Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Phil am Reen

All Fotoen an dëser Serie:
39891 Thumbnail
39892 Thumbnail
39893 Thumbnail
Phil am Reen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.02.2014
  • Gekuckt:
    18689
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    37
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Philharmonie  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=76848]
Kommentar vum Fotograf:
Mäi Material war phil naass, awer huet de Reen ouni Schued iwwerlieft.
Zora 11.02.2014 - 18:39
Quadratisch, praktisch, gut!!!
Immens flott!
jorsch 12.02.2014 - 19:32
Hm, Mëllechschokela oder wat? smile
Merci Zora, ganz originell!
Zora 12.02.2014 - 19:40
genau daatclosed_eye
Paul-H 11.02.2014 - 20:35
Super Jorsch, schéin Serie !
jorsch 12.02.2014 - 19:31
Merci Paul-H.
Metalbambi 11.02.2014 - 21:02
Cool gesicht, cool fonnt!
jorsch 12.02.2014 - 19:31
Coole Kommentar, Merci! smile
Miau 11.02.2014 - 21:36
Eng Serie die gefällt jorsch
jorsch 12.02.2014 - 19:30
Merci Miau!
micky-maus 11.02.2014 - 22:15
Super Idee, flott Resutat.... Besonnech dei 2. gefällt. smile
jorsch 12.02.2014 - 19:30
Merci micky-maus, freet mech.
Conley 11.02.2014 - 22:15
Schéin Street jorsch!Woubäi mir di geschwongen Linnen tëschent dem Liicht an de Schieter um Buedem am Reen an am S/W ganz gutt gefalen! An ëmmer een Fues um Buedem. Dass Leit aus dem Bild lafen an net eran, ass hei erfrechent anescht gewisen! Ass jo awer Kloer bei dem Wieder! closed_eye
jorsch 12.02.2014 - 19:30
Merci Conley, fir deng Analys vun de Biller.
So du mer nach just ( wann s de wëlls ) , wéi eng däi Favorit ass, ech kréie mech hei schwéier ëntscheed.
Conley 12.02.2014 - 21:35
Am klengen fält mir déi zweet direkt op, net wéinst dem Format. Mee wéinst der Linn déi sech esou schéin duerch Bild schlängelt. Oder de Bléck eran leet. An där eichter stéiert e bëssen lenks uewen
deen Dräieck mat de Sailen. Am flottsten ass Fra, wéinst dem Präbbeli an dem Weenchen. Di ass mir uewen een bëssen ze enk. An ënnen stéiert deen donkelen Schied. An beschten ging mir Fra op der zweeter gefalen. Awer hei ass jo keen Wonschkonzert. closed_eye Dofir bleiwen ech bei der zweeter!
jorsch 13.02.2014 - 15:22
Merci Conley fir däi genaue Verglach vun den dräi Biller.
Ech huelen elo och di 2. vir!
Conley 13.02.2014 - 23:56
smile
p-foto 12.02.2014 - 08:54
Beim Titel hun ech schon bal geduecht du häs do den Phil Collins erwëscht ! smile
Flott Spiggelungen an Kontraster!
jorsch 12.02.2014 - 19:27
Merci p-foto.
Un deen hat ech nach net geduecht! smile
rosch2014 12.02.2014 - 09:10
Eng ganz schein Serie. Zemols di 1. gefällt mer ganz gut weinst der Spigelung vun dem Mann an Opbau vum Bild.
jorsch 12.02.2014 - 19:26
Merci rosch2014.
Du bass fir 1, an ech weess nach ëmmer net fir wat ech sinn.
suraki 12.02.2014 - 09:35
heee, ... mol eppes ganz aneschters cool (a naass)
Vun elo un gëtt et keng Ursaach méi fir dat PG'ler bei schlechtem Wieder um Kanapee leie bleiwen.
jorsch 12.02.2014 - 19:26
Voilà, du sees et! Eraus an net op gudd Wieder waarden! Soss gëss de dëst Joer gro!

Merci suraki, däi Kommentar huet mech gefreet.
gemu 12.02.2014 - 09:40
Wonnerbar jorsch, besonnesch flott awer fir méch di 2. d'Structuren um Buedem féieren den Bléck hei richteg flott op den Passant, bei deenen Biller généisst een richteg daat schlecht Wierder.
jorsch 12.02.2014 - 19:24
Merci, däi Kommentar an de Fav. freeë mech.
Ech konnt mech net fir eng vun deenen dräi entscheeden, dofir d'Serie.
gtaddei1 12.02.2014 - 18:07
Street Foto regel: Stell dech op eng Plaatz an warste bis den Zoufall dir d'Foto schenkt... Wertvoll ewei eng Gudd Makro oder eng Deierefoto
jorsch 12.02.2014 - 19:19
Merci gtaddei1 fir de Kommentar!
Just hei war d'Waarden net ganz gemitterlech! smile
Den Zoufall war hei allerdéngs e bësse geplangt. ( Och wann dat kontradiktoresch kléngt )
gtaddei1 12.02.2014 - 19:52
jo et kenn een och eppes forceieren
jorsch 12.02.2014 - 19:54
Also: Ech hunn op Passante gewaart, et sinn awer keng Statisten!
gtaddei1 12.02.2014 - 19:54
dann ok bigsmile smile
galileo 12.02.2014 - 19:40
Flotte SW; mir gefällt déi 3. am beschten. Spiggelungen, Strukturen, a Bildopbau passen do gudd beieneen. An d'Persoun mam Präbbeli Weenchen ass méi interessant.

Eng Propose fir déi nächste Kéier: mach se mat 1/10 oder 1/5 oder esou, wëll ech mengen, mat bëssen Bewegungsonschärft op der Persoun kéint se och interessant gin ?!
jorsch 12.02.2014 - 19:50
Merci fir de Kommentar, galileo!
Lo hu mer jo all Bild als Favorit op der Lëscht. smile
D'Iddi fir méi laang ze beliichten ass gutt, d'Beweegunge vun de Persoune gi méi dynamesch. Allerdéngs misst ech da mat dem Stativ schaffen. Am schloe Reen stellen ech mir dat zimlech couragéiert fir. Oder ech musst mer e fixe Prabbeli un de Stativ montéieren... dat kéint goen! Wann d'Passanten dann net ze vill komesch kucken, op de Biller?! smile
apu 12.02.2014 - 21:58
Gefällt mer ganz gudd
jorsch 13.02.2014 - 15:20
Merci apu.
Jacques 13.02.2014 - 09:20
Tiptop Jorsch!
Nummer 2 gefällt mer besonnech gudd.
jorsch 13.02.2014 - 15:23
Merci Jacques.
Ech hunn di 2. elo och virgeholl.
Jean-Marie 14.02.2014 - 12:08
Dei 2t ass supper, schein Spigelung , et spiert een den Reen richteg, gut festgehal smile
jorsch 14.02.2014 - 17:56
Merci Jean-Marie, dat freet mech!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 284 Gäscht online