Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schnéi am Bësch

 
Schnéi am Bësch
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (24.02.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.02.2013
  • Gekuckt:
    18929
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/40 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1 EV
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    328 KB
  • Originaldatum:
    2013:02:24 17:51:08
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Digital Art »» Natur
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70827]
Kommentar vum Fotograf:
En Experiment: De Focus läit vir um Schnéi an den Hannergrond ass flou.
Ech wollt just d'Impressioun vum Schnéi deen am Bësch fält festhalen. Méi net. Mä geet dat duer?
Freeë mech iwwer Kritiken!

wuff 24.02.2013 - 18:11
Flott Iddi. Fir méch kéint den Bësch awer en Tick méi schaarf sin dass en awer en bessen erkennt em waat et geet.
jorsch 24.02.2013 - 21:19
Merci wuff.
Jo hei ass et schwéier ze wëssen, wou d'Grenz vun der Abstraktioun ass, hannert deeër d'Bild net méi "gelies" ka ginn.
Silex 24.02.2013 - 18:12
Ech bewonneren deng Kreativitéit! Fannen d'Resultat ganz gelongen.

Ech geng just de klenge Fleck Himmel uewen an der Mëtt ewechstempelen oder -schneiden. Deen lenkt zevill of.
jorsch 24.02.2013 - 21:24
Merci silex fir dat Kompliment.
Fantasie an Abstraktioun si jo gutt, mä d'Biller mussen ëmmer nach "verstane" ginn, an do ass et schwéier d'Grenzen ze spieren.
Sinn awer frou wann s du et gutt fënns!
Maimonides 24.02.2013 - 18:13
Fir mech, jorsch,
geet dat net duer
well hei de Schnéi
horizontal "fällt".

Deng Foto ass awer interessant
a gut gewisen.
Esou Saachen wi di do
sin net banal.
jorsch 24.02.2013 - 21:29
Merci Maimonides.

"Net banal" huelen ech dann emol prinzipiell als Luef op, besonnesch vun engem, deen och gären "hors des chemins battus" erëmrennt! smile

Maimonides 24.02.2013 - 22:00
Ronderëm ditzen, jorsch,
wat gëss de wat hues de,
...do si mir eis eens.
An éierlich bleiwen.

smile
Jacques 25.02.2013 - 07:20
Hei woars du awer schéin kreativ Jorschsmile
Déin Experiment gefällt mer ganz gudd!!
jorsch 25.02.2013 - 22:38
Si frou, wa se dir gefält, Jacques!
Experimenter musse sinn!
Schluck 25.02.2013 - 09:44
Sin mer nach ondécidéiert .. ass schon zimmlech abstrakt.. vun der kreativitéit hier cool
jorsch 25.02.2013 - 22:32
Merci Schluck!
Sinn am Fong och nach ondécidéiert.
Wollt einfach emol kucken , wat geschitt. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 521 Gäscht online