Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Spréiwen

 
All Fotoen an dëser Serie:
35083 Thumbnail
35084 Thumbnail
35085 Thumbnail
35086 Thumbnail
35087 Thumbnail
Spréiwen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.03.2013
  • Gekuckt:
    18543
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    42
  • Originaldatum:
    13/03/2013
  • Fotoapparat:
    Nikon D4
  • Objektiv:
    Nikon 600mm
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71179]
Kommentar vum Fotograf:
E puer Spréiwen am Fréijoer.
Bei daer eischter ass duerch der Spréif hirem Otem ewéi se geruff huet d'Aan liicht verniwelt.
icylady 13.03.2013 - 15:00
eng wonnerschéin Serie,
daat Gefieder ass wirklech interessant fir ze fotographéieren,
ass dir gudd gelong smile
Abacab 13.03.2013 - 21:32
Merci icelady bigsmile
petz65 13.03.2013 - 16:39
Eng immens Serie Marc!
Abacab 13.03.2013 - 21:32
Merci Petz bigsmile
Zora 13.03.2013 - 16:56
Wonnerbar, dei lescht ass super, flott Serie!
Abacab 13.03.2013 - 21:33
Merci Zora, et ass zwar elo eng aner di Lescht ginn, hoffen se gefält awer closed_eye
MsJarryman 13.03.2013 - 17:37
Déi gefalen all. Super Serie.
Abacab 13.03.2013 - 21:34
Merci MsJarryman, dat freet mech bigsmile
Jeanny 13.03.2013 - 17:46
eng wonnerbar Serie
Abacab 13.03.2013 - 21:34
Merci Jeanny bigsmile
micky-maus 13.03.2013 - 17:49
Fier main Gout sinn ann der Lescht zevill Vullenfotoen hei op Pg. Deng Serie awer hiewt sech angenehm aus deenen villen hei eraus. Top Serie.
gi87 13.03.2013 - 20:16
Dat heecht da musse ma elo Vulle-Spamfilter anbauen ? An vir de ganzen Recht ?
micky-maus 13.03.2013 - 20:57
Ass mäer just opgefall daat ann der Lescht enorm vill Vullefotoen hei sinn, ann naischt vunn der Quali gesoot. Am geigendeel fannen ech ett imposant wann ech richteg gudd Fotoen wei dei heiten oder zb Deng lescht WF kann kucken.
micky-maus 13.03.2013 - 21:32
Bei deenen leschten 160 fotoen woeren ett 40 vullefotoen. Ass 1/4 vunn allen Fotoen. Doo kann ech awer soen daat ech daat fier main Gout bessi vill fannen, ann net direkt vunn Vulle-Spamfilter schwätzen, deen haaten mer wei mier nach Fotoen refuseiert kruuten.
gi87 13.03.2013 - 22:04
Jo, heus Recht, annecht gesin, giefen 40 Fotoen fehlen..
Hei muss en da Realiteit an D'Aen kuken, hei hun da Peur Ungefangen domader, an e grousst Interesse ass dun Opkom..
Kann en et kengem Verbidden, mee villeicht asset am Moment jo just e klengen Boom closed_eye
ZerberuZ 13.03.2013 - 22:26
http://www.youtube.com/watch?v=QXLqMB6vBic
bigsmile sorry kann elo net aanescht bigsmile
gi87 13.03.2013 - 22:29
bigsmile
Abacab 13.03.2013 - 21:12
Merci Fränk, dat freet mech ze héieren bigsmile
A punkto zevill Vullefotoen do ginn ech der vollkommen Recht!
Dat zielt awer net nëmmen fir Vullefotoen, mä am Allgemengen huet et menger Meenung no kee Wäert 100x de selwechten Vull, Int, Blumm, Auto, Sonnenënnergang asw... ze weisen.
Ech probéieren mer dofir och Méi ze ginn fir Fotoen ze weisen déi et an esou enger Form nach net hei um Site gi sinn, resp. sech soss vun aner Biller ënnerscheeden an iwwerleeën mer heiansdo 3 x ier ech eng Foto online setzen.

MbG
gunman 13.03.2013 - 18:59
Also ech fannen déi Photoen do wierklech SUPER, mais ech muss dem "micky-maus" awer e bessen Recht gin.
Daat heescht guer net, dass ech déi Photoen net gär gesinn, au contraire, sie sinn impressionnant, mais... et muss een awer soen, dass sie meeschtens mat engem 600 mm Tele (oder gréisser) gemacht gin sinn, an duerch déi Brennweit an déi héichwärteg Objektiver wierken se dann och dementsprechend.
Net jiddfereen kann sech esou en Objektiv leeschten, waat net heescht dass wann een esou en Objektiv huet een automatesch esou gutt Fotoen hinkritt wéi se hei presentéiert gin, dofier brauch een nach e puer aaner Saachen (Erfahrung-gutt Stativ-Ausdauer etc.) mais ech mengen et ass méi einfach mat esou engem Objektiv ze impressionnéieren wéi z.B. mat engem "normalen" 50 mm oder 35 mm.
Maimonides 13.03.2013 - 20:07
An denger Logik, gunman,
kéint ech grad esou gutt soën
dass mir zevill *Nët-Vullefotoën* fehlen.

A chacun ses millimètres !
gi87 13.03.2013 - 20:15
Deng Äntwert gefällt ma Maimonides, well dat ass hapsächlech de Problem, Eis Naturfreaks, dei liveren Kontuneierlech Qualitativ Biller, dei sech och am Endeffekt ofhiewen vun anner Sachen dei einfach Banal sen oder net ausgereitzt gin sen dasset eng gudd Foto gin ass ! Ech fannen et Flott wann Leit hierer Sach Trei bleiwen, well et sen da Vill dei Probeieren alles meigleges ze knippsen an Qualitativ an Kreativ gedet an Box, anstatt sech mol ob Een Sujet ze konzentreieren an dat ze Perfektioneieren !

micky-maus 13.03.2013 - 21:41
Ech wees net fiewat's Du Dech elo ugegraff fills. Fier main Gout ass ett flott alles am Beraich Fotografie auszeprobeieren ann daat hei ze weisen och wann se net super ginn ass . Wann se naischt gouf ass ett unn de Kollegen hei weider ze hellefen. Mier mecht ett opallefall Spaass alles auszeprobeieren (HDR, Natur, Technik etc) ann nett irgendwou hänken ze bleiwen ann daat ze perfektioneieren. Soll jo Spaass maachen. Main Respekt fier Dech daats Du Dain Thema fond hues ann am Gaang bass richteg gudd ze ginn an der Naturfotografie. Ech knipsen alles waat ech schein fannen ann konzentreieren mech doo drop ann perfektioneieren daat closed_eye
Abacab 13.03.2013 - 21:28
Merci gunman fir däi Kommentar bigsmile
Du sees et...wann een e Pierre Cardin's Bic huet, da kann een nach laang kee Bestseller schreiwen,

mat engem Top Tennisschléier gewënnt een och net direkt e Wimbledon closed_eye
An esou ass et och mat den Objektiver closed_eye

Mee du hues schonns Recht, gutt Handwierksgeschir ass schonn wichteg closed_eye
theom 13.03.2013 - 19:02
Ganz flott déi Serie,mir gefällt de och nach de rouegen Hannergron, do durech kritt d'Motiv mei wert.
Abacab 13.03.2013 - 21:37
Merci theom, hu mer och Méi ginn se an engem neutralen Hannergrond ze erwëschen, wat net ëmmer esou einfach ass closed_eye
apeace 13.03.2013 - 19:43
Wonnerschéin Faarwen hunn déi Spréiwen ! D'Fiederen sinn wierklech extrem schaarf! Muss e gudden Objektiv sinn!
Abacab 13.03.2013 - 21:40
Merci apeace, jo di Faarwen vun de Spréiwen hu mech och faszinéiert. closed_eye
Maimonides 13.03.2013 - 20:00
Di 1., Abacab,
gefällt mir am Besten,
ebe just wéinst dem Otem
...an deem richtig goldene Flilek.

Kuck och hei,

vum Abacab

Dreamcatcher
Abacab 13.03.2013 - 21:35
Merci Maimonides, di 1te ass och mäi Favorit, an dofir ass se elo erem op 1ter Plaatz bigsmile
gi87 13.03.2013 - 20:11
Hei gefällt ma 2,3, an 5 am bechten, opallefal gudd geschaft !
Abacab 13.03.2013 - 21:31
Merci Gianni bigsmile
di 1te ass mäi Favorit.
Dat war zevill schéin ewéi e gesongen huet an do deen weissen Hauch erauskomm ass.
Et ass just schued, dass een doduerch mengt d'Aan vir net scharf.
TC 14.03.2013 - 07:27
Super geroden deng Série vun den Spréiwen!
Abacab 14.03.2013 - 09:31
2 x MERCI Thierry bigsmile bigsmile
gemu 14.03.2013 - 07:48
Super Série Marc, fir mech di 1. an di 3.
Abacab 14.03.2013 - 09:32
Merci villmools Georges bigsmile
Schluck 14.03.2013 - 08:27
Herrlech Biller Marc, wéiweit woars de vun den Spréiwen eweg fir déi Fotoën ?
Abacab 14.03.2013 - 09:34
En decke Merci Schluck bigsmile
Eng 10 Meter awer gutt getarnt.... closed_eye
Schluck 14.03.2013 - 13:06
Hues de nach gekroppt oder ass dat Formatfëllend ?
Abacab 14.03.2013 - 13:37
Formatfëllend duerch d'Emstellung op DX-Format bei der D4. ->900mm
Schluck 14.03.2013 - 13:49
An dat mat sou enger deierer Lëns ... ech hat geduercht do kiens de labber vun 50m aus vum Comptoir aus machen.

Lo so awer nët bei dem déieren Matérial häss de selwer nach missen irgendeppes machen ausser den Knätonguepchen drécken devil
Abacab 14.03.2013 - 14:14
Hu mer elo iwwerluet fir mer e Montblanc's Bic ze kaafen, hu welles en Bestseller ze schreiwen bigsmile

Esou wäit ech wees fonktionnéiert dat mat deene 50 Meter vum Comptoir aus just mat deene wäissen Canonobjektiver closed_eye

JC1967 15.03.2013 - 08:41
Flott Serie Marc. Wei schein esou Spreiwen dach kennen sinn. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 298 Gäscht online