Schéin Nathalie dass de mol nees een Makro weis. Mir gefält den Héichformat am beschten an zwar wéinst dem schéinen faarflech strukturéierten Hannergrond. Leider mécht drop klicken awer keng besonnesch Freet. De Queeschformat passt nach just op mäin 27Zoll Bildschierm. Awer beim Héichformat hunn ech dann nëmmen Queeschformat, an kann den esou net genéissen. Zousätzlech Raucht se an där gréisst och hefteg. Ech mengen hei stemmt eppes net Bild huet nëmmen eng gréisst vun 600X800 ech hunn mir mol erlaabt ze kucken. An beim drop klicken ass se riseg! Also net deng schold!
Ech hun Fotoen lo mol ersaat, et muss wuel eppes beim export schief gelaaf sin, et wuar wirklech extrem vill rauschen dran, ech hoffen dass se lo besser sin. Ech hun se och lo mol op 1200 pixel erof gesat, dann missten se och lo op dein ecran passen...
Vill besser esou de Queeschformat, et steet zwar nach ëmmer 600x800 do wann ech Foto eroflueden fir gréisst ze kucken beim Héichformat. De Queeschformat 1200x800 do stemmt elo Qualitéit.