Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Eilean Donan

Eilean Donan
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (11.07.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.07.2014
  • Gekuckt:
    28097
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    8/5 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    245 KB
  • Originaldatum:
    2014:06:06 22:56:19
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79361]
Kommentar vum Fotograf:
Eilean Donan an der bloer Stonn
Bubu 11.07.2014 - 14:55
Herrlech unzekuckensmile
Schluck 11.07.2014 - 15:07
Merci gesoot Bubu ... ass déi scheinsten Buerg déi mer an Schottland gesinn hunn.
Zora 11.07.2014 - 17:56
Den Wahnsinn dei Stemmung do am Bild, een Aaenorgasmusclosed_eye
Schluck 11.07.2014 - 18:00
Ech sinn zwar vun der BEA nët sou Begeschtert ... muss se nach eng Kéier néi machen
Zora 11.07.2014 - 19:11
Vum mengem Sproch awer schon, heheclosed_eye
Schluck 11.07.2014 - 19:55
Nö, dat och nët ... mierken jo och wann een mech wëll verätongueelen .. trotzdem .. Genéiss däin Orgasmus bigsmile
Zora 11.07.2014 - 21:02
Komm mer lachen lo driewer, ech fannen se wirklech flott, lo ouni Witz!!!
Schluck 11.07.2014 - 21:12
Souwisou ... Awer d'Bea war an ass ... naja .. kréien ët net sou hinn wéi ech dat wëll
Zora 11.07.2014 - 22:08
Kann een net alles perfekt hun, an awer hued se hieren Reiz, vläit zeguer genau dowengstclosed_eye
Maimonides 11.07.2014 - 23:44
"Aaenorgasmus" ?

closed_eye
Maimonides 11.07.2014 - 23:50
Mir sin gespaant op dat "neimaachen",
well wéi se elo schon ass, Schluck,
bleiwt eis soss neischt iwrig
fir villeicht nach méi ze staunen.

http://www.youtube.com/watch?v=BCkcYYQv3so&list=PLEDB02245B06AC361

closed_eye
Schluck 12.07.2014 - 08:49
Dat do ass schon eng "néi" Versioun .. sou HDR verschaffen ass nach ëmmer nër mein Deng.
icylady 12.07.2014 - 09:37
schéin, Schluck smile
do kéint een lo hingebeamt ginn an Zeit vergiessen
Schluck 14.07.2014 - 09:29
Nët nëmmen dohinner misst een sech kënne beamen closed_eye Merci Romy
Miau 12.07.2014 - 12:18
die schengt mir awer net "verbesserungswürdig"
Schluck 14.07.2014 - 09:30
Ass schon vill verbessert ginn vun der eichter Versioun .. mol kucken .. sinn nach ëmmer ee puer Saachen déi mer nët gefaalen. Lossen se lo mol sou ... Merci Willy
Silex 12.07.2014 - 13:49
Ganz flott! Hun ech sou nach nie gesin, obwuel et den Haptmotiv a Schottland ass.
Schluck 14.07.2014 - 09:31
Merci Silex, jo ass bestëmmt schon oft geknippts ginn.
Metalbambi 12.07.2014 - 20:36
D'Schlass ass am Verglach zum Hg ze däichter an huet ze vill Kontrast. Mamm Kontrast fält virun allem bei der Bréck an um Dach op. Maach méi lues mam HDR, dann ass se flott. Alternativ kanns de och einfach den ganzen Hg méi däischter maachen.
Schluck 14.07.2014 - 09:35
Jo, ech mengen virun allem mat der Bréck hunn ech ee bëssen iwwerdriwwen. Den Haaptproblem den ech mat dem Bild hunn ass d'Rauschen, trotz ISO 100. Ech hunn nach nët verstannen wou dat dann lo hier kënnt (ok.. duerch den HDR awer ganz massiv, besonnech am Himmel).

Dofir hunn ech den Hannergrond am Fong ze déischter geloss .. muss nach eng Kéier Tabula Rasa machen an dann nach emol probéieren.
Metalbambi 14.07.2014 - 11:32
Ech fannen den Hg eigentlech ganz gutt sou, nach méi hell an déi Nuecht-Atmosphär geet verluer. Ech géif éischter d'Schlass upassen.
Schluck 14.07.2014 - 11:43
Just d'Bréck an den ënneschten Deel oder och deen Beliichten Deel ?
Metalbambi 14.07.2014 - 20:55
Also den Dach op allefall och. Deen kann net sou schwaarz sinn wann den Himmel nach net pechschwarz ass. Den Beliichten Deel géif ech dann mol einfach kucken, mee mengen dat do och bëssen manner Kontrast an bëssen méi hell gutt wier. Ech hat déi selwecht Merde bei der Foto vum Veianer Schlass an sinn och net glécklech ginn... unhappy
Schluck 16.07.2014 - 15:12
Effektiv, du hues an allen Hinsichten recht .. also noch mal von vorn .. dat war och nach dat ëischt wat ech gemach hunn .. slektiv d'Buerg an d'Breck mat 100% Deckung vum HDR.

Ass awer lo fir eng anner Kéier wëll hunn nach esouvill Biller déi ech wëll verschaffen.
jorsch 14.07.2014 - 21:05
Herrleche Sujet, gefält mer exzellent!
Eventuell irritéiert mech, datt den Himmel a besonnesch d'Waasser nach relativ hell sinn, d'Buerg awer schonns voll am Konschtliicht ass. Géif dofir eventuell den HG. an d'Bréck ofdonkelen fir eng eendaitech Nuetsstëmmung ze hunn.
Schluck 16.07.2014 - 15:14
Merci jorsch ... machen se nach emol frësch. Awer nët elo ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 413 Gäscht online