer am beschten!
Scyv76 02.09.2014 - 13:54
Villmools merci Jacques, vir mech ass et am Fong och déi 5 well mir héi de Bléck vum Puffin eraus op d'Miir sou gudd gefall huet.
MR 02.09.2014 - 05:18
Eng ganz schéin Serie Yves!
Mäin Fav as déi 2.
Scyv76 02.09.2014 - 13:55
Merci Martine, fréet mech. Bei der 2 erkennt een Struktur am Schniiewel am béschten.
Jeanny 02.09.2014 - 06:40
eng herrlech Serie
Scyv76 02.09.2014 - 13:55
Merci Jeanny, fréet mech.
ornitho 02.09.2014 - 07:24
Super Serie Yves, wieklech ganz schein Biller, dei 5t heut eppes spezieles, an gefällt mir doweinst am beschten och smile
Scyv76 02.09.2014 - 13:56
Genau Gianni, vir mech woor et och déi 5 duech den verdréemtenen Bléck vum Puffin eraus op daat grousst opent wéit Miier. Luucht hätt natiirlech kennen bessi besser sin an en soutz och nach ongenztéch am Géigenliicht. Décken Merci och vir de Fav.
gemu 02.09.2014 - 12:40
Super Série, fir mech och 2, a 5 wéinst dem Glizzeren um Waaser waat den Lundy besonnesch faszinéiert
Scyv76 02.09.2014 - 13:57
Fréet mech Georges, merci. Vir mech woor et och Nummer 5 duech den verdréemtenen Bléck vum Papageientaucher eraus op Miir.
BigVood 03.09.2014 - 10:00
Eng schéi Serie.
Mir gefällt déi 5.
Si passt zu dengem Kommentar: de nodenklechen Bléck an Zukunft (Wéi geet et weider mat eis?)
Scyv76 03.09.2014 - 11:00
Merci, fréet mech. Jo, op den Kommentar an virun allem op den Artikel vun National Geographic bezun pass déi 5 wéi d'Fauscht op d'Aa closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 411 Gäscht online