Schéin Street jorsch!Woubäi mir di geschwongen Linnen tëschent dem Liicht an de Schieter um Buedem am Reen an am S/W ganz gutt gefalen! An ëmmer een Fues um Buedem. Dass Leit aus dem Bild lafen an net eran, ass hei erfrechent anescht gewisen! Ass jo awer Kloer bei dem Wieder!
Am klengen fält mir déi zweet direkt op, net wéinst dem Format. Mee wéinst der Linn déi sech esou schéin duerch Bild schlängelt. Oder de Bléck eran leet. An där eichter stéiert e bëssen lenks uewen
deen Dräieck mat de Sailen. Am flottsten ass Fra, wéinst dem Präbbeli an dem Weenchen. Di ass mir uewen een bëssen ze enk. An ënnen stéiert deen donkelen Schied. An beschten ging mir Fra op der zweeter gefalen. Awer hei ass jo keen Wonschkonzert. Dofir bleiwen ech bei der zweeter!
Wonnerbar jorsch, besonnesch flott awer fir méch di 2. d'Structuren um Buedem féieren den Bléck hei richteg flott op den Passant, bei deenen Biller généisst een richteg daat schlecht Wierder.
Merci gtaddei1 fir de Kommentar!
Just hei war d'Waarden net ganz gemitterlech!
Den Zoufall war hei allerdéngs e bësse geplangt. ( Och wann dat kontradiktoresch kléngt )
Flotte SW; mir gefällt déi 3. am beschten. Spiggelungen, Strukturen, a Bildopbau passen do gudd beieneen. An d'Persoun mam Präbbeli Weenchen ass méi interessant.
Eng Propose fir déi nächste Kéier: mach se mat 1/10 oder 1/5 oder esou, wëll ech mengen, mat bëssen Bewegungsonschärft op der Persoun kéint se och interessant gin ?!
Merci fir de Kommentar, galileo!
Lo hu mer jo all Bild als Favorit op der Lëscht.
D'Iddi fir méi laang ze beliichten ass gutt, d'Beweegunge vun de Persoune gi méi dynamesch. Allerdéngs misst ech da mat dem Stativ schaffen. Am schloe Reen stellen ech mir dat zimlech couragéiert fir. Oder ech musst mer e fixe Prabbeli un de Stativ montéieren... dat kéint goen! Wann d'Passanten dann net ze vill komesch kucken, op de Biller?!