Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Vullen an eisem Gaard

 
All Fotoen an dëser Serie:
39671 Thumbnail
39672 Thumbnail
39673 Thumbnail
39674 Thumbnail
39675 Thumbnail
Vullen an eisem Gaard
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.01.2014
  • Gekuckt:
    21403
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    EOS 70D
  • Objektiv:
    EF 70-300mm 1:4,0-5,6 IS USM
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:
ouni Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=76616]
Kommentar vum Fotograf:
Hun mech geschter mol ouni Stativ mat den Vullen an eisem Gard beschäftegt :-)
Lobo 26.01.2014 - 17:06
wow!! dei sin excellent, einfach top!! smile dei eischt gefällt mer am beschten smile
Jean-Marie 27.01.2014 - 11:18
Villmools Merci Lobo, hat elo net mat esou vill Feedback gerechent, dat deet jiddefalls gut smile
An och merci fir den Favorit ech wees zwar elo net wat dat bedeit wann eng Foto als Favorit gesat get..
gtaddei1 26.01.2014 - 19:31
waat eng herrlech serie
Jean-Marie 27.01.2014 - 11:18
Villmools Merci gtaddei, hat elo net mat esou vill Feedback gerechent, dat deet jiddefalls gut smile
gtaddei1 27.01.2014 - 21:13
verdengt ass verdengt... an wann mei desto mei gefaellt et ..
Jean-Marie 30.01.2014 - 17:22
smile
Maimonides 26.01.2014 - 20:48
Top Série, Jean-Marie:
zumols di 5.
Jean-Marie 27.01.2014 - 11:19
Villmools Merci Maimonides, hat elo net mat esou vill Feedback gerechent, dat deet jiddefalls gut smile
Miau 26.01.2014 - 20:52
Schéin Jean-Marie
Jean-Marie 27.01.2014 - 11:19
Villmools Merci Miau, hat elo net mat esou vill Feedback gerechent, dat deet jiddefalls gut smile
jorsch 26.01.2014 - 21:30
Ganz flott Serie, besonnesch gefale mir 2,4,5!
Jean-Marie 27.01.2014 - 11:19
Villmools Merci Jorsch, hat elo net mat esou vill Feedback gerechent, dat deet jiddefalls gut smile
rosch2014 27.01.2014 - 08:58
Eng ganz chein Serie.Am beschten gefällt mir denn 3
an den 4.
Jean-Marie 27.01.2014 - 11:19
Villmools Merci, Rosch hat elo net mat esou vill Feedback gerechent, dat deet jiddefalls gut smile
p-foto 27.01.2014 - 14:40
Di véiert fannen ech am flottsten wëll d'Meis do direkt an d'Kamera kuckt! smile
Jean-Marie 27.01.2014 - 20:39
merci, mir huet dei am ufank och am beschten gefall smile keint een mengen sie wir am Studio gemeet
Jacques 28.01.2014 - 08:17
Salut Jean-Marie,
hun mech mol e bessen matt dengen Fotoen befast an wanns du eppes géifs drun änneren dann wären se nach besser.
Nummer 2,4 an 5 gefalle mer am beschten.
Bei Nummer 1 stéiert e bessen den Hannergrond an Nummer 3 ass leider onscharf.
Du weis deng Fotoen ganz grouss wat ech och flott fannen mee wanns du se méi genau kucks dann geséiss du zumolls am Hannergrond dass d'Qualitéit drenner gelidden huet.
Ech war esou frei deng Fotoen erofzelueden an hun festgestallt dass d'Jpeg-Qualitéit op 8 war( wahrscheinlech fir ennert 900kb ze bleiwen)
An dofir ass d'Qualitéit vun dengen Fotoen net esou gudd.
Wann du den Original méi kleng mess an matt voller Qualitéit(10) an Jpg emwandelst esou dass se ennert 900kb bleiwen dann sin se wonnerbar.
Du kanns se och nach licht entrauschen an dann sin se topsmile
Probéier molsmile
Jean-Marie 28.01.2014 - 17:54
Supper , ech sin emmer frou iwer sou een konstruktiven FeedBack, nemmen esou kann ech eppes beileieren.
Dat mat der Obleisung an der Jpeg Qualiteit hun ech effektiv gemeet well den System bei der Greisst vun den Fotoen gemeckert huet an ech hun dun radikal verklengert an och net nogekukt. Ech wert dei nächsten Keier do besser obpassen an sou weis du sees fir d'eischt Foto Obleisung ob 800 bis 1000 Px eroofsetzen. Ech probeiren dat den Owend och mol direkt aus.
Mat der Onschärft sin ech e bessen um verzweifelen. Mein 70D produzeiert mir relativ vill onscharf Biller obwuel ech selektiven Focus ob d'A machen. Sie sin net verwackelt mee einfach net scharf smile
Mat dem entrauschen do muss ech mech bessen schlau machen hun mir den PS erreicht virun kurzem ugeschaft an sin do nach absolut net fit mee mat den Filteren oder bei der Raw Entwecklung misst do jo eppes ze machen sin. Jiddefalls villmols merci dass du dir Zeit fir meng Fotoen geholl hues an och fir all eenzelnen Tipp dat brengt mech bestemt weider.
Jacques 29.01.2014 - 08:14
Gärgechittsmile
Bei där 3.Foto déi onscharf ass, kann et vielleicht sin dass du deng Kamera agestallt hues op "Auslösepriorität" anstatt op "Schärfepriorität". Ech hat och schon deen Problem an wéi ech se dun emgestallt hun wart et ok, well sie leist dann erreicht aus, wann d'Schärft agestallt ass. Dat ass eng Méiglechkeet, mee et muss net onbedengt dorunner leien.
Jean-Marie 30.01.2014 - 17:21
Ech mengen beim Canon kann een dat net esou direkt astellen. Bei Serienobnahmen kann een verschiden Parameteren änneren dass en erreicht ausleist wann scharf gestalt ass.
Mee ech machen meng Obnahmen meeschtens am "Einzelbild" mat "One Shot" an do soll am Prinzip emmer Schärfenpriorität sin.
Heinsdo huelen ech och "Al Focus", an deem Modus ännert en automatesch bei Bewegung ob "Servo" Betrieb an do keint dat effektiv den Problem sin , dat muss ech mol an der Gebrauchsanweisung nosichen. Dann passen ech do mol an Zukunft dorop ob smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 502 Gäscht online