Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

La beauté est intérieure

 
La beauté est intérieure
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.04.2014
  • Gekuckt:
    64503
  • Favoriten:
    12 (Wen?)
  • Kommentarer:
    59
  • Beliichtungszäit:
    121 sec
  • Blend:
    f:8
  • Brennwäit:
    24mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x682
  • Späicherplaz:
    251 KB
  • Originaldatum:
    04/2014
  • Fotoapparat:
    canon 6D
  • Programm:
    Bulb (Canon)
  • Objektiv:
    24-70
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=77822]
Kommentar vum Fotograf:
La seule appréciation sensuelle de la beauté formelle conduit à la dégradation, à la décomposition. La beauté intérieure n’existe que lorsque vous ressentez un réel amour des gens et des choses de la terre; avec cet amour vient un sentiment formidable de respect, de sollicitude, de patience. Malheureusement, nous devenons tous ou presque des techniciens. Nous passons des examens, apprenons telle ou telle technique pour gagner notre vie; mais acquérir une technique, développer une compétence sans tenir compte de l’état intérieur, c’est ce qui produit chaos et laideur dans le monde. Si nous éveillons la beauté créative en nous, elle s’exprime au dehors, et alors l’ordre est là.
J Krishnamurti
Zora 11.04.2014 - 19:49
Das Ich ist nichts von seinem Denken Verschiedenes, das Denken des Ich und das Ich selbst sind absolut Eins; das Ich also überhaupt nichts außer dem Denken, also kein Ding, keine Sache, sondern das ins Unendliche fort Nichtobjektive.
gtaddei1 11.04.2014 - 20:49
Merci villmols Pierrette, et ass nix originales well dei Breck ass esou oft geknippst gin ewei d'CT oder ewei Brigitte Bardot.
Deng Wieder sin herrlech obschons ech net mengen dass den Ich das Denken ist ... de recht ass super!
BlackLizzard 11.04.2014 - 20:33
Absolut Top. Perfekt symmetrie.
gtaddei1 11.04.2014 - 20:47
merci villmols
Miau 11.04.2014 - 20:59
einfach super
gtaddei1 11.04.2014 - 21:10
Merci villmols ... sin geieirt
bac 11.04.2014 - 21:07
Eng wonnerbar Opnahm 121sec. Absolut Top gtaddei1. Mengen wou ett ass fouren muer mol dohinn smile
gtaddei1 11.04.2014 - 21:10
390 km... et ass der waert ...
bac 11.04.2014 - 21:15
an 5km laang, freen mech drop
gtaddei1 11.04.2014 - 21:34
zeeland bridge...
Richie 12.04.2014 - 00:37
Propper Aarbecht geing ech emol soen. D'Linien Fluchten an Beliichtung ,wei laang se och war, ass Top
gtaddei1 13.04.2014 - 11:50
Den Effet vun der Laanger Beliitung kritt een net op PS zereck ... D'Luucht waar gleichmeissech , vill ze vill Wolleken deen Daag, fir et gudd ze mmachen dierf den Himmel net mei ewei 60-70% Wolleken hun, (Architektur puer get gudd mat 20-30% Wolleken). Dei Laang Pose get en Surreellen Effet ere deen mir super gefaellt, an um PS muss een dourno daat Surreellt prononceieren (daat heescht e bessi seng eegen Vue vun der Struktur ze hun an daat en evidence setzen waat engem gefaellt)... Am ganzen , an daat ass neidesch, brauch een ongefeier 20-40 Stonnen (Dofir 1 Foto/Woch ... net deck d'Produktioun smile )
micky-maus 12.04.2014 - 08:15
MEGA; Kennen Breck zwr nöt, awer Foto ass mier Direkt ann d'Aaen gsprong.
Wei meschtens: Pörfeckt Wörk Mösiu Taddei smile
gtaddei1 13.04.2014 - 11:44
Et ass eng bekannten Brëck zenter et en Fotothema gin ass , e bessi ewei d'Erasmus Brëck zu Rotterdam, (dei grad esou oft geknippst ass ewei d'Philharmonie (an fir d'Philharmonie ze knippsen kommen na well och Fotografen aus Holland an Däitschland) .
Märssi villmols
kokopelli 12.04.2014 - 09:14
Ech schléissen mech dem Richie an de Fränk un,Top Arbecht.
gtaddei1 13.04.2014 - 11:42
Merci wierklech
Silex 12.04.2014 - 17:45
Super gin déi doten! Mech stéiert just deen Turm deen lenks um Horizont steet. Ansonsten perfekt a ganz main Goût.
gtaddei1 13.04.2014 - 11:42
Den Tuerm hun ech do gelooss, mé et ass meiglech dass wann én en ewesch hellt dass d'Foto mei Gleichgewicht kritt... mool kucken...
Merci fir den tip
gemu 12.04.2014 - 19:50
Wouw, top
gtaddei1 13.04.2014 - 11:41
Merci villmols fir de Wouw an den Top (deen villeicht zefill ass smile )
Jeanny 13.04.2014 - 06:42
immens flott Gennaro
gtaddei1 13.04.2014 - 11:40
merci Jeanny, et freet mech
Sirius 13.04.2014 - 10:05
Gefällt mer richteg guud......bei dir wees een emmer direkt dass Foto vun dir ass smile
gtaddei1 13.04.2014 - 11:40
Des SW Serie ass e bessi mein neien Dada ... Just daat et vill Zäit kascht viru Fotoapparat an dourno immens vill Zäit virum Computer. De Problem ass eben dass nach e bessi Zäit vergoen muss bis ech mein totalen égenen Stil fannen.
Merci
Locke 13.04.2014 - 11:08
An deem Poto do, sin iwregens schéin Fesch dran( en as huel) fir kucken ze goen (wanns de dann eng Keier mat tauchen ufänks)
gtaddei1 13.04.2014 - 11:38
Hun do op manst 30 Taucher gesinn, lauter Hollänner an Belg... Sie waaren do mat super Fotokameraen... smile
Tauchen ? hmmm firwaat net ... woor schliesslech e gudden Flossenschwëmmer wou ech Jonk woor
Locke 13.04.2014 - 12:31
jo as een vun hieren Haaptsiten do, kann een awer emer just zu bestemmten Zäite an d`Waasser (weinst Ebbe a Flut)
gtaddei1 13.04.2014 - 22:31
Mengste dass do Ebbe an Flut vill beanflosst... ?
Locke 14.04.2014 - 07:43
huel daat mol un, wann d`Ebbe asetzt mierks de scho schéin weis de vun der Stréimung matgerappt gess...
kucks du hei an deier Powerpoint Säiten 10 an 11 closed_eye

