Alles...
Zb: t'Autoen, simple, repareierbar an op langliewegkeet gebaut.
T'Leit woren nach sozial, et as ge-uucht gin an, et huet een sech gehollef an et huet een sech fier den aaneren interesseiert.
Musek: e Lidd wor fier emmer gut, net fier 2 Wochen.
Politik: Politiker woren nach Leit aus dem Vollek, an net Politiker 2ter oder 3ter Generatioun dei nemmen Carriere am Kapp hun a keng Ahnung wei dat richtegt Liewen as.
Beruf: et huet een e Beruf geleiert a konnt och 40 Joer an dem Beruf bleiwen an souguer sech vun ennen erop schaffen an hat dann als Chef Ahnung vun wat ee schwätzt. Keng Sau wosst wat BWL soll sin an fils a Papa dei den Betrieb geierft an dann mat saus a braus an t'faillite geridden hun as et nach net sou oft gin.
Et huet een och nach um 5:00 an der Staat epes ziesse kritt an huet net missen op t'Air de Capellen missen rennen.
Wann een als Kand eng komme geloss huet, sin et der an t'Leisskaul gin an et wor gut, keng Sau hät dru geduecht weinnst engem Kannerstreech t'Flicken oder den Afekot ze rufen.
Mat der klengster Menns dei mer haten konns de 2 Sachen kaafen an der Epicerie (2 Gummicola a 50cent)
Wanns deng Been lang genuch woren, bass de mat dengem Papp op e Parking Autofueren gaangen, keng Sau huet dat gesteiert.
Wanns de an der Schoul eng Dats has, bass de setzen bliwen an hues et eben besser gemach, Kompenseieren, Modulen an Psychologen sin et an der Schoul net gin.
Wanns de eng gesteppst hues, wousst all Mensch weens de bass a ween deng Elteren sin, dohier hues de schon vill besser opgepasst net erwescht ze gin.
Du bass ab dem 1ten Schouljoer e freien Mensch gewiercht, keen huet dech mam Auto entzwoug gefouert wann et manner wei 10km dohin woren an Pedophiler an Kidnaper sin et nemmen a Filmer gin.
Wanns de net doheem wors, wors de net doheem, dat huet dann och keng Sau gesteiert, haut get eng Vermesstenmeldung gestart wanns de 1Daag net iwer GSM, SMS, MAIL, SKYPE, TWITTER odrr FACEBOOK ze ereechen bass. Och an der Vakanz MUSS du ereechbar sin soss as e Problem (mengen t'Leit)
.... etc etc...
Wat as haut besser???
Ech kann youporn op mengem Handy kucken....
youporn... ma jo, daat ass jo én "tolle" Fortschrëtt... leider hues de mat villem was de opziëls Recht a leider kënne mer och d'Rad nët méi zerëck dréien...
Wat ech well soen as dat zumols vun der Industrie eis oft fiergegauckelt get dat den "Fortschrett" eis epes brengt, mais zu 99% geht et emmer nemmen drems eis nach mei Suen aus der Täsch ze zeien... mat Erfolleg...
Wann ech direkt
mol well bal ouni ze kucken
eng Foto gesin, Jaycee,
déi vun dir ass,
da kucken ech no Autoën.
An dësem Fall
gesin ech awer
dass och an der Staat
eng APDIKT
APDIKT heescht,
an net APTIKT !
Mir schéint wéi wann op der aaler Foto méi Autoën wären wéi op der neier; kënne mer doraus schléissen dass haut manner Trafik ass wéi fréier...
APTIKT? hun ech mat Wëssen nach keng gesin, wou gëtt ët dann eng...?