Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Panewippchen mat Fudder

 
Panewippchen mat Fudder
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (20.06.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.06.2014
  • Gekuckt:
    36904
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x1200
  • Späicherplaz:
    679 KB
  • Originaldatum:
    2014:06:16 16:22:41
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 100mm f/2.8 IS
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79064]
Kommentar vum Fotograf:
Och mol rëm den Macro missen huelen .. Ee Panewippchen mat 2 Libellen den mer déi ganz Zäit virun der Lëns hin an hier gelaaf ass mat Fudder fir seng Kleng
GONNER 19.06.2014 - 21:39
super Foto
Schluck 20.06.2014 - 12:01
Merci gesoot Gonner
MsJarryman 19.06.2014 - 22:37
Déi zwou kommen emol op keng Foto méi, genial déi Doten.
Schluck 20.06.2014 - 12:00
Nee, mengen nët, mengen déi sinn giess closed_eye
micky-maus 19.06.2014 - 22:43
Schluck, der Panewippchen-Flüsterer. bigsmile

Eng aussergeweinlech Foto, och wann se mier am carre net esou vum Cadrasch gefällt....
Schluck 20.06.2014 - 12:00
Jojo .. den Cadrasch ass sou gewielt wëll ech d'Libellen am Schniewwel wollt betounen an nët den Full, den sollt nët den Haapsujet sinn. Merci Fränk
rosch2014 20.06.2014 - 07:47
Super di Doten.
Schluck 20.06.2014 - 11:58
Villmols merci Rosch
icylady 20.06.2014 - 09:01
gudd festgehaal smile
gleich 2 Stëck mateneen smile
sain Gefieder an och den Bleck gefaalen mir besonesch gudd
Schluck 20.06.2014 - 11:57
Merci Romy .. sou no sinn ech bis elo och nach nët un een Villchen erunn komm. Een huet seng Kleng gefiddert dofir haten déi zwee den Schniewwel ëmmer gut gefëllt
Jean-Marie 20.06.2014 - 09:49
net ze gleewen 100mm deen huet dir jo bal aus der Hand gefriess smile an dann nach esou eng Supper Pose, einfach Top
Schluck 20.06.2014 - 11:55
Jo, ech hunn och nët schlecht gestaunt wéi ën ëmmer rëm laanscht gelaaf ass. Merci gesoot.
gemu 20.06.2014 - 11:49
Aha hues de elo een Assistent fond deen dir schéin brav d'Motiv unhält bis du d'Objectiv gewiesselt hues an deng Astellungen gemach hues. Gëff him awer elo durfir keen Leckerli soss léisst en d'Libellen fléien.
Super gud festgehal (to whom it may concern smile )
Schluck 20.06.2014 - 11:54
Een Assistent .. schein wier ët .. meng Frauschen hëlleft mer alt mol bei den Long Exposures fir den Filter unzehaalen mais een den mer d'Objektiver wiesselt hunn ech nach nët fonnt closed_eye

Nee, ech sinn extra den Dag drop nach eng Kéier dohinner gefuer mam Macro fir genau dat Bild do ze machen. Kommescherweis ass ën mer awer méi oft laancht den langen Rouer gelaaf wéi herno mam Macro .. wahrscheinlech wëll ech do awer méi hunn missten wibbelen fir ën ze erwëschen.
Scyv76 20.06.2014 - 16:40
Super déi dooten, en huet en plus eng duebel Ratioun am Schniewel. Mengen du brauchs deng lang Brennwéiten guer net méi closed_eye
jorsch 21.06.2014 - 09:00
Mol eng Libellefoto, déi e bëssen aanescht ass! smile
Super Bild!
Maimonides 22.06.2014 - 01:23
Hehee, jorsch !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 323 Gäscht online