Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Es ist MEINE Welt

 
All Fotoen an dëser Serie:
39251 Thumbnail
39252 Thumbnail
39253 Thumbnail
39254 Thumbnail
Es ist MEINE Welt
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.11.2013
  • Gekuckt:
    13350
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    verschidden
  • Fotoapparat:
    Bo
  • Objektiv:
    verschidden
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=75912]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Reflexioun iwert waat mir woren an waat ais Kanner gin sinn ... Sie sinn net aneschters ewei mir och wooren ... Mé e fehlt eppes ganz wichtesches
Spiritualiteit! als Geigensatz zum Materialismus an Liberismus

Des Fotoen sin am Museum zu Bonn geknippst gin... wichtesch ass waat én knippst ... net wou an vun wiem
MsJarryman 29.11.2013 - 01:07
Genau dat doten Thema hate mer den owend ënnert Frëndinnen. Eng Perspektif, wéi, wat? Erschreckend richteg, dat Doten. Super festgehalen.
gtaddei1 01.12.2013 - 22:19
An waat woor d'Conclusioun ... ?
Jeanny 29.11.2013 - 06:30
Ech fannen et schwéier hei däi richteg Wierder ze schreiwen, fir mech auszedrécken ( kenne gären doriwwer Diskutéieren.)
Jo.....Wat hate mir eng schéi Kannerzäit!
Eng ganz flott a nodenklech Serie Gennaro.
gtaddei1 01.12.2013 - 22:22
Mé dann misst én mool seng Wieder sichen Jeanny, fir dann weider ze Kommunizeiren... Ech mengen dass d'Roll vun den ëlleren (ech och) do schrecklech wichtesch gin ass fir mool nees e bessi Spirituliteit an des Welt ze brengen... Den ReligiounUnterecht oofzeschaafen ass e fehler no menger Meenung , well an enger reformter Facong geif et vill brengen ... (cf Popst Franziskus) ... Mat waat get den Unterecht dann ersaat ... SozialKunde? ...?
Shantideva 29.11.2013 - 10:42
An wien huet wuel déi Welt geschaaf mat der d'Jugend vun klengem un konditionéiert gëtt? De Problem ass net d'Jugend. De Problem ass d'Ignoranz an d'Gier vun eisen Generatiounen. Dat hei ass just déi normal Konsequenz dovun. Et ass schéin wann déi äler Generatioun op des Entwecklung kann kucken awer d'Problem ass net do ze sichen. Dat do ass just een Symptom. Villäicht sinn jo verschidden Judendlecher dobäi déi méi schlau sinn wéi hier Eltern an d'Aen opmachen. Awer hannert den Schäiklappen vun den Sozialen Medien ass dat schwéier méiglech. Déi meescht perpetuéieren an iwwertreffen just d'Dommheet vun den Virgänger an déi kucken och eng Kéier (an 20-30 Joer), genau wéi mir, op d'Resultat, an stellen sech déi selwescht Froen.
Schéin Serie. smile
Zora 29.11.2013 - 10:53
Bravo!!!!
gtaddei1 01.12.2013 - 22:19
Absolut... nix kennt par hasard ... zemools eng Sozial Entwecklung...
Mir sinn natirlech Schold drunn, aise Mangel u Froen dei mir ais al Daag stellen, D'Faillite vum 68 an seng Frostellung dei ennergangen ass an Cliché'en , Drogen an nai geschaffenen Reichtum. Des Konsumgesellschaft kenn nemmen Habgierde produzieren an instigueiren soss haett sie keng Daseinsberechtigung...
Deif Iwerleeung Shanti
Merci
Zora 29.11.2013 - 10:58
eis Kanner gin just daat wat mir aus hinnen man, kanner gin haut verwinnt, well Elteren allen zwee mussen schaffen goen, an dofir en schlecht Gewessen hun, die meescht Kanner gin an Krechen oder Maison Relaien grouss gezunn an daat mierkt een, et ass keen richtegen Familienhalt méi do, well Elteren meeschtens just nach den Sonnden hun fir eppes ze ennerhuelen, an dofir awer keng Loscht méi hun, well se ganz Woch geschafft hun!!!!
En ganz wichtegen Thema hues de do obbruet, gefällt mer super!!!
gunman 29.11.2013 - 13:09
Ma obschons et elo hei jo net em eng Photo geet, mais daat waats Du do scheiws, daat ennerschreiwen ech zu 100 %... mais ech mengen mir sinn an der Minoritéit mat onser Meenung, oder...
Zora 29.11.2013 - 13:51
Et bleiwt engem jo och näischt aaneschters iwreg, vir net ob der Grenz vum Aarmut ze stoen....leider!!
gtaddei1 01.12.2013 - 22:31
Do hueste recht Pierette...
Mee meng Mamm huet och geschafft an mein Papp och... Et sinn einfach d'Valeuren dei mir aise Kanner matginn... Op elo Buddhistesch, Hindu oder Chreschtlech Valeuren sinn? oder nemmen daat waat mir fir richtesch fannen ... et ass no menger Meenung wichtesch dass mir e Kontrast schaafen tescht dem Materiellen , Habgierde, Hypokrisie an den Wichtesche Werter an engem MenschenLiewen. Dei Valeuren sinn op der Ganzer Welt an an all religiounen dei selwescht...
Laider ass alleng nemmen daat waat schons an der Nationaler an Internationaler Politikwelt geschitt ass eng Uspornung op d'Volonté de Pouvoir (ökonomesch, Sozial, PErseinlech asw...) an esou eng Invitatioun fir aisen Ech nach mei Hypertrofesch egoistesch ze maan ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 439 Gäscht online