Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

The dark hedges

 
The dark hedges
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.08.2013
  • Gekuckt:
    21548
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    98 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    600x900
  • Späicherplaz:
    393 KB
  • Originaldatum:
    2013:08:06 17:20:39
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon EF 24-105 f/4
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:
Lightroom

Fir anzesetzen: [pg_img=74519]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Plaz déi ee sou quasi néirens an engem Guide fënnt, einfach eng kleng Strooss déi iwwer sou 300m ongeféier ausgesäit wéi an engem Märchen.
Conley 28.08.2013 - 18:40
Eng ganz flott Platz hues de fonnt awer bestëmmt erëm keen Stativ der bäi?
Johny 28.08.2013 - 18:44
Ech hun déi net fonnt, ech si se siche gaang. An wisou "erëm kee Stativ derbäi?" Mer haten et amfong derbäi awer dës Foto ass gemaach ginn wou mer um Réckwee ware bei den Auto, dofir héigen ISO tongue
Conley 28.08.2013 - 18:58
Well déi mécht Leit et oft net derbäi hunn. An mat enger aner Blend wier dës Foto bestëmmt besser ginn tongue
Johny 28.08.2013 - 22:46
Mir haten et quasi ëmmer derbäi, de Gros vun allen Irlandfotoen ass och mat Stativ gemaach smile
Conley 28.08.2013 - 23:20
Ech hunn et bestëmmt och net schlecht gemengt. Well Motiv ass Wonnerbaren an de Cadrage hues de och gutt gewielt. Just ech kann do näischt fannen wat Schaarf ass. An och mam Stativ wier se ouni Spigelvirausléisung bei där Beliichtungszäit net richteg Schaarf ginn. Hänkt awer erëm vum Stativ of.
Johny 28.08.2013 - 23:30
De Schäerfepunkt läit op den éischte Beem, also hei uewen riets am Bild, an dat ass och schaarf. Kuck d'Foto am méi groussen (klick drop), well beim Verklengeren um Server geet ëmmer bëssen Schäerft verluer. Et hätt zwar kenne méi schaarf sinn, ass awer wäit wech vun net schaarf genuch well soss hätt ech d'Foto mol net um Harddisk gehal closed_eye
Conley 29.08.2013 - 00:09
Jo ouni drop ze klicken hätt ech dir elo bestëmmt keen Komentar geschriwwen. De Schäerfepunkt hunn ech och direkt gesinn. Schäerft ass jo och acceptabel . Awer wann's de an der Makrofotografie Hantéiers fält der esou eng Klengegkeet direkt op. An Konstruktiv Kritiken ginn der leider net méi vill geschriwwen an meeschtens och net akzeptéiert unhappy
Johny 29.08.2013 - 00:11
OK, also onrecht hues de jo och net dass se hätt kënne méi schaarf sinn, war just blöd dass ech d'Foto just um zréckgoen aus der Hand gemaach hunn. Awer ech denke suguer wann een d'Foto grouss print gesäit een net dass se net sou schaarf ass wéi se kéint sinn smile
Metalbambi 29.08.2013 - 16:26
Hätt vläicht och gehollef den Bam mat vill Efeu aus der rietser Rei relativ an der Mëtt ze fokusséieren an déi kleng Blend ze loossen. Dann hues de en schäerfen Punkt am Bild an duerch déi oppen Blend bleift awer den mäerchenhaften Touch erhalen, deen mat voller Déiftenschäerft sécher feelen géif!
gi87 28.08.2013 - 19:56
Vir mech Woche... schon ! Dei ass richteg Geil, Perspektiv, dei Kromm Bämm, Lucht dirigeiert de Bleck hei richteg an deiwt ! Einfach Märchenhaft bigsmile
Johny 28.08.2013 - 22:47
Jo märchenhaft ass déi richteg Beschreiwung fir déi Plaz. Freed mech dass se der sou gutt gefällt smile
suraki 28.08.2013 - 20:36
wow ... schonn zeg X gesinn ... awer net esou !
fir mech ass dëst hei eng Wochefoto.
Johny 28.08.2013 - 22:48
Interessant well ech kennen awer am fong vill Fotoen vun der Plaz déi vill besser sinn smile Awer sinn natirlech trotzdem frou wa se gefällt!
suraki 28.08.2013 - 23:01
mer gefällt déi "Solarisatioun" vum Hannergrond,
wat ech nach net op Aneren vun do gesinn hunn.
BlackLizzard 28.08.2013 - 20:56
Also mir gefällt se.
jorsch 29.08.2013 - 12:38
Eng ganz flott Foto. Mäerchenhaft fannen ech och passend!
gloda 01.09.2013 - 23:21
Yeah! Ech fannen et flott dass d'Foto bal wéi en negativ wierkt, awer keen ass. Dat ass en Effekt deen ech esou nach ni gesinn hunn.
Johny 02.09.2013 - 17:27
Dat war zwar amfong net meng Absicht, hu se einfach als b/w verschafft.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 404 Gäscht online