Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Heartbeat Parade

 
All Fotoen an dëser Serie:
34643 Thumbnail
34644 Thumbnail
34645 Thumbnail
34646 Thumbnail
34647 Thumbnail
Heartbeat Parade
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.02.2013
  • Gekuckt:
    13911
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
    16.2.2013
  • Fotoapparat:
    Sony A700
  • Objektiv:
    Minolta 50mm f/1.4
Kategorie: Events »» Concerten  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70758]
Kommentar vum Fotograf:
Déi SW wäert wahrscheinlech kengem gefalen? :)
Cypress 21.02.2013 - 17:41
Ganz am Géijendeel: déi SW ass fir mech déi bescht aus der Série. Déi aaner gefale mir perséinlech guer nët. Fannen së och extrem onscharf (ausser dat wiër mäin Laptop) a verrauscht.

Mä zerëck zu der SW. Hmm...froën mech, wéi déi wuehl géif wiërken, wann een déi géif a 4 verschidde Fotoen matt je engem verschiddenem Faarwtoun dublizéieren...esou à la Warhol. Wees Dë, waat ech mengen? smile

Metalbambi 22.02.2013 - 13:24
Hmm, mat Rauschen an der Schäerft fannen ech zwar lo komesch. Rauschen (iwwerméisseg) gesinn ech eigentlech just an der SW an am Hg vun 5, Schäerft ass eigentlech ausser bei der 4ter iwwerall wou se soll sinn, bei mengen TIFFen mol op mannst.

Weess wat s de mat der Serie do mengs, weess awer nach net op mer sou eppes gefalen soll... XD Ech probéieren et mol eng Kéier an lueden se rop wann et eppes gëtt.
Cypress 16.03.2013 - 14:40
Salut,

also wéi gesoot, et kann och u mengem Laptop hänken. Mä z.B. bei deeër éischter schéint mir d'Schärft um Hoërusaatz vum Musiker ze sinn, an nët um Gesicht. A bei deeër zweeter bei de Knätonguepecher vum ëneschten Deel vun der Guitar (?)

Rauschen bei deenen 2 gesinn ech all Kéiers am iëweschten bloën "Firmament", wenn ech drop klicken...
wuff 21.02.2013 - 17:57
Déi SW ass fir mech och déi bescht aus der Serie. Bei deenen zwou éischten ass den Museker fir mech ze vill um Rand oder ugeschnidden. Op der läschte ass et flott wéi d'Luucht op den Drumset fält et gesäit een den Museker awer net genuch.
Metalbambi 22.02.2013 - 13:27
Bei der 1ter ass en effektiv en bëssen vill um Rand, huet mer awer vum Rescht hier gutt gefall. Hunn der nach vum Drummer, do gesäit een méi vum Kapp, mee manner Actioun, weess net wat besser ass.
Maimonides 21.02.2013 - 20:28
Di S/W ass voller Dynamik, Metalbambi,
an huet mech direkt un dat hei erënnert:

http://www.youtube.com/watch?v=-_icctfc9Kw
Metalbambi 22.02.2013 - 13:29
Ech hunn beim Bassist deen ganzen Zäiten un déi al gutt Zäiten mussen denken... smile
Schluck 21.02.2013 - 22:03
Déi SW fannen ech och super .. den Kadrage bei denen zwou eischten fannen ech och net gutt .. 4 ass och cool an 5 flott Luucht mais ët erkennt een den Drummer net
Metalbambi 22.02.2013 - 13:28
cf. Wuff smile
Metalbambi 22.02.2013 - 13:35
Ech hunn u sech probéiert en bëssen aner Vue ze fannen wéi déi klassesch statesch Hollywood-Frontshots. Hunn däer zwar och gemaach an jo puer an der Serie dran, mee ech fannen dat déi mëttlerweil iwwerproduzéiert sinn. Gesäit een no all Concert an wann keng extra cool Beliichtung dran ass rappen déi keen (mech mol) méi vum Hocker. Sinn zwar nach ëmmer flott, mee awer iergendwéi ëmmer dat selwecht.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 501 Gäscht online