Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Waasser-Sport

 
All Fotoen an dëser Serie:
40569 Thumbnail
40570 Thumbnail
40571 Thumbnail
40572 Thumbnail
40573 Thumbnail
Waasser-Sport
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.05.2014
  • Gekuckt:
    16171
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
    03+04.05.2014
  • Fotoapparat:
    Canon 7D
  • Objektiv:
    70-200mm 2.8
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=78273]
Kommentar vum Fotograf:
Salut, hei sin meng eischt Waassersport Fotoen - Ech wär frou iwer Feedback fir mech ze verbesseren
BlackLizzard 05.05.2014 - 20:23
Ech fannen dass de dat schon ganz gut gemach hues.

Schéin Fotoen.
Tess 05.05.2014 - 22:15
Merci, wees nach net waat ech anstellen soll bei Geigenliicht
BlackLizzard 05.05.2014 - 22:39
Hm, dat hängt och e bëssen vun der Situatioun of.

Ganz oft wirkt en kléngen Blëtz do Wonner.

Ech machen all Opnahmen am Raw-Format an bei Géigeliicht meeschtens mat Ennerbeliichtung vun bis zu 1er Blend.
Soumat huet een am meeschten Reserven bei der Bildbearbechtung um PC.

Leiwer ënner- wei iwerbeliicht. Aus den donklen Deeler kann een um Computer méi eraushuelen wéi aus den hellen. En Himmel z. Bsp. dee verbrannt an ouni Struktur ass kann een nët méi retten.

Eng aaner Méiglechkeet ass Spotmiessung. Hei ass de Risiko en iwwrbeliichten Hannergrond zei kréien awer grouß.

Am beschten ass et hei einfach ze Experimentéieren an doraus Erfahrungen ze sammelen.
Tess 06.05.2014 - 12:18
Merci fir Informatiounen, ech testen daat dann besi demnäckst wann ech erem Zeit hunn. Fannen allegmeng dat et mat der Beliichtung um Waasser net einfach ass, duerch daat ganzt Waasser waat remderemsprutzt. Pobeiren mol eng Keier mat Spotmiessung
Val 06.05.2014 - 08:14
Salut Tess
Deng Fotoen sinn net schlecht fir den Ufank !!
Awer wann du aus dem Boot Fotograféiest geng ech emol mat enger 2,8 - 3,2 probéieren, dann gëtt den Hannergrond e bëssen méi onschaarf wat dann dem Border ze gutt kennt ! an och dech emol an Boot leen esou déif e wéi méiglech,
du hues bestëmmt och bemierkt dass Fotoen eng säit besser ginn wéi déi aner ( Musel erop oder erof ) ëmmer déi bescht Richtung Fotoen maachen,
ech sinn sécher dann klaapt et MBG Val
Wakeboard 2013
Tess 06.05.2014 - 12:23
Salut Val
Alles waat weit hannert dem Boot war hun ech mat 2.8 fotografeiert. Vleit hunn ech nach eng aaner Anstellung falsch. Den Surfer hannert dem Boot hun ech missten mat mengen klengen objektiv huelen 28-135mm 3,5 - 5,6. Hun leider nach keen Geld fir en bessert. Daat am leihen pobeiren ech näckst Keier.
Am leiwsten knippsen ech wann Waassersportler vun der Sonn beliicht ginn, fannen dei am scheinsten. War deng Fotoen kuken, dei sinn wirklech super.
Merci fir dei vill Tipps smile Ass een Sport deen mech richteg reitzt ze fotographeiren smile
Val 06.05.2014 - 12:40
Dann eben nach e bëssen Spuren !
Awer déi bescht Wakeboard Fotoen soll een ëmmer Owes oder mueres maachen.Dat ass awer net einfach well déi meescht Kompetitiounen ëmmer Mëttes sinn ! Awer nach ëmmer am Beschten wann guer keng Sonn ass
Tess 06.05.2014 - 21:39
Jo spueren nach bessi smile
Ech ginn bessi testen wann sie traineieren, dann kann ech mat den Anstellungen üben.
Nach eenmol villmols Merci fir Hellef

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 414 Gäscht online