E flotte Kärel, Jeanny. Gutt datt e seng Buermaschinn just an Eechelen stécht!
( Villäicht hätt ech nach e bësse méi no erugecroppt an am Carré probéiert. )
Hei geng ech neischt um Cadrage änneren Jeanny, soss gët se zevill enk an déi Spëtzt vum Aascht rieds muss drop bleiwen.
Breng se awer emol mat an den Digest, emol kucken wat d'Kollegen derzou soën
Ech hätt probéiert am Carré: riets a lénks e bësse fort, uewen an ënnen net änneren. D'Blumm ënne riets an de Kiewerlek uewe lénks. Dat gëtt eng schéin Diagonal an den ofgebrachenen Aascht ganz riets muss ech net hunn .... awer dat ass alles nëmmen en Detail, d'Foto gefält esou oder esou!
Géif mech awer och interesséiere wat am Digest ( ? ) erauskënnt.
Salut Jorsch, den Aascht rieds kann evtl. ewech, mee wanns de lénks dru schneids da muss de och uewen schnéiden, soss stëmmen d'Proportiounen nët méi.
Dozou fällt mer e Sproch aus engem vun den éischten Foto Workshops den ech Ufank 70er Joren matgemach hun erëm an: "aus manchem 30x40cm Bild bleibt noch ein nettes 6x9cm Bildchen übrig, es pass besser in den Papierkorb".
Mee dat wëlle mer jo nët beim Jeanny sengen Biller
Den Digest ass en Fotosdiskussioun déi all éischten Donneschdeg am Mount bei Camera Lëttzebueg ass a wou all Member 3 Biller matbrenge kann.