http://www.dusja.net/TL2 Referat Tauchen in der Oosterschelde.pdf
gtaddei1 14.04.2014 - 19:21
oké
Maimonides 13.04.2014 - 22:19
http://www.youtube.com/watch?v=cPgTjUloUEI
gtaddei1 13.04.2014 - 22:31
http://de.wikipedia.org/wiki/A_Whiter_Shade_of_Pale

Tip Top Charles... et passt baal alles ... Surreal, Halluzinogen an firwaat net e bessi Schizoïd... En interspill tescht Reell an Imaginatioun... oder Visioun ... Mee wés du dass ech awer schrecklech Problemer hun fir mech ganz dem Surreelen ze abbandoneieren... loossen menger Fantasie net genuch Espace... an freien laaf...
Merci Charel ... deng Komment sin emmer en RDV mat der Kultur!
Conley 14.04.2014 - 00:14
Gléckwonsch gtaddei1 di multiplizéierung an't Déift an der Mëtt fannen ganz gutt gelongen!
gtaddei1 14.04.2014 - 19:21
Merci villmols opschons ech mir et guer net erwaard hun ... et waaren vill flott an haupsaechlech gudd Sachen dobai
Zora 14.04.2014 - 11:12
schon erem!!!!! awer just well ech se och gewielt hunclosed_eye, ass jo och schéin!!!
gtaddei1 14.04.2014 - 19:20
confused confused confused
Miau 14.04.2014 - 11:19
bravo Gennaro...
gtaddei1 14.04.2014 - 19:20
Merci ... an aller Eierlechkeet
Focus 14.04.2014 - 11:24
Grandios!
gtaddei1 14.04.2014 - 19:20
Uh là .. bis dohin waerd et jo nach e Steck gin mussen ... Awer vill-vill.villmols merci
marker 14.04.2014 - 12:24
..Exzellent Aarbecht..!!
gtaddei1 14.04.2014 - 19:19
Merci villmols
JohnJ 14.04.2014 - 15:06
Normalerweis ass daat heiten net esou menges, mä hei muss ech jo soen dass ech dei heiten esouguren geif bei mit ophänken ....
Verdingt gewonnen

gtaddei1 14.04.2014 - 19:19
Oh daat ass eng Eier John... So mir ewei du se wells? dann bekemmenren ech mech drems! wann deng Intentioun vum Conditionel erof kennt an Imperativ get smile
gtaddei1 14.04.2014 - 19:18
Merci villmols fir d'Ennerstezung... Et meet plaiseier!
JADE 15.04.2014 - 01:01
ët huet bis hei hinner gericht ... smile




... an ech sin wäit fort smile
gtaddei1 15.04.2014 - 12:41
waat huet gericht ?? smile de plaiseier ?
JADE 16.04.2014 - 19:12
pfffffffffffffffffffffffffff ... du dummy do! bigsmile
gtaddei1 22.04.2014 - 14:37
Ma nö ... ... ewei du et gesoot huet haett ech kennen Recht hun... smile
jorsch 17.04.2014 - 09:13
E Bild mat enger hypnotescher Wierkung. Super!
gtaddei1 22.04.2014 - 14:37
Merci gesoot... och wann mat verspeidung
Jean-Marie 18.04.2014 - 15:01
supper Foto & Gatulatioun zur Wochenfoto
gtaddei1 22.04.2014 - 14:36
Maachen mein Bescht ... Thx vilmols
Aiello 19.04.2014 - 10:09
Dei ass einfach Super...BW an alles aneres och
Gleckwensch fir dei verdengten Wochenfoto, an en Fav hannen drop closed_eye
gtaddei1 22.04.2014 - 14:36
Merci villmols
FraSi 13.05.2014 - 23:05
Super Perspektive mit Tiefblick! Die SW-Darstellung ist zum Dahinschmelzen gut!!!
gtaddei1 17.05.2014 - 13:59
Ja es liegt im Grunde (für mich mal) alles in SW Bea ... den Rest ist nur die Unterlage wo sich das Licht reflektiert
Miisamm 14.05.2014 - 18:45
oO, Weiiii laang hues du dat ausgeriicht, do kann een jo d'Pixelen zielen... Annormal exact... Dottore Camera closed_eye . Eng verbeugung firun där, an denger Gedolt smile
gtaddei1 17.05.2014 - 13:57
hun op mengem Liveview all Linnenaktiveiert ... do hun ech um Computer esouzesoen nix gemeet

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 396 Gäscht online