Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Pop

 
Pop
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.07.2006
  • Gekuckt:
    65535
  • Favoriten:
    9 (Wen?)
  • Kommentarer:
    42
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    640x427
  • Späicherplaz:
    177 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Glacenstreiselsbullendéngensgrimmelen.

Fir anzesetzen: [pg_img=7727]
Kommentar vum Fotograf:
"Et kann een nët eng Foto weisen ouni och selwer mol e Wuert driwer verluer ze hun." Domat sin ech zwar net averstan.
JADE 05.07.2006 - 20:17
....bigsmileLI-POP ?

Gutt Ëmsetzung!
CHAREL 05.07.2006 - 20:17
''Glacenstreiselsbullendéngensgrimmelen''coolLOL

Bon zum Bild schein Farwen ! Einfach eng seiss Fotosmile
Johny 05.07.2006 - 20:22
Ma Gilles, ech hun daat dohi geschriwen weinst verschiddene User dei einfach komm sin, Fotoen ropgelueden ouni iergendwou iergend eppes ze schreiwen, an dann hu se och nach net op Kommentarer gäntwert, nemmen ropgelueden. Daat ass natirlehc nët de Sënn, an fier daat bessen ze vermeiden dann daat smile

Fannen d'Foto natirlech ganz gudd, mee hätt näicht dergeint gehaat wanns de se bessen mei grouss ropgelueden häss. (also fir mech ass se awer et wärt bei den Top Fotoen ze sin.)
Kleent 05.07.2006 - 20:24
Genial! *mir fehlen die worte*
Nayna 05.07.2006 - 20:57
Wow!! einfa nemmen super deng Foto!! smile
Mojoo 05.07.2006 - 21:51
Dëss Foto hun ech schon op denger Homepage bewonnert.. excellent Aarbescht!
Erennert mech un deng Foto "Spice up your life".

Schéin knalleg Faarwen, eng staark Idee an wonnerbar Emsëtzung!

Sau gudd!!
Penguin 05.07.2006 - 22:11
Meega, eng lieweg Kamell :o)
Gefällt mir super an zumools déi flott Faarwen smile
elmuzo 06.07.2006 - 01:15
Ech haat net fir näischt deemols schon.... an dann och nach en Skorpioun hehe. Mee lo awer hei, fresch an aaanescht. Skurrill an grotesk. Jo, richteg poppeg closed_eye
Jury 06.07.2006 - 08:42
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
Knolles 06.07.2006 - 10:57
/removed/
Vince_M 06.07.2006 - 12:37
EXZELLENT.....

VINCE
Metti_Spaghetti 06.07.2006 - 14:10
Ma mech geckeg... Model mat Discodip!! Einfach genial genial genial genial genial genial genial!! Mei brauch een dozou einfach net ze soen!!
Ausser... wei krus de d'grimmelen drop?? Mat pritt??
Minaa 06.07.2006 - 19:20
Great... an bestemmt vill Aarbescht smile Amüséiers dech wuel gär mat sou Grimmelen ;P

-> Spice up your life
closed_eye
indigo 06.07.2006 - 21:18
mengen dat meescht gouf schon gesot
meeeeeeeeeeeeeeeeeeeeggggggggaaaaaaaaaaaaaaaaaa!!!!!!!!!!
klex 06.07.2006 - 21:49
Majo schléisse mech deenen aaneren mol un, gin awa enner aanerem och e puer Kritiken oof closed_eye

D'Foto mecht e bessen en düsteren Androck... ok, lo net falsch verstoen! Nemlech net direkt düster, mee net sou peppeg, hell, a knalleg wéi et méiglech wär! Wees net wéis de dech ugeluet hues mat der Beliichtung, mee d'fehlt ménger meenung no nach bessen Luucht vu fir. Den Hannergrond ass wäiss mee kéint mer virstellen dat et nach besser géif wirrken wanns de e ganz liichten Dégradé drann häss... vun hell op ganz hell. Well en nemlech net schéin Wäiss ass mee äusgefriess... gesäit een beim Aarm an beim Ouerrrank (dowéinst wiirkt de rescht och nach méi däischter). Am Studio hätt een do secher nach vill méi méiglechkeeten waat daat ganzt Geliits ugeet! Wär derwärt et engkéier ze probéiren!


Sou, lo kommen di gudd Punkten smile D'Déifeschärft ass ganz flott, su kleng wi se gehaal ass. D'Iddi wi ech scho soot och. D' Model souwisou, kann dech nemme beneiden! Ech hu jhust e Brudder deen derbäi o net well geknipst gin...

Nujee, wi schon su oft gesoot, jo... widderhuelen mech oft... d'Foto ass wiirklech gudd, mee Technech (Suwuel Photoshop wi Luuchtméisseg) sin ech der Meenung dat se nach eng ''Grimmelschen'' besser kéint sin closed_eye
gloda 08.07.2006 - 07:58
Ech sin eng Null mat Luuchten. Hei war Luucht vun hannen duerch en Rido fir en wäiseen Hannergrond ze hun (ech hun soss keen) an en Spigel vun fier fir nach en bessen ze beliiten, war awer net déck. 't as schon genuch Photoshop dragefloss smile
patty 06.07.2006 - 22:35
dei ass jo cool super arbescht ganz flott! schein aaen leiwt gesiicht! einfach top! du häss bestemmt vill vote fier des gelongen foto kritt!
Mohae 07.07.2006 - 17:46
Genial gemacht. Das gefällt.
Hannah 13.07.2006 - 23:04
Fannen di Foto einfa deck cool, daischteren Ouerrank/Mascara am Contrast zu peppege Kamellen.
Just wat ech iwwerhaapt guer net gudd fannen ass den verweschtenen Kieper.
Deen verschlechtert d'Foto menger Meenung no, well och d'Kenn liit verschwemmt...
Mee dat ass Affaire de Gout.
Den ierweschten Deel ass top bigsmile An d'Iddi sowisou!
paikea 26.08.2006 - 02:16
http://adbusters.org/the_magazine/

daat interesseiert dech vielleicht! smile
gloda 27.08.2006 - 18:14
Jo, dat mat den Neel gesäit flott aus.
Mulanski 02.09.2006 - 22:57
Hallo Gilles. As dat do zoufaellegerweis d´Carmen oder d´Denise ? (Annick, dem Carlo säint)
gloda 04.09.2006 - 15:20
Jop, 't as d'Carmen.
Kwitchibo 22.09.2006 - 20:27
LECKER de recht as schon gesoot gin!!! SUPER! alles lecker!!
Gilgamesch 10.10.2006 - 21:16
Scheisse firwat sin ech net op dei Idee do komm. Ech muss mol mei oft op deen Site hei kommen dann gin ech och mol mei kreativ. smile
sommerspross10 08.11.2006 - 15:08
Schein faarwen mat denen " Glacenstreiselsbullendéngensgrimmelen" weiss du sees, an dann mam schwarzen kajal an mat den ouerreng, gesait einfach mega aus!
wei krus du dei bullendenga am Gesiit zum haalen?
gloda 08.11.2006 - 22:36
Nivea Crème.
Kwitchibo 08.11.2006 - 22:51
hihihi voila!!it s magic
prusselise 28.11.2006 - 16:26
Mengen as schon alles gesoot --> Immens dess Foto!
Kaboo 11.01.2007 - 14:49
Ech fannen d'Idee genial an se as gudd an Szen gesat. Gefällt mer closed_eye
zarina 11.03.2007 - 20:47
einfa nemmen meeega!
erennert mech u pop art... smile
Prometheus 28.03.2007 - 10:54
Wirklech supersmile Wuar bestemmt vill Arbecht, mee et huet sech gelountsmile
sutewi 20.05.2007 - 13:31
uwaaah! :D
lo erkennen ech dein model jo mol! xD boah sin ech lues cool; ja d'carmen smile hehe war bei him an da primair schoul x)

d'foto ass einfa mega gin cool zu recht topfoto =]
paranormal 04.11.2007 - 18:54
ech fannen och dat een net onbedengt eps zu enger foto muss soen. d foto seet et io.
Chloe 16.02.2008 - 20:01
uaaah dcarmen.
hat di foto schon enker ob senger hp gesin mengench
haha di ass dek gudd gin respekt smile
Jacky 05.04.2008 - 13:26
wow.. super idee an och super emgesaat closed_eye
sommerspross10 29.04.2008 - 17:59
so dain model, as dat zoufälleg d carmen?
gloda 29.04.2008 - 18:16
Den Numm Carmen steet 4 mol an den Comments driwwer. Jo.
jegas 08.05.2008 - 16:56
Flotten Model.
tennes 10.09.2008 - 18:30
immenz idee!!
do kritt een direkt loscht op eps seisses...smile
Poly 20.09.2008 - 21:44
eng gudd idi fir e becker vun uwerkuer
Alice 26.10.2008 - 15:31
miam smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 331 Gäscht online