aw déi gefalen mer ganz gutt, déi éischt mat Ofstand am beschten! ganz intressant mat den donkelen Spueren, an S/W ass och super! Déi zweet gefält mer och ganz gutt awer do fannen ech d Spueren ënnen net sou ideal.
Merci fir dein Kommentar! Freet mech dat meng Fotoen gefaalen.
Jo, bei der zweeter kommen dei deichter Streifen net wirklech zuer Geltung an hunn warscheinlech och just mir epes gesoot, well ech nach daat ronderem (dh den ganzen Strand deen sou ausgesinn huet) am Kapp hunn.
mengen dei eischt gefällt mer am beschten!
dei 3. huet mer net genuch Aussoh an bei där 4. wierkt et wei wann dBlend ze grouss gewiecht wier (liicht onscharf no hannen?)
Jo, dei Eicht ass och mat Oofstand meng leifsten.
Dei 3. fannen ech och dat sou am Klengen net ganz riwer kennt, wann een se awer am mei Groussen firun sech huet, erkennt een nach puer Detailer, dei menger Meenung no der Foto nach besi epes ginn ( wei zb d'Meif dei een lo hei nemmen relativ schlecht erkennt...) Jo, dei 4. hät se sollen rausloosen, passt net ganz an d'Serie an ass wirklech scharf genuch an der Deift. Naja, lo bleift se drann
Knackegen s/w, fannen ech och gutt