Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lord of the Jungle

 
All Fotoen an dëser Serie:
36831 Thumbnail
36832 Thumbnail
36833 Thumbnail
36834 Thumbnail
36835 Thumbnail
Lord of the Jungle
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.06.2013
  • Gekuckt:
    27660
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
    2013:01:26 / 31
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Objektiv:
    Canon EF 100-400mm F4,5-5,6 L
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=73177]
Kommentar vum Fotograf:
....3 vun deenen léschten 3200 fréiliewenden Tiger déi et nach op der Welt gin...eng traurech Saach. Déi méecht dovunner liewen nach an Indien. Fotoen 1 an 2 wéisen en männlechen Léiw an sin am Panna national park an Indien fotograféiert gin. Fotoen 3 bis 5 sin am Kanha national park / Indien fotograféier gin. Foto 4 wéisst d'Mamm vun 2 baal ausgewuessenen Tigeren wouvunner een op der Foto 5 ze gesin ass. Et ass immens schwéier des Déieren virun d'Léns ze kréien daat duech déi dicht Vegegatioun déi am Dschungel ass (daat geséit een gudd op der Foto 3). Ech haat héi deels mat ISO-Werter vun 5.000 ze kämpfen daat well een zum Deel an d'Déischtert eran fotograféieren muss. Ech hoffen des Serie kann aawer gefaalen.
JohnJ 20.06.2013 - 07:55
Ahh do muss ech och nach hin
Flott gefallen mer gutt
Scyv76 20.06.2013 - 13:33
Merci John.
Jo, daat haat ech mir och gesoot, muss aawer soen dass vun der Qualitéit vun den Safarien waat Rangeren ubelaangt, Indien net un Afrika erun kennt. En plus ass et immens schwéier Déieren ze gesin duech déi dicht Vegetatioun.
jps 20.06.2013 - 10:04
Super wann een d'Chance huet des schéin Katzen virun d'Lëns ze kréien. D'Végétatioun stéiert nët, et ass richteg flott fir d'Tigeren an hirem natiirlechen Emfeld ze gesin.
Scyv76 20.06.2013 - 13:34
Villmools merci, an merci och vir den Fav. Ech fannen et en plus impressionant wann een déi drett Foto kuckt, wéi kleng den Tiger ass par rapport zum Bambus smile
Jacques 20.06.2013 - 17:06
Eng gelongen an schéin Serie.
Gefällt mer gudd.
Scyv76 20.06.2013 - 21:45
Villmools merci Jacques.
Conley 20.06.2013 - 18:31
Ech kann nëmmen Staunen eng Wonnerbar Serie, bei deene Bedingungen!! An dem Fotograf ass Pompel do bestëmmt schéin gaang. closed_eye
Et sinn herrlech Déieren. An leider wäerten an een pur Generatiounen keng wëll Tigeren méi do sinn. unhappy
Scyv76 20.06.2013 - 21:46
Villmools merci. Jo, d'Pompel ass richteg gaangen, do kriss de zidderech Fangeren bei deem Ubléck closed_eye Et ass effektiv tragesch wann een bedenkt dass se um Ausstierwen sin, daat well d'Flächen vun den Reservater eigentlech ze kleng sin.
Conley 21.06.2013 - 00:16
An do sinn mir (mir sinn jo réel gesinn och nëmmen Déieren mat een bëssen méi Gehir wat de gro vun de Leit awer net asetzt (leider)) drun schold.!! Ups hat hei nach eppes Vergiess. closed_eye
Scyv76 21.06.2013 - 08:21
Jo, jo leider ass daat wouer. Wann een och geséit waat vir een Bezuch vill Léit nach just zu der Natur hun ass et och net weider verwonnerlech dass et esou wéit komm ass... Merci och nach vir den Fav closed_eye
jorsch 20.06.2013 - 22:09
Wat eng Chance fir den Tiger an der fräier Natur kënnen ze begéinen!
Eng aussergewéinlech Dokumentatioun!
Scyv76 21.06.2013 - 08:22
Villmools merci. Jo et woor wiirklech immens chance daat stemmt, an virun allem och 2 mool en onvergiesslechen Moment.
Schluck 21.06.2013 - 08:33
Kann mer gutt virstellen dass der do den Adrenalin an d'Luucht gang ass. Immens fir sou ee scheint Déier an freier Natur ze gesinn .. kloer gefällt di do!
Scyv76 21.06.2013 - 13:11
Jo, do woor den Adrenalin vun 0 op 100 et woor wiirklech en fantastescht Erliewnis. Ech woor en plus esou nervös dass ech guer net méi drun geduecht haat den Télé op meng Vollformat drop ze maachen well den Tiger loung effektiv sou no dass den Cropfaktor-Verloscht egaal gewiecht wär. Daat wiir besser gewiecht an Punkto Bildrauschen bei ISO 5.000. Merci op alle Fall, an och vir den Fav.
gemu 21.06.2013 - 15:01
Wonnerbar Série, quelle chance fir daat live an fräier Natur kënnen ze erliewen
Scyv76 22.06.2013 - 14:17
Villmools merci Georges, jo daat woor sou wéi en Sechser am Lotto smile Adrenalin pur !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 412 Gäscht online