Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

nëmmen Onkraut

 
All Fotoen an dëser Serie:
35923 Thumbnail
35924 Thumbnail
nëmmen Onkraut
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.04.2013
  • Gekuckt:
    10763
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
    2013-04-18
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 550D
  • Objektiv:
    Canon EFS 18-135mm
Kategorie: Natur »» Planzen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72049]
Kommentar vum Fotograf:
och d'Onkraut wisst elo wéi kloer roosen :-)
Gaga 26.04.2013 - 15:00
Salut icylady,
ech hoffen du bass net nemmen icy, mais och e bessen Standfest!

Ech probeieren lo seid 10min e Wee ze fannen der en Kommentar hei ze schreiwen deens de mer net iwel hells an och verstees waat ech mengen.

Dei 2 Fotoen do ... sou ouni iergend en Kommentar vun dier deen iergendwei erausheierenleisst dats de epes wolls probeieren oder weisen ... iergendepes waat deem ganzen Sënn mecht ...
Waat soll een dommader ufänken?

Wanns du daat esou selbstverständlech dohin setz an net wierklech sënnvoll kommenteiers, da gesait et fier mech aus wei wanns du dei super gengs fannen an voll hannert deene Fotoen geiffs stoen.

Nun, ech kennen daat selwer vun mir dat een am Ufank immens motiveiert as an vill Well weisen, experimenteieren etc etc ...
Mais ech geiff der hei rooden dech emol ze froen, ganz objektif, ob daat 2 schein Fotoen sin ? Geiffs du der dei Doheem an t'Stuff ophänken ? Ouni lo den Stil oder gout ze kucken ... einfach vum opteschen hier ...

Ech muss soen ech fannen daat do e bessen mei wei gewoot.
Falsl et elo eichter en Test wor fier gewessen teschnesch Sachen auszeprobeieren, da geng ech daat kloer derbai schreiwen.

Ech fannen et e bessen eng Zoumuddung ze verlaangen dat Leit der daat do kommenteieren sollen.

icylady 26.04.2013 - 15:37
mir huet deen Effet vun deem ondisziplinéierten Kraut vriun där rauher Mauer gefall, an mengen Aen huet daat eppes,
du hues Recht, des Foto'en wären wéi vill aaner niiii duerch den Filter komm, wann et deen nach géing ginn, ech wees datt ech mech schwéier dinn matt Technik, wahrscheinlech och mam Bildopbau asw., well ech meeschtens d'Foto'en aus dem Gefill raus maan,
et huet naischt matt stolz drop sinn ze dinn firwaat ech meng Foto'en well weisen, mee well daat waat ech gesinn mech iergendwéi beréiert huet an ech daat festhaalen wollt. An daat och den Kritère ass nodeem ech hei aaner Foto'en kucken, einfach ob se mech uschwetzen oder net.
Ech kann verstoen datt aal Huesen hei baal d'Nerven verléieren an souguer envisagéieren ze goen matt all deenen onqualifizéierten Foto'en hei. Ech kann iech awer berouegen mir kucken ons hei genuch gudd Foto'en un an wärten och iergendwann besser ginn.
Ech huelen dain Kommentär net schief op, ech hun schons besser Foto'en gemacht, an wärt besser oppassen waat ech an Zukunft weisen fir ze vermeiden datt et mam photogen sou biergof geet
smile sad
Gaga 26.04.2013 - 15:57
merci,
also du heus schon Recht dat verschiddener (ech zb) relativ streng sin. Mais ech selwer hun gemierkt dat daat bescht as, mat sech selwer streng ze sin.
1. kriss de net esou t'Flemm well negativ kritik kennt
2. mat der Zeit mierks de dat Qualiteit besser as wei Quantiteit (wei emmer, mais iergendwei muss de Mensch et bei all Thema erem nei leieren bigsmile )
3. Et as immens schweier engem bei esou enger Foto ze hellefen, well een am Fong denkt ... do hàss de vill kenne besser machen, mais et wier nie eng super Foto gin.

Wei gesoot, wanns de elo selwer net secher bass, an dann an 5 Sätz schreifs waat dier gefall huet, oder waats de wolls vun Gefill eriwer brengen, da kann een der och hei weiderhellefen. mais einfach ze schreiwen dat daat Onkraut as, waat jo all Blannen och gesait, mecht dem User (also an desem Fall mir) et schweier ze wessen waats de elo hei wells heieren.

PS: wanns de enenrt menger Foto op "äntweren" klicks, an mer dann schreifs, da kreien ech och eng Noricht dats de mer geäntwert hues op en Kommentar .... soss keintn et mol sin dat ech daat verpassen an du der sees, deen arroganten Arsch äntwert jo mol net. closed_eye

MbG
(wei flott wann et Leit gin mat deenen een och kriteg Diskuteieren kann)
icylady 27.04.2013 - 09:17
ech wärt mir daat zu Herz huelen matt dem Titel an dem Text, an do naischt ranbrengen vun deem waat een souwisou gesait.
Qualitéit, jo, mee dàrf fir mech net an Perfektionismus ausarten, daat hun ech beruflech (sou eng 30 Joer) hannert mer, an et liewt sech vill besser matt e bessen manner. Heescht net, datt ech net wärt probéieren besser Foto'en ze maan. Mee wann eng Foto fir mech kohärent ass matt deem waat ech gesinn resp. fillen, ass daat ok, ass se fir mech stemmeg.
Net arrogant, mee dach ganz vill selbstbewosst bigsmile déi armen nei Leit déi hei sou platt gemacht ginn dinn mir schons leed smile
Gaga 27.04.2013 - 15:41
ech an selbstbewosst ? wanns du weisst weivill Froen ech mier stellen bigsmile

Mais et as jo net dat mier epes geinnt Neier hun, mais mier wellen eben net zu engem Online Familienalbum hei ausarten. Een deen hei epes weisst soll sech bewosst sin dat mer hei ennert passionneierten Hobbiefotografen sin dei keng Loscht hun Katzen-Honds-an Babyfotoen ze gesin dei zwar en emozionalen Wert fier den Fotograf hun, mais Fototeschnesch egal waat sin.
Maimonides 26.04.2013 - 23:27
Du hues di 2 do geknipst, icylady,
well déi dir instinktiv gefall hun:
wéinst deem geometrischen Arrangement vun de Blieder.
Diagonal, vertikal an horizontal,
par rapport zum Hannergrond aus "Steen".

Dat do ass erem där Fotoën eng
wou et sich lount driwer ze schnëssen
wéi iwer d'Salz an der Zopp.
icylady 27.04.2013 - 08:57
merci Maimonides smile
du sees et, ech hun daat gesinn, an et huet mir gefall, also hun ech probéiert et festzehaalen.Déi verschidden Linnen hun ech wahrscheinlech éischter onbewosst opgeholl.
Ass mir net héichwerteg gelong. Trotzdem gefällt et mir, hätt mir awer sollten besser iwerlee'en wéi een Titel an wéi eng Aussoh ech dobai maan. Ech sinn oft (emmer nach) zevill impulsiv bigsmile
Maimonides 27.04.2013 - 15:08
Impulsiv, icylady,
ass ëmmer vill besser
wi konform langweilig !

Wann dann dat Graphischt
dech "accrochéiert" hätt,
dann probier di do mol
am Schwaarz/Wäissen...

...déi wärt dann
well bal
abstrakt ausgesin...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 371 Gäscht online