Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

E Paräisser um Sonndegmueren

E Paräisser um Sonndegmueren
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (17.04.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.04.2013
  • Gekuckt:
    15346
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    16.7 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    767x1024
  • Späicherplaz:
    364 KB
  • Originaldatum:
    2013:04:14 23:38:10
  • Fotoapparat:
    DMC-FZ38
  • Programm:
    Landscape
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71843]
Kommentar vum Fotograf:
Wéi fannt dir den High key fir dës Street Foto? Ech hu geduecht et géif deen extrem sonnege Mueren ënnersträichen.
Ech weess, ech hätt d'Autoe missen vermeiden, mee, dat ass zu Paräis net einfach, do muss een heiansdo laang waarden ;-)
Ted_Lapidus 15.04.2013 - 13:42
High-key?hmmm ech gesin een ausgefriessenen Himmel an een ausgefriessenen Buedem, vill groo tein, net vill kontrast... Alleng dovunner fannen ech se 'fuewleg' gesinn langweileg.
An zum sujet: Du hues elo selwer gesoot dass ett zu parais quasi onmeiglech ass keen auto drop zekreien... Ma dann loss en och op der foto an denkt net drun se net op d'photo zekreien! Zu parais geheit dach eben den verkeiers chaos... Genau daat spill vun kameidi,radau an autoen an verkeier an der teschend setzt een gemittlech an arouh seng zeitung zeliesen! Ca c'est Paris...
Perseinlech wier ech mei no drun gaangen an hätt mei aus Heftheischt geknipst...
luxiline 15.04.2013 - 21:54
wierklech merci fir dëseninteressante Kommentar. Do léieren ech wéinstens eppes. Ech hu vun Highkey geschwat, well all Werter rechts leien. Den Himmel ass komplett wäiss well ech riicht an d'Sonn fotograféiert hunn. Firwat net mol eemol e ganz hellen Himmel? Ech hu geduecht et wier genuch Kontrast dran mat de schwaarzen vertikalen Elementer.
Ted_Lapidus 15.04.2013 - 22:16
Iwer den high key kann een streiden do gin ett emmer 100 verschidden meenungen... Ech perseinlech kann domadder liewen...
Eng foto muss gefaalen och wann se technech eng katastroph ass... Well waat hues de dovunner wann se technech wei aus dem leierbuch ass , mat rules of thirds, perfekte kontrasten, super zechnung an den detailer, awer eigentlech total langweilech ass an keng ausso huet!
luxiline 16.04.2013 - 13:37
ok, et ass jo net sou dass ech besonnesch houfreg iwwer des Foto sin, et war awer interessant doriwwer ze diskutéieren. Lo wëllt ech se am léifsten erofhuelen, mee du hues der souvill Méi ginn mam Kommentar closed_eye
Ted_Lapidus 16.04.2013 - 14:08
Virwaat gesait een vun groussen photographen emmer just 50 bis 100 fotoen? Well se extrem kritech mat sech selwer gin sin an just hier alleraller beschten fotoen weisen! Een cartier-bresson huet bestemmt iwer 100000 fotoen gemaat, gesin huet een der just ee mini brochdeel! Winogrand d'selwecht...gedold ass ganz wichteg, mee daat hun vill Leit net mei...an och ee gesonden Oostand ze sengen eegenen Fotoen ass wichteg! Ett ass en heiernsdo euphorech iwer daat bild waat ee graad geschoss huet, well een sech vlait eppes mei getraut huet wei soss an dann well een daat bild am leiften jidderengem weisen! Dann gett een zerrappt well d'foto langweileg oder schlecht beliicht oder schlecht kadreiert ass an dann ass een enttäuscht! Also leiwer d'foto eng woch leien loosen an dann sech froen ass dei foto iwerhaapt eppes wert! Wann ech dann bei 100 fotoen keng fannen dei eppes wert ass, muss ech vlait eppes um mir änneren, meng technik meng kompositioun an sou weider...
luxiline 17.04.2013 - 00:46
ganz d'accord!
just, ech hu geduecht hei kënnt een och mol Fotoen eroplueden déi net sou gelonge sinn an kucken wéi eng Reactioune kommen, fir Ureegungen ze kréien.
Duerfir nach emol merci fir deng Kommentaren.
luxiline 17.04.2013 - 16:30
nei versioun wann et interesséiert closed_eye
Ted_Lapidus 17.04.2013 - 22:42
Nö.. Nix guut... unhappy sorry...
OK-Photography 17.04.2013 - 23:21
daat mat der Selektioun as effektiv een ZENTRALEN Punkt, een portfolio mecht just eppes hier wann een 90% vun der Energie an dAuswiel vun den Fotoen leet - den moment wou een ufenkt vum Thema oofzekommen mierkt een sou méi séier, an den Publikum jaitzt och direkt wann dQualiteit no ennen geet... closed_eye

Good point!!!
Zora 15.04.2013 - 20:11
hehe, den Herr hued vun der Sonn profitéiert, an mol gemidlech gelies!!
luxiline 15.04.2013 - 21:59
jo, dat fannen ech ëmmer sou flott zu Paräis. Déi Bänken stinn iwwerall a jiddereen setzt sech dohinn a mécht wat e grad Loscht huet. E Moment virdrun soutz nach en aneren Haer do, den anere Wee ... ass och eng witzeg Foto
OK-Photography 16.04.2013 - 11:57
hm, fir mech geet eng IWWERBELIICHTEN Foto net duer se als "Highkey Street" anzeklasseiren, den Ennerscheed as, dass den Highkey kontrolleiert beliicht as, Elementer kloer erfirstiechen, den Bildopbau minimalistech an präzis as.

Et geet net duer eng hell Foto aus der Heft ze knipsen. Fir mech as et leider nemmen een iwwerbelichtenen Schnappschoss ouni vill Wierkung. (meng Meenung) sry closed_eye


Wat een kiint besser maachen: du keins mam waissen Pinsel dFoto botzen, alles weschhuelen wat net gebraucht get, fir een proppert Resultat ze kreien waat een ANDROCK hannerleisst... closed_eye
luxiline 16.04.2013 - 13:39
du hues jo recht, et ass jiddefalls keng Foto déi een ëmmer rem wëll kucken, an ech wëllt se eigentlech am léifsten elo läschen. Merci awer dass du et der wert fonnt hues ee Kommentar ze schreiwen!
OK-Photography 16.04.2013 - 14:40
hmm...wollt der net den Gout drun verdiewen! tongue
mengen dat mam waissen Pinsel wier effektiv machbar...an een gudden Exercice sou...cool

Ech hun och Fotoen an der Gallerie dei ech LO léiwer läschen giff...as awer flott wann een no Jooren drop zrek kent an gesait dass een eppes baigeléiert huet...closed_eye


Dat mam Pinsel hunn ech well mam Low-Key gemaach:
Chiaroscuro

dat misst amfong och mat waiss machbar sinn...muss ech mol probeiren...
luxiline 17.04.2013 - 00:40
lo hunn ech iwwer eng Stonn mech hei ameséiert!
Also, net zevill serieux ze huelen, dat Resultat ass kee Meeschterwierk bigsmile
Op der Bänk steet 'Banc réservé a ' an dann lauter duerchgestrachen Nimm. Dat wär ee flotte Sujet gewiescht, eventuell, hat ech awer net gesinn.
OK-Photography 17.04.2013 - 23:26
hui - also ech gin dem Ted_Lapidus net ganz recht, "Nix gut" as se fir mech NET! se as bei WAITEM besser wei dei eischt!
du bas gudden Schratt vum Schnappschoss weschkomm, an een Schrett mei no bei eng Foto mat enger Iddi derhannert... smile

Se as besser kadreiert wei dei eischt (wou hues de daat Steck Bänk lenks opgedriwwen? firwat war daat net op der V.1. drop? :P) - allerdings kanns de der Scene lenks an uewen roueg nach mei Loft ginn (fannen ech)

An: et fehlt eng gudd Portioun Kontrast, dMotiv an engem Highkey muss rausstiechen, GRO geet net duer....closed_eye


Fir mech bas du der Saach op der Spuer - et mecht der awer emmer dSaach mei einfach wanns de dFoto vun Ufank un sou plangs, an duerno dann genau wees waats de welles hues...."Konzept" as wei emmer een Schlesselwuert closed_eye
luxiline 18.04.2013 - 00:20
merci, ech versichen dann nach eng 3. Versioun, mee wann ech déi hei eroplueden, verschwënnt déi 1., oder kann een méi wéi eng "al Foto" kucken?
Dat Stéck Bänk war net do closed_eye
OK-Photography 18.04.2013 - 00:29
du keins hechstens dei aal als Link derbai setzen? (op engem aneren Site)
oder die nai versioun als NAI Fotoroplueden an hai verlinken....mee dann hues de se direkt 2mol an der Galerie...closed_eye

hehe as awer schein ronn ginn, dei Bänk closed_eye
luxiline 18.04.2013 - 13:24
Hei ass lo mäi leschten essai! Duerno maachen ech mol rëm nei Fotoen closed_eye
Banc réservé
OK-Photography 18.04.2013 - 14:38
vir mech eng ganz gelongen Entwecklung vun enger Foto!! bigsmile
se huet un Opbau an Propretéit deraigewonnen, 2mol eng gudd Saach! closed_eye

Ech sinn gespaant wat dei nai sou vun Kommentaren kréien wärt!
Conley 18.04.2013 - 00:00
Fir wat läschen..si ass nach net perfekt mä weem seng Fotoen sinn dat dann schonn....et kann een ëmmer eppes fannen wat engem net gefält a.d.g. An bei denger Foto ass eng Diskussioun iwwert deng Foto entstanen...eng Konstruktiv Kritik. Wat well's de méi.. et kann een doduerch léieren an dat ass fir mech ganz wichteg. An net nëmmen du mä och jiddereen deen dat hei léist. Et geet jo hei eigentlech do dreem luxiline!!
luxiline 18.04.2013 - 00:18
merci! Jo, ech fannen dat och ganz interessant an ech loossen se drop.
micky-maus 18.04.2013 - 00:22
Wann ett hei een like-Button geif ginn geif ech deen drecken.
Ett sinn ganz genau dei heiten Diskusiounen dei ech hei vermessen ann sinn frou: Ett gin se nach!!!
Merci virrun allem luxiline waat Kritik zu Häerz hellt ann probeiert ze verstoen em waat ett bei der Foto geet, ann sech hellefen leisst. smile
luxiline 18.04.2013 - 13:23
Merci och fir däin Interessi!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 424 Gäscht online