Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Who Needs a Scanner?

 
Who Needs a Scanner?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.08.2013
  • Gekuckt:
    16640
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/8 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x525
  • Späicherplaz:
    242 KB
  • Originaldatum:
    2013:08:04 14:13:20
  • Fotoapparat:
    PENTAX K-7
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=74003]
Kommentar vum Fotograf:
Earls Court 1994
Ët geht hei nët ëmt d'Foto, sondern ëmt d'Technik:
Originalcamera Pentax LX mat SMC-P 2.0/35mm an Ilford HP5+
E schwierëge Negativ den ech nët zefriddestellend gescant kruut (Nikon Coolscan LS30, 1997 é vun den Topscanner).
De Negativ mat enger zätgeméisser DSLR offotograféiert, huet éen däitlecht bessert Resultat bruecht.
Conclusioun: eng modern DSRL ass dé bessere Scanner...
Falls Interesse besteht kann ech gelegentlech é klengen How-to-Do Tutorial schreiwen.
Ted_Lapidus 04.08.2013 - 16:12
Ech denken... Daat lait definitif net um scanner mee eischter un der scan software oder weis de soos um negativ! Well ech hun den 9000ed mat dem neitsten silverfast! Do kennt keen drun run!
Jaycee 04.08.2013 - 20:23
Bon de Coolscan 9000ED ass definitiv de beschte Filmscanner de jemols gebaut gin ass (vun esou Exoten wéi Hasselblad Flextight oofgesin). Den eenzegen den em kann d'Waasser réchen ass säi Klengbildformat Brudder 5000ED. Waat ech wollt soen: Mäin aalen LS-30 ass natiirlech nët méi state of the art, brauch sech allerdengs nët hannert all denen Bëllegscanner déi haut um Maart sin ze verstoppen. Vu Flachbettscanner scho guer nët ze schwätzen.Et ass nun emol esou, dass d'Resultater mat enger DSRL é Krack besser sin. Déi eenzeg Software déi um LS-30 ënnert Mac OS Moutain Lion leeft ass Vuescan.
luxiline 04.08.2013 - 16:14
ech unn och alt mol schonn een Dokument fotograféiert, wann ech net grad e Scanner oder e Photocopieur bei Hand hat. E bësse riichtzéien an Kontrast astellen, dann ass et sou gutt wéi eng S/W Copie!
Mee wéi hues du de Negativ da beliicht fir en ze fotograféieren?
Jaycee 04.08.2013 - 20:27
Ech benotzen e 50mm Macroobjektiv an éen uraalen Diakopéierer mat Filmhalter fiir Negativ oder Positivfilmsträifen. Als Beliichtung entweder en gläichméisseg ausgeliichten hellen Hannergrond (wäiss oder hellgro) oder é liicht bedeckten Himmel...
luxiline 05.08.2013 - 19:10
merci. Een tutorial géif mech schonn interesséieren. Ech hun den EPSON scanner E900 etc... fir och Dias an Negativer ze scannen - mee dat ass eng Aarbecht fir wann ech Pensioun hunn ...bigsmile ... ech hunn et nach net ausprobéiert!
Jaycee 06.08.2013 - 20:47
Epson Scanner E900... confused daat seet mer elo awer näischt... ech mengen et ass emol é Microtek Scanmaker E900 gin... enfin quoiqu'il en soit, och déi besser Flachbettscanner kënne ké (gudden) Filmscanner ersetzen a scho guer nët am Klengbildformat. Bei Mëttelformat sin déi besser (Epson V700/750 Pro) duerchaus ze gebrauchen awer trotzdem nach Kilometer ewëch vun engem Nikon Coolscan ED9000
luxiline 07.08.2013 - 16:20
eh, pardon, et ass den EPSON Perfection V600 Photo. Do war ech an de Wolleken closed_eye
Jaycee 07.08.2013 - 20:55
Kee Problem, kënnt an de beschte Familien vir...closed_eye
Maimonides 04.08.2013 - 21:51
Interessi besteet sëcher un engem "klengen How-to-do Tutorial".
Jaycee 06.08.2013 - 20:51
Alright Charles, ech klemme mech dann bei Gelegenheet dehannert, mais et fällt mer esou schwéier am Michel Rodange senger Sprooch ze schreiwen... closed_eye
Maimonides 06.08.2013 - 21:35
So et am Besten an där Sprooch, Jaycee,
déi's du am geleefigsten schreiws,

...léiwer awer net am Russischen.

closed_eye
Jaycee 07.08.2013 - 20:58
... oje, da léiwer op lëtonguesebuergesch... closed_eye, ausserdem gin kyrillesch Bustawen nët hei um Site... ob daat esou gewollt ass... sceptical?
MagicHokusbokus 28.08.2013 - 23:35
Moien Jaycee, wor mir schos kloer daat matt dem Dia/Filmhalter, awer den beschten KB-Scanner déi Zait wor den Kodak RFS 2035 plus (480.000 LUF) , einfach onschlobar: a 40 sekonnen en ca 40 MB fichier, hun déi aal digitaliséirungschaîne rem néi obgebaut an enner OS 9 un engem modernen Mac un d'Laafen bruecht, mir kennen jo en test-vergleich maachen mam LS30, géif mech perséinlech interesséieren! JC
Jaycee 29.08.2013 - 23:02
En Test géint den LS30 ass nët esou interessant, well dé verléiert den alle Coolscan. Ech hun och nët gemengt dass den LS30 demols de beschte Scanner wäit a breet war, sondern é vun de beschten Amateurscanner am KB. Haut ass daat de Coolscan 5000.
Ech wir méi un engem Verglach mat dengem Kodak RFS 2035 vs. de Negativ mat enger DSLR (de Préférence full frame) ooffotograféiert interesséiert...
MagicHokusbokus 29.08.2013 - 23:59
Gären. Anytime. Wann ech heihéem sinn... Iwwer PN alles weideres! Tks
Jaycee 02.09.2013 - 21:04
Ok, pourvu dass ech dann och doheem sin... closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 488 Gäscht online