Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

ganz sécher ...

 
ganz sécher ...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (06.04.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.04.2013
  • Gekuckt:
    27345
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    666x996
  • Späicherplaz:
    532 KB
  • Originaldatum:
    2013:04:06 11:42:50
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71661]
Kommentar vum Fotograf:
... net, nee nee nee !!!

mat geklauter Giraffe :P (ween se net kennt)
Jean-Jos 06.04.2013 - 12:25
bigsmile
Merci Ed, mäin Daag ass gerett smile
suraki 06.04.2013 - 21:58
Jean-Jos, ech soe merci smile
Aiello 06.04.2013 - 12:47
Jo dei ass richetg Cool gemach
suraki 06.04.2013 - 21:58
merci Fränk smile
Zora 06.04.2013 - 12:49
Super!!!
suraki 06.04.2013 - 21:59
Zora meng tre i"Louder" thx smile)
Zora 06.04.2013 - 22:13
bigsmile bigsmile bigsmile
Richie 06.04.2013 - 12:55
De Glanz.
suraki 06.04.2013 - 22:02
jo Richie, ... Cillit BANG! bigsmile
gunman 06.04.2013 - 13:16
Also wann ech emol een brauch fier mir am Photoshop eppes ze weisen, dann kommen ech bei dech !!
suraki 06.04.2013 - 22:04
Merci Du, .. .jo du kann kommen, awer an d'Bidde kenns de net !
hmmm .... ausser du déets en rosa Turu un, an ech därf knipsen bigsmile
hardae 06.04.2013 - 15:50
Genial, gefält mir gutt. smile
Hunn nach ni eng Giraff op engem Bam gesinn bigsmile bigsmile
suraki 06.04.2013 - 22:07
née ??? .... du pass net richteg op, op der Bunn hänken se och heiansdo op der Grayen bigsmile
merci gesot smile
Conley 06.04.2013 - 18:00
Eng waasserschei Giraff hunn ech och nach ni gesinn. bigsmile Eng flott Idee an Top ëmgesat!!
suraki 06.04.2013 - 22:09
u sech sinn se guer net waasserschei, ... se wëlle just net ageseeft ginn.

merci Conley
jorsch 06.04.2013 - 19:54
Flott! Surreales gefält mir ëmmer!
suraki 06.04.2013 - 22:11
wat heescht hei Surrealistesch, ... ech hunn et gesinn smile
merci Jorsch
gtaddei1 06.04.2013 - 22:25
Héhé...fantasie
suraki 07.04.2013 - 11:20
smile)
Schluck 07.04.2013 - 01:39
Lo hunn ech awer gestaunt .. sinn lo just vun Moof erëm an hunn geduet "Freck eng Giraffe souvill hues de dach lo net gedronk" genial !!
suraki 07.04.2013 - 11:21
et muss een eréischt bei rosa Elefanten oppassen Schluck bigsmile
Jeanny 07.04.2013 - 06:25
deng Fantasie geet mat dir duerch Edy,smile immens flott
suraki 07.04.2013 - 11:22
et deet awer Gottseidank nach net wéi Jeannybigsmile
Golfi 07.04.2013 - 09:24
Et deet mer Leed dass ech muss "deen Typ" sinn mee schreiw w.e.g eran dass dei Giraff net deng Kreatioun ass mee einfach aus dem Inet gezunn ginn ass.
Normalerweis hätt ech jo neischt gesoot mee vu que dass se elo jo schoguer als Foto vun der Woch proposeiert ass kennt et erwiwwer als weils du heemlech vun Wierk vun engem aaneren profiteiern.

Am Hinbleck vun allem waats du hei eropgelueden hues denken ech net dass et esou ass an dass de eigentlech en ganz feinen Kaerel bass en et en Messverständnis ass. Mee weg Eier deem deem Eier gebiert an d Quell dohinner schreiwen smile .
suraki 07.04.2013 - 12:02
ups, dat doten war awer elo béis .... ok, ech droen awer elo zur "Erklärung" zu menger Dot béi.

herno, kanns e mer den Auteur awer ganz gäre sichen
http://www.ipad-wallpapers.us/funny-giraffe-ipad-wallpaper/


Fir d'eicht emol esou niewebäi, déi déi mech kennen wëssen dat mer perséinlech absolut néicht un enger Wochefoto léit. Et gehait mech awer e bëssen, dats de mech fir esou domm häls, iwwerhaapt unzehuelen ech wëilt eppes vertuschen. Gleef mer, ...ech si net hei fir ze profitéieren oder mech ze profiléieren, zemools net mat aneren hire Saachen

d'Giraffe, kënnt wahrscheinlech all Mënsch hei, ass e Stackbild wat benotzt däerf ginn, a wou ech net emol wées wenn den Auteur ass (et ass wahrscheinlech net emol erauszekréien, ... du mëss dat jo elo awer fir mech) Dat awer nëmmen zum @ Eier deem deem Eier gebiert.


Fir et ganz kloer ze stellen ass den Hannergronn , d'Schréipsen, d'18honner an der Mauer asw ... zum Déel och net vu mer.
Ganz oft sinn a menge Biller, Himmelen, Hannergrënn an Objeten déi op Stackséiten "geléint" sinn, mat agebaut smile

Wann ech also eppes hätt wëllen verheemlechen, wär et mer net an de Sënn komm grad des bekannten Giraffe ze huelen, esou guer d'Bild, wëll et der honnerte mat Giraffen an der Bidde ginn ass net "originell".

ech hoffen dat dat ganzt elo e bëssen méi kloer eriwwerkënnt smile)

edit: hei fir deen den et interesséiert, nach e puer vu menge Quellen déi kee Geheimnis sinn.

http://browse.deviantart.com/resources/stockart/
http://mayang.com/textures/




Golfi 07.04.2013 - 13:55
Tiptop domat ass dann alles geklärt an ech huelen alles zereck closed_eye .

Du muss mech entschellegen ech sinn e bessi hypersensibel op esou Gechichten. Wann een hei op der Uni esou eng kommen leisst flitt een ganz schnell emool dowenst kruut ech agebleit dass et eng Doudsenn ass esou eppes ze maan smile .

Och wann dier net vill drun leit wenschen ech daer awer vill Erfolleg an dem Vote vun deser Woch. Et ass ejo mool en ganz aussergeweinlecht Motiv closed_eye .
suraki 07.04.2013 - 14:03
.... ech well dach net Gefor lafen all meng Titelen hei oferkannt ze kréien bigsmile bigsmile
Jacques 07.04.2013 - 09:50
Mär hätt se ouni d'Giraff nach besser gefall surakismile
suraki 07.04.2013 - 11:24
merci Jeaques , ech hunn eng hallef Dosen Versiounen mat Elefant asw smile)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 409 Gäscht online