Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Zwee Nachtreiheren beim S.X

 
All Fotoen an dëser Serie:
37564 Thumbnail
37565 Thumbnail
37566 Thumbnail
37567 Thumbnail
37568 Thumbnail
Zwee Nachtreiheren beim S.X
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.07.2013
  • Gekuckt:
    32943
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    31
  • Originaldatum:
    20.07.2013
  • Fotoapparat:
    Canon 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 600mm f/4 II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=73937]
Kommentar vum Fotograf:
Zwee Nachtréiheren bei der Kuppelung ... mir gefällt den Moment an d'Expressioun vun denen zwee, virun allem wéi dem Männchen dem Weibchen durno mam Schniewwel iwwert den Bauch fiert. (Hei woar ët lo knapp ginn mat denen 700kb dofir just eng Qulitéit vun 8 ... ajo ... an onbedengt drop klicken wëll dann ginn se méi grouss ;-))

Hei dann Owes wou se dann d'Ee leet:

Sou, hunn mäin Ee geluecht ...
gi87 31.07.2013 - 13:16
Excellent Schluck ! Do heuste de perfekten Moment Awescht ! Qualiteit vun de Biller ass Top an Kadragen sen och ganz gud gewielt. Am Groussen Ganzen eng Gelongen Serie !
Schluck 31.07.2013 - 17:18
Merci Gianni, du wees jo direkt vis-à-vis vun der Terrasse .. Wann's de lo dorowwer gees missten se nach am Gang sinn mat bréien.
gi87 31.07.2013 - 17:40
Ma sen ab den Dennsten do ennen, objiderfalls merci vir den Tip Schluck smile
Schluck 31.07.2013 - 22:55
Déi muss de matbrengen dass mer déi Serie kënnen weiderféieren closed_eye
gi87 31.07.2013 - 23:39
closed_eye
Abacab 31.07.2013 - 15:36
Immens fir esou eppes a fréier Natur kennen festzehalen!
Wonnerbar Biller!
Schluck 31.07.2013 - 17:16
Hmm jo .. du wees wat ech mengen .. fréi Natur ass diskutabel .. Fir mech ëischter "Beeinflusste Natur" closed_eye Merci Marc
Abacab 31.07.2013 - 17:32
Wat wichteg ass, dass se fräiwëlleg do sinn... wat bei engem Zoo oder Gehege net de Fall ass...
Dat Annert ... du wees wat ech mengen... wier natiirlech "nach" méi schéin!
Mee esou vill Congé hu mer leider net... a bis d'Pensioun dat dauert leider och nach e bësschenclosed_eye
Schluck 31.07.2013 - 17:41
Jo bon, wees de mech stéiert ët do dass ët nët hiert normalt verhaalen ass. Also ech kennen soss keng Platz wou's de kanns Réiheren vun der Terasse mat 600mm knippsen. Déi fléien normalerweis fort wann se dech gesinn an héi nët wëll se un d'Léit gewinnt sinn an ungefiddert ginn. Um Moment den ech héi festgehaalen un ännert dat zwar lo effektiv néicht. Ech sinn villeicht och ze streng mat mir selwer ...
Abacab 31.07.2013 - 17:43
Jo, et ass e bësschen esou ewéi an der Peep show bigsmile
gi87 31.07.2013 - 20:26
Wat wouer ass, vir dei Biller do mist en sech elo net deurch den Amazonas deurch kämpfen ! Mee wann een elo muss an den Tibet, Afrika, Antarktis feuren ewei en Vincent Munier, dann soen Esh ma et ass fotografie vir dei Reich, well just mat vill Geld an vill Fraizait kannste et Dir alaben dat ze man.. mengen do baste ze streng Schluck, biller sen Top, et wor keen Zoo, an dat zielt, well soulangste dei nt mat da Hand kanns heemlen, senet well Deieren...
BigVood 31.07.2013 - 16:38
Déi lescht ass immens léif...sou Momenter entschiedegen dann fir dat oft laangt Waarden an de wéie Réck.

P.S.
Merci fir den Tipp mam drop Klicken: datt ech dat réischt lo hei gewuer ginn, wann ech dat gewosst hätt...firwat seet da keen engem dat !?!
Abacab 31.07.2013 - 16:44
Schued hei fier de Site dass esou Fotoen erlabt sin eropgelueden ze gin. Wiesou réagéiert de Komitee do nit? unhappy unhappy unhappy
BigVood 31.07.2013 - 16:49
Ech mengen, ech hunn een Déjà Vu!
Schluck 31.07.2013 - 17:03
Hat den (TM) vergiess ... sorry closed_eye .. Dat héi woar moies ... Owes hunn se dunn d'Ee geluecht .. déi kënnt och nach
Scyv76 31.07.2013 - 17:21
Staark Serie, flott wann een esou eppes kann erliewen an virun allem ass et net alldeeglech ! Ech huelen dann un dass daat an der Camargue béi engem Séi ass smile...
Schluck 31.07.2013 - 17:26
Jo ass flott dat ze erlliewwen .. jo an der Camargue am Parc Ornithologique vum Pont de Gau
Scyv76 31.07.2013 - 18:12
Interessant, woor de site och elo kucken. Merci vir d'Info.
gemu 31.07.2013 - 17:26
Ganz grousse Kino Schluck mat happy end !
Schluck 31.07.2013 - 17:28
Merci Georges, Happy End .. nach nët grad .. lo kënnt jo nach d'Ee leen, d'bréien an dann eventuel nach déi kleng .. It's not the end, but only the beginning .. closed_eye
gemu 31.07.2013 - 17:33
dann eben happy end vum (1.) Akt closed_eye
Schluck 31.07.2013 - 17:36
LOL
TC 31.07.2013 - 17:35
Flott Série!
Schluck 31.07.2013 - 17:36
Merci Thierry smile
TC 31.07.2013 - 17:39
Kann een nëmmen staunen iwwert Qualität vum 600mm ouni Converter!
OK-Photography 31.07.2013 - 20:48
endlech mol eppes X-anecht hai! bigsmile bigsmile
sou mecht och dem Läschten nach Villercherkuken Spaass hihihi :P

Super Moment agefaangen, an immens kadréiert mat denen dennen Äscht, wierklech flott! smile
Schluck 31.07.2013 - 22:31
Wow, hues de een Unfall vu Toleranz tongue

Ass jo och eppes wat een nët all Dag gesäit .. hoffentlech zenséiert mer de Comité se lo nët wëll se zevill an Richtung Akt geet
OK-Photography 01.08.2013 - 00:10
tjah, och den läschten hiewt eben bei x-rated stuff den Kapp... :P
oder anecht: et ass effektiv eng Scene wei een se NET all Dag afenkt, wat fir mech duergeet een Kommentar ze hannerlossen - daat huet naischt mat Toleranz zedinn, wei aner Punkten aus der Geschicht mengermeenung no och net, mee just domat dass et mol enka keen Villschen (wann och där rarer een...) ass den einfach op engem Aascht/soss Liewensraum setzt...closed_eye

an d'Richtlinnen....sinn nun mol wat se sinn....dorun wärten mer net vill änneren kenen soulaang mer eng open Plattform bleiwen...
entretemps muss och ECH mir aner Siten sichen fir bestemmten Fotoen ze weisen, ass awer kp, dei get et wei Villerscher um Himmel hehe closed_eye

short: you're welcome smile
Schluck 01.08.2013 - 08:25
Du wees jo Oli, das ech nun eben mol am léiwsten Action hunn ... oder ob mannst eng Expressioun, ob dat lo bei Concert oder Natur ass.

Ech fannen och dass d'Richtlinen ok sinn, ech hunn zwar heinsdo een Nue léiwer wéi anner Saachen... Jiddereen huet nun mol seng egen Toleranzgrenzen.

Wat effektiv witzeg ass ass effektiv ëmmer déi Saach mat den Views .. souball irgendwou eng Diskussioun lass geet ginn ët masseg Klicks. Komm mer schloen eis mol ob d'Panz dann ginn ët der labber 500 bis den Owend ;-) bigsmile bigsmile bigsmile
jorsch 01.08.2013 - 11:01
Eng flott Serie; fir an den Nuetsprogramm.
Super!
Schluck 08.08.2013 - 15:17
Hehe .. merci gesoot jorsch closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 284 Gäscht online