Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hal Flavin & No Shangsea

 
All Fotoen an dëser Serie:
34648 Thumbnail
34649 Thumbnail
34650 Thumbnail
34651 Thumbnail
34652 Thumbnail
Hal Flavin & No Shangsea
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.02.2013
  • Gekuckt:
    19838
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Originaldatum:
    16.02.2013
  • Fotoapparat:
    Canon 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70mm f/2.8 II
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70763]
Kommentar vum Fotograf:
Nach eng Serie vun ee Samsteg
MsJarryman 21.02.2013 - 22:21
Ass net mäi Genre, me sin immens gutt Fotoen. All Respekt.
Schluck 25.02.2013 - 11:07
Merci MsJarryman
Jeanny 22.02.2013 - 06:16
einfach herrlech Schluck
Schluck 25.02.2013 - 11:06
Merci Jeanny
Metalbambi 22.02.2013 - 20:16
Hues du mech gefrot ob s de déi Foto verëffentlechen dierfs? tongue
Déi läscht ass cool, gesäit richteg komesch aus sou mat nëmmen engem hallwen Kierper.
Bei der 2ter hues de eng flott Beliichtung mat deem rouden Spot am Hg.
Bei deenen 3 leschten hues de vill Rauschen am Hg, hu geduecht mat den décken Spillsaachen géif dat besser ginn?
Schluck 25.02.2013 - 11:06
Du bass jo nët direkt ze erkennen closed_eye Béi der 3. hät ch missen mat enger Mask noschärfen .. hat ech awer net gemach.
Jean-Jos 22.02.2013 - 23:28
1,2 a 4 gefale mir richtég gutt. Flott Serie Schluck.
Bei der 3. ass Metalbambi drop, ass also och gutt smile
Déi 5 ass cool awer do hues de zevill erausgeholl am Gesiicht, si rauscht ze staark, ech denken am groussen ass déi nët esou staark dodurech.
Schluck 25.02.2013 - 11:01
Merci JeanJos .. ech hunn beid der läschter eng Mask iwwert Gesiicht gesaat fir nët zevill Détail duerch d'Entrauschen ze verléieren .. déi misst ech nach eng kéier néi verschaffen .. am klengen woar dat net obgefall
wuff 23.02.2013 - 14:18
Déi 2. ass fir mech déi flottst aus der Serie well et net ausgesäit wéi op engem Concert mäes éischter wéi am Studio mat kontrolléierter Beliichtung.
Schluck 25.02.2013 - 10:58
Merci Wuff, ass och main Fav .. genau aus dem selweschten Grond .. d'Beliichtung ass ob daer immens flott
Johny 23.02.2013 - 21:56
Also du häss jo trotzdem gär Kritik, och wann een deng Fotoë scho genial fënnt smile
1: Hei stéiert definitiv fir lénks den Objet, si mer awer bewosst dass dat Saachen an sou Situatioune sinn déi een net kontrolléire kann. Ënnen riets ass - 5px héich iergendeppes roudes wat stéiert?

2: Top, bal näischt ze meckeren, ausser dass och hei riets (dës Kéier uewen) puer rout pixele sinn déi stéieren?

3: Hei fannen ech et net gutt dass d'Linn ënnen vun der Bühn sou no um Bor vun der foto ass, an awer ass se net parallel. Och uewen bei den Träger gesäit een dëst.

4: E bëssen zevill Schlagzeug am Wee fannen ech smile

5: Hei weess ech näischt ze meckeren, fannen dass uewen riets d'Kabelen an d'Këscht dra passen well se der Foto eng flott Déift ginn.

Alles an allem fannen ech d'Fotoen trotzdem top an dat meescht vun dem wat ech sot ass extrem pingeleg kommentéiert smile
Schluck 25.02.2013 - 10:57
Richteg Johny .. ech ginn der an ball allen Punkten recht ausser bei der 4. wëll dorunn kann ech näicht änneren.

Ech fänken un ee bëssen Noléisseg ze ginn déi Saach mat den rouden Punkten wier mer an der Zäit, wou héi d'Biller nach am Détail gekuckt ginn sinn nët firkomm. Ech wert lo dës Serie nët verbesseren mais ech fannen ët awer gudd dass de ee bëssen méi genau gekuckt hues.
Johny 25.02.2013 - 13:09
Ech weess natierlech dass de bei 4 näischt änneren kanns, ass ëmmer blöd sou Situatiounen smile

Dat mat de roude Flecken fällt hei halt vill op well et an Beräicher ass déi eng ganz aner Faarw hun an relativ glaichméisseg sinn. Se géife wuel net opfalen wann d'ganz Foto optesch méi nervös opgebaut wir closed_eye
Schluck 25.02.2013 - 13:20
Jo, mais lo wou's de ët sees .. gesinn ech se ganz gutt .. ass halt oft esou dass engem sou Détailer selwer nët obfaalen ..
Johny 25.02.2013 - 14:00
Jop, kennen ech smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 335 Gäscht online