Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mir wollten eemol.......

 
All Fotoen an dëser Serie:
38413 Thumbnail
38414 Thumbnail
38415 Thumbnail
38416 Thumbnail
Mir wollten eemol.......
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.09.2013
  • Gekuckt:
    18328
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Originaldatum:
    august 13
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MarkII
  • Objektiv:
    Canon 70-200mm f/2,8L IS USM
Kategorie: Natur »» Allgemeng
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:
Converter x2

Fir anzesetzen: [pg_img=74885]
Kommentar vum Fotograf:
..d'Walrossen an der Arctik, beim Äisblock gesinn!
op eemol huet den Aisblock sech beweegt a Stëppches mat eis gespillt!!!
Do heescht et ganz roueg ëmdréien , an sou séier wéi méiglech a Secherheet ze kommen,
sollt et zur Konfrontatioun kommen , muss de Petz erschoss gin, an deen geschoss huet, muss sech geriichtlech verantworten, et droot him eng Prisongsstroof, wann et nët direkt Noutfall war
mir haaten et geschafft eis séier ewech ze maachen! uff do kritt ee schon Schiss
Maimonides 13.09.2013 - 22:54
Di 3. wär eng Top Foto wanns du do méi wi 200 mm gehat häss.

Schéin Série, Michèle.
mischii 14.09.2013 - 11:58
Merci Charel,
jo mam Converter sinn ech op 400mm komm,méi déckt Material konnt ech leider net matschleefen, et ass schon e bessi Schued, mee et ass awer eent vu menge Lieblingsbiller closed_eye
Maimonides 14.09.2013 - 17:33
...da bleiwt nach just méi enk ze cadréieren, Michèle,
mais och wann dat neischt gët
ass et nawell égal.

Di "Petzi's Binette", just iwert dem Kisel,
bal wéi eng Mask,
mat deem fette Speck hannendrun,
ass, ganz einfach, d'Réalitéit.

closed_eye
mischii 14.09.2013 - 22:28
probéiren, mee et gëtt en immensen Verloscht u Quali, fir den Internet nach gudd, fir den Drock impossible!
Maimonides 14.09.2013 - 23:01
Looss se su sin wéi se ass, Michèle.
gtaddei1 14.09.2013 - 10:57
Ganz flott serie ...
De Bierchen do niewendrunn gesait awer butzesch aus...
mischii 14.09.2013 - 11:54
merci Gennaro, jo do gesäit wéi rieseg fett e Walross ass ,
d'Biire kréien déi och net gefriess, si warden just drop, dass se an d'Waasser gin, fir dann di schwaach Jongdéiren ze huelen
De Biir schengt mer och nach net ganz aal ze sinn, well hien sou schéi wäiss ass, mee ëmmerhinn huet e méi wéi 2 Joer, soss wär en nach bei der Mamm
gtaddei1 15.09.2013 - 08:48
Jo ...
jps 14.09.2013 - 16:24
Dat muss jo en super Erliewnes gewiescht sin Michèle smile
mischii 14.09.2013 - 22:12
daat war et, ech schaffen nach un der Verdauung
BlackLizzard 14.09.2013 - 21:50
Déi drëtt ass genial, wéi do den Pëtz iwwert den Hiwwel ewëch luusst.
mischii 14.09.2013 - 22:22

merci BlackLizzard
si frou en sou erwëscht ze hun, mee et war eis do nët méi sou geheier , well di Petzen laafen mat 30km/h, do haate mir keng Chance, a wéi heescht et an der Arktis:
den Letzten frisst der Bär!
BlackLizzard 14.09.2013 - 22:25
Do ass et vu Virdeel wann een mat schwéierem Foto-Material ënnerwee ass.

Wann ën dat nämlech ewech geheit kann een méi séier laafen smile
mischii 14.09.2013 - 23:50
30 km/h, geet och ouni Material net,
d'Tundra ass e schwéiert Gebidd zu Fouss, do ass een mat 3km/h scho ganz schnell ënnerwee
MsJarryman 15.09.2013 - 10:52
Eng beandrockend Serie, déi drëtt einfach genial.
mischii 15.09.2013 - 12:22
smile smile , Merci MsJarryman
Jeanny 15.09.2013 - 13:38
wat flott Momenter a bei deier dretter muss en schmunzelen
mischii 15.09.2013 - 14:35
Merci Jeanny, lo kann ech och schmunzelen,
bei der Géigeniwwerstellung, war et mer awer net méi sou egal
gemu 16.09.2013 - 08:07
Ech mengen, spéitestens bei der 3. Opnaam gouf et Zäit fir ëmzedréien closed_eye. Daat ass jo awer sëcher net di selwecht verschlofen Band, déis de vun der aanerer Säit geknipst hues.
mischii 16.09.2013 - 09:32
genau, an héich Zäit!!
duerno hu mir eng zweet Kolonie fonnt, wou kee Petz an der Géigend war smile
Frasigi 17.09.2013 - 00:44
Unglaublich!!! Da fehlen mir jetzt aber die Worte! smile
mischii 17.09.2013 - 00:54
gut ,dass mir nicht die Rückwärtsschritte fehlten!!
Danke Sigi

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 414 Gäscht